Search

You may also like

Den Oktober gëtt Rosa – Lafe géint Broschtkriibs
Geek Kultur Neiegkeeten

Den Oktober gëtt Rosa – Lafe géint Broschtkriibs

Am Kader vum rosa Oktober, internationale Mount vum Broschtkriibs, proposéiert

Summerschool 2020: Didaktescht Material zur Nohëllef
Geek Kultur Neiegkeeten

Summerschool 2020: Didaktescht Material zur Nohëllef

Säit dem 24. August proposéiert d’Plattform schouldoheem.lu ënnert dem Numm

Eppes méi Respekt a besser Aarbechtskonditiounen
Geek Kultur Neiegkeeten

Eppes méi Respekt a besser Aarbechtskonditiounen

A sengem Communiqué huet den OGBL nach emol op den

geek

Geek Foire: Den 30. Mee 2021 an de Rotondes

D'Freed un der Popkultur vun den 80er an 90er Joren

Geek Foire: Den 30. Mee 2021 an de Rotondes

Den 30. Mee fënnt déi éischte Geek Foire zu Lëtzebuerg statt. Dës Zäitrees an d’80er an 90er Jore kënnt Dir an de Rotondes maachen. Et ass net nëmmen een Event fir Spillfans (Video- oder Gesellschaftsspill), och Musek- a Filmbegeeschterter kommen op hir Käschten.

D’Foire dauert nëmmen een Dag, profitéiert also dovunner an d’Vergaangenheet ze reesen. A wien weess, villäicht fannt Dir och e flotte Souvenir – En ale Film oder e Spill mat deem Erënnerunge verbonne ginn. Wat huet d’Mënschen an den 80er an 90er Jore begeeschtert? Et ass bestëmmt op der Foire ze fannen.

D’Rotondes hunn dëst Evenement zesumme mam bekannte Buttek Le Réservoir organiséiert. Dësen ass zanter dem Joer 2006 an der Stad ze fannen an hëlt reegelméisseg u Foiren a Conventions deel. D’Geek Foire ze organiséieren ass scho laang eng Iddi vu sengem Besëtzer, dem Christophe Ayroles.

Et ass eng eenzegaarteg Foire – LGX zitt éischter eSport-Fans an d’Luxcon konzentréiert sech zemools op Science-Fiction. „Mir denken zum Beispill, datt ee Geek een ass, deen nëmmen u Videospiller denkt, ma dat ass awer falsch“, erkläert de Christophe.

E Geek ass nämlech un allem interesséiert: Video- a Gesellschaftsspiller, Filmer, Mangaen, Animatiounen a villes méi. „Mir hale bei kenger Leidenschaft op!“

Geek Foire

Dragon Ball, Super Mario, Risk, Magic, Zurück in die Zukunft – bei gutt 20 Stänn wäerten dës Themen drënner sinn. D’Foire ass net nëmme fir an Erënnerungen ze tauchen, Jonk kënne vill Ënnerschiddleches entdecken. Kaartesammlunge kënne vervollstännegt ginn a souguer an ale Gameboy ka reparéiert ginn.

Ënnert den néidege Sécherheetsmoossnamen, a vun 10 bis 18 Auer, kann een an dëst Paradäis voller Iwwerraschunge goen. D’Entrée ass fräi.

Weider Informatioune fannt Dir hei op www.rotondes.lu.

Related topics Animatioun, Christophe Ayroles, Film, Geek Foire, Kaartespiller, Le Réservoir, Manga, Rotondes, Videospiller
Next post Previous post