Search

You may also like

IDEA an d‘Logementskris: „et ass fir sech d‘Hoer auszeräissen“
Kultur Neiegkeeten

IDEA an d‘Logementskris: „et ass fir sech d‘Hoer auszeräissen“

Déi lénk huet sech mat enger Etüd vun der Denkfabrick

Giel Gileten Akt XXII: Roueg zu Paräis, Gewalttäteg zu Toulouse
Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXII: Roueg zu Paräis, Gewalttäteg zu Toulouse

Fir den 22. Samschdeg a folleg huet de Mouvement vun

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?

Haut ass de Weltwaasserdag, an déi gesamt Weltgemeinschaft ass sech

„Geenzefest“ 2021 gëtt ofgesot

„Geenzefest“ 2021 gëtt ofgesot

Doduerch, dass d’Coronaviruspandemie weider unhält, hunn d’Organisateure vum Weeltzer «Geenzefest» decidéiert, fir dëst Volleksfest, wat fir de 24. Mee 2021 geplangt war, net ofzehalen.

D’Geenzefest, dat traditionell um Päischtméinden organiséiert gëtt, war wéinst der Covid19-Kris dat läscht Joer fir d’éischt an de September verluecht ginn, huet spéider awer och missen annuléiert ginn.

Well déi sanitär Kris weider undauert, gesinn d’Organisateuren sech an der Verantwortung, fir dëst grousst Fest och an dësem Joer net ofzehalen. Déi lescht Editiounen hate fir gewéinlech dausende vu Spectateuren ugezunn.

D’Organisateuren hoffen, dass am Joer 2022 een neien Ulaf ka geholl ginn, fir dës Weeltzer Traditioun weider ze féieren.

Matgedeelt vun: Syndicat d’Initiative Wooltz, Gemeng Wooltz an Amis de le Féerie du Genêt asbl

Illustratioun: © Sugar Bee / unsplash

Related topics Annulatioun, Geenzefest, Gënzefest, Wolz
Next post Previous post