Search

You may also like

Bare Brewing „Kordaller“ – En Hommage fir d‘Regioun
Neiegkeeten

Bare Brewing „Kordaller“ – En Hommage fir d‘Regioun

Eigentlech ass scho mat der Opschrëft „En Hommage un dës

money
Déi nei Seidestrooss fänkt zu Beetebuerg un
Neiegkeeten

Déi nei Seidestrooss fänkt zu Beetebuerg un

Et ass eng Première an d‘Freed huet een dem Direkter

Vëlosummer 2021: Mat 12 Circuiten an der neier Tourismus-App
Neiegkeeten

Vëlosummer 2021: Mat 12 Circuiten an der neier Tourismus-App

Nom grousse Succès vun der éischter Editioun ass haut de

Geet d’Wandkraaft op Käschte vun der Natur?

Geet d’Wandkraaft op Käschte vun der Natur?

No enger Meldung vun natur & ëmwelt Asbl huet een um Mëttwoch, den 22. Mee 2019 nees d’Iwwerreschter vun engem Roude Milan (Milvus milvus) nieft engem Wandrad vum Wandpark Weiler fonnt.

A Mëtteleuropa gehéiert de Roude Schéierschwanz – wéi en och nach genannt gëtt – zu de wichtegste Vullenaarten, déi bréien. Ongeféier 15.000 Koppelen, wat 70% vum weltwäite Bestand u Roude Milanen entsprécht, bréien hei. A genau doduerch hunn Däitschland, Lëtzebuerg, Frankräich an d’Belsch eng speziell Verantwortung fir den Erhalt vun dëser Aart an Europa.

An der Gemeng Wëntger ass d’Dicht vum Roude Milan, am Verglach zum Rescht vum Land, besonnesch héich. Geet een der Centrale Ornithologique no, bréien op enger Fläch vun 113,4 km² ronn 10 bis 13 Koppelen. An dëser Géigend ginn et awer och vill Wandrieder am Wandpark Weiler, wou een eben um 22. Mee d’Iwwerreschter vun engem Roude Schéierschwanz fonnt huet.

Natur

Opnamen vum doudege Roude Milan © natur&ëmwelt Asbl

Ronn 10 Meter nieft dem Fouss vum Wandrad hu Mataarbechter vun natur&ëmwelt dat doudegt Déier fonnt. Kuckt ee sech d’Blessuren un an déi geréng Distanz zum Wandrad ass unzehuelen, datt d’Déier vun de Rotorblieder duerchtrennt ginn ass. Dës Meldung ass keen Eenzelfall, wëll och schonn am leschte Joer sinn op dëser Plaz Iwwerreschter vun engem Roude Milan fonnt ginn.

Op naturschutzfachlech kritesche Plazen, wéi beispillsweis do wou de Roude Milan, de Schwaarze Storch oder och den Uhu bréit, dierfe Wandkraaftrieder net accordéiert ginn. No diversen Etüden ass et kaum méiglech, d’Anlag esou ze gestalten (Héicht, Distanz zueneen,…) datt keng Gefor vun hinnen ausgeet. Sollte sech wandkraaftsensibel Aarten nom Bau vun esou enger Anlag op dëser Plaz néier loossen, esou mussen d’Wandrieder wärend dem Bréien (Mëtt Mäerz bis Mëtt August) ofgeschalt ginn.

Natur

De Roude Milan © natur&ëmwelt Asbl

Beim Déier, wat ee fonnt huet, handelt et sech héchstwahrscheinlech ëm een Elterendeel vun engem no geleeënen Nascht. Dem aneren Elterendeel wäert et kaum méiglech sinn, déi jonk Villercher eleng duerch ze fidderen, sou datt et leider net nëmme bei engem doudege Roude Milan bleiwe wäert. Esou laang, wéi d’Wandrieder zu Weiler virun dréien, bleift och eng aner Koppel, déi sech bei engem Wandrad ugesidelt huet, a Gefor.

D’Asbl fuerdert dofir déi direkt Ofschaltung vun der Anlag vu Mëtt Mäerz bis Mëtt August. Laut der Rouder Lëscht vun de bréiende Villercher zu Lëtzebuerg gehéiert de Roude Milan zu de gefährdeten Aarten. Et gëllt, datt de Klimaschutz net op d’Käschte vum Naturschutz geet, wouduerch léisungsorientéiert Moossname gefuerdert ginn.

Related topics Milvus milvus, natur&ëmwelt, Roude Milan, Roude Schéierschwanz, Wandpark Weiler
Next post Previous post