Search

You may also like

Portugisesch Sozialversécherung huet Revendicatioune vum OGBL Rechnung gedroen
International Neiegkeeten

Portugisesch Sozialversécherung huet Revendicatioune vum OGBL Rechnung gedroen

Den OGBL vun der portugisescher Regierung d‘Zouso erhalen, datt nees

money
D‘Indextranche gëtt den 1. Januar 2020 fälleg
International Neiegkeeten

D‘Indextranche gëtt den 1. Januar 2020 fälleg

De STATEC hatt en Enn November am sengem Bulletin „Konjunktur-Flash“

Cactus-Direktioun léisst seng Leit net méi Sonndes schaffen
International Neiegkeeten

Cactus-Direktioun léisst seng Leit net méi Sonndes schaffen

Wann d‘Cactus-Direktioun sech a Punkto Kollektivvertrag ganz schlecht beholl huet,

Gefaangen op der Insel

Wéinst der brittescher Covid19-Mutatioun haten d‘Fransousen d‘Verbindunge gekappt, elo huet et eng Eenegung tëscht London a Paräis ginn

Gefaangen op der Insel

Nodeems d‘Fransousen, alertéiert duerch dee vum Boris Johnson fir London a grouss Deeler vu Südengland verhaangene Lockdown, wéi och der Ausso vum Gesondheetsminister Mat Hancock erkläerte Kontrollverloscht, sämtlech Verbindungen zur Insel ofgebrach haten, waren op en neits dausende Leit béidersäits dem Kanal „hänke“ bliwwen. Se schéngen eng Léisung fonnt ze hunn.

Britten, Mënsche mat engem Wunnsëtz an der Europäescher Unioun an EU-Bierger, dierfen ab elo nees vun der Insel a Richtung Frankräich reesen. Dat huet esou de Büro vum Premierminister um Dënschdeg matgedeelt. Ee puer Konditioune gëtt et allerdéngs schonn: et brauch een en negative Covid19-Test, dësen dierf maximal 72 Stonnen al sinn a muss och déi nei Variant noweise kënnen.

Schonn am fréien Nomëtteg, hat de britteschen Transportminister Grant Shapps annoncéiert, sech mat der franséischer Regierung concertéiert ze hunn. Vun dëser Covid19-Grenzschléissung ware schliisslech net nëmmen d‘Touristen oder Geschäftsreesende betraff. Och déi beschäftegt aus dem Logistik-Secteur (Besonnesch d‘Camionschaufferen) hat d‘Grenzschléissung eppes kal erwëscht.

Elo hu se dann ee Wee fonnt, fir Massentester un de Camionschaufferen duerchzeféieren an esou de Wuereverkéier nees opzehuelen. Et geet hei ëm wesentlech méi de renge Konsum. Groussbritannien ass jo awer eppes op den Import vu Liewensmëttel ugewisen, a wann sech net séier eng Léisung fonnt hätt, wieren d‘Regaler an den Uebst a Geméis Rayonen no Chrëschtdag zimmlech eidel ginn.

Nach net vun der Famill verstouss

Natierlech hunn net nëmmen d‘Fransousen de „Verkéier“ mat der Insel agestallt, och d‘Hollänner an d‘Belsch haten dem Matt Hancock seng Panikattack ganz eescht geholl, an eis Regierung huet d‘Luxair missen uweisen seng Flich anzestellen. Bréissel war „not amused“ well een net méi wollt hunn, datt et zu unilateralen Decisioune kënnt, mee d‘Länner sech op eng gemeinsam Linn eenegen.

An nach gehéieren d‘Britte jo iergendwéi zur europäescher Famill, zumindest nach bei aner Woch Donneschdeg. Dofir huet d‘EU-Kommissioun, déi jo och behaapt et wier nach ëmmer méiglech en Accord zu de Post-Brexit Bezéiungen ze fannen, sech agemëscht a gefuerdert d‘Grenzschléissungen opzehiewen. Dat och dann, wann et aus Grënn vun der sanitärer Sécherheet, eppes ustrengend gëtt.

Den Eurostar verbënnt dann och nees London mat Bréissel (esou d‘Annonce op der Websäit vum Operateur), datt allerdéngs ënnert erschwéierte Bedéngungen. Entgéint de Fransousen, dierfen hei nëmme Belsch Bierger (et géif ganz wéineg Ausnamen) reesen. Eurostar deelt och mat, datt een dann och net vu Bréissel aus dierf weider reesen. Och heifir mussen d‘Passagéier en Test noweisen.

Insel

Ob d‘Luxair elo nees säi regulär Fluchplang ophëlt léist sech leider op hirem Internetsite feststellen a gëschter Owend wollt keen sech zu de franséischen a belschen Decisiounen äusseren. Offiziell géif een op d‘gréng Luucht vun der Regierung, respektiv dem Transportminister François Bausch waarden. Et ass awer dovunner auszegoen, datt Lëtzebuerg sech sengen Nopere wäert uschléissen…

mat indymedia/bru/lon/par

Foto (TV-Capture): Wien als Camionschauffer eppes Chance hat, konnt eng Parkplaz op engem vun den zum Parking ëmgebaute Fluchhäfen ergatteren. Hei war zumindest séchergestallt, datt et eppes z‘iessen a sanitär Anlagen huet.

Related topics Covid19, Groussbritannien, London, Mutatioun, Paräis, VUI20201201
Next post Previous post