Search

You may also like

25. Editioun vun Streeta(rt)nimation – mat 100 Spektakelen
International Neiegkeeten

25. Editioun vun Streeta(rt)nimation – mat 100 Spektakelen

e Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg (VDL)

surprise
Cloverfield kritt en neie Film spendéiert an du muss net laang drop waarden!
International Neiegkeeten

Cloverfield kritt en neie Film spendéiert an du muss net laang drop waarden!

Beim Superbowl ginn et ëmmer déi neisten Traileren ze bewonneren.

Wäilies op der Musel: Vinsmoselle mat neiem Rekord
International Neiegkeeten

Wäilies op der Musel: Vinsmoselle mat neiem Rekord

Wéi de Landwirtschaftsminister sech leschten Dënschdeg op d‘Musel beginn huet,

Gefaangenenaustausch bréngt Hoffnung

Russland an d‘Ukrain gesinn eng positiv Entwécklung am Konflikt dee béid Natiounen trennt

Gefaangenenaustausch bréngt Hoffnung

Mam Tausch vu Gefaangenen ass ee wichtege Schratt gemaach ginn, deen nees Aussicht op en Enn vum Krich am Donbass bitt. 35 Prisonéier si béidersäits ausgetosch ginn. Den neien ukrainesche President Wolodymyr Selenski, an de President vun der russescher Federatioun, Vladimir Putin gesinn dëse Geste als eng éischt Etapp a Richtung Fridden.

Scho fënnef Joer hält sech de Konflikt tëscht der Ukrain an der russescher Federatioun, dee mat der Annexioun vun der Krim ugefaangen a mat engem richtege Krich am Donbass – wou sech déi vu Kiew agesate Regierungstruppe mat de vu Moskau ënnerstëtzte Separatiste géinteniwwer stinn – weidergefouert gëtt. Mam Gefaangenenaustausch gëtt et elo nees Hoffnung op Friddensgespréicher.

GefaangenenaustauschEt ass ee „Geste“ dee fir d‘Weltgemeinschaft gemënzt ass, an aktuell éischter Symbolcharakter huet wéi datt een iwwert eng Normaliséierung vun de Bezéiunge schwätze kéint. An awer huet d‘Bild vun den zäitgläich zu Moskau a Kiew ukommende Fliger, mat de jeeweils 35 Prisonéier u Bord, ee wichtege Message enthalen. Déi ukrainesch a russesch Féierung wiere gewëllt de Sträit bäizeleeën.

Net nëmmen Zaldoten

Bei dësem „éischten“ Austausch sinn eng Partie „prominent Prisonéier“ an och déi 24 ukrainesch Matrousen – déi am November 2018 an der Strooss vu Kertch gefaange gemaach goufen – vun de Russe fräi komm. Zu de Prominente gehéieren de Journalist Roman Suschtschenko an de Regisseur Oleg Sentsov. Wien déi restlech néng Gefaangener waren ass net matgedeelt ginn.

GefaangenenaustauschOch iwwert déi vun der Ukrain fräigeloosse Gefaangener ass wéineg bekannt. Geséchert ass awer datt de Kyrill Wyschinski, Chef vun der Noriichtenagence „Ria Nowosti“ zu Kiew, mat derbäi war. Hie war 2018 wéinst „Verrot“ vu den ukraineschen Autoritéite verhaft an agespaart ginn.

Fir de Selenski en éischte wichtege politeschen Erfolleg. Hien hat Enn Juli d‘Verhandlunge mat de Russen engagéiert. E Schratt dee vum Vladimir Putin begréisst gi war an als „grousse Schratt a Richtung Normaliséierung“ bezeechent gouf. Elo kann een nëmmen nach hoffen, datt och de sougenannte „Minsker Friddensprozess“ nees opgeholl gëtt. Deen huet zanter 2015 op Äis geleeën.

mat indymedia/mow

Foto: Ënnert de Gefaangenen déi Moskau fräi ginn huet, ass och den ukrainesche Regisseur Oleg Sentsov, dee vu Russland zu 20 Joer Prisong veruerteelt gi war, wëll hien op der Krim sollt Uschléi geplangt hunn. © Kenneth Roth/HRW

Related topics Donbass, Gefaangenenaustausch, Krim, Russland, Ukrain, Vladimir Putin, Wolodymyr Selenski
Next post Previous post