Spongebob, Mickey Maus an Adolf Hitler: Si all si geimpft, oder?

Wärend den een Deel vun der Bevëlkerung e valabelen Impfzertifikat bei sech an och den Impfstoff a sech dréit, loossen anerer sech einfach de sanitäre Pass vum Kolleeg eriwwer schécken, oder se notze schlëmmste Falls souguer e gefälschte QR-Code. Kontrolléiert gëtt schliisslech an de wéinegste Fäll.

Et sinn Zeechentrickfigure wéi d’Mickey Maus oder de Spongebob, jo souguer den Adolf Hitler, vun deenen en Impfpass am Ëmlaf ass, dee beim Scannen zu Lëtzebuerg sou wéi an aneren europäesche Länner als gülteg ugewise gëtt. Just seele gëtt eng Carte d’Identité zur Kontroll vum digitalen Dokument gefrot, a genee dat notzen esou munch Leit zu hirem Virdeel.

gefälschten Impfzertifikater
(CC BY 2.0)

Ma, op eisen Test hin – dat op 3 Plazen um Stater Chrëschtmaart – gouf dem ehemolegen nationalsozialisteschen Diktator säi sanitäre Pass ouni Diskussioun akzeptéiert. Och nodeems d’Persounen, déi de CovidCheck duerchgefouert hunn, emol drop higewise gi sinn sech den Numm um Zertifikat méi genee unzekucken, war et hinnen zimmlech egal. Wat zielt wier, datt de Bildschierm gréng blénkt.

(Klengen Disclaimer: Dëst soll keng Ureegung sinn, sech mat gefälschten Dokumenter den Accès zu engem Evenement ze verschafen.)

Et geet ëm d’Sécherheet an d’Gesondheet vun eis all. Dofir stellt sech d’Fro: Wisou geschitt näischt? De Gesondheetsministère ass informéiert an huet et un de Parquet viru ginn. Zënterhier huet sech allerdéngs näischt Siichtbarer gedoen. Aner europäesch Länner hu scho längst duerchgegraff.

Esou beispillsweis an Italien. Nodeems op Twitter den Notzer reversebrain drop higewisen huet, datt dem Hitler säi sanitäre Pass fonctionéiert, war dëst schonn en Dag méi spéit net méi de Fall.

gefälschten Impfzertifikater
reversebrain / Twitter

Wou kommen esou gefälschten Zertifikater hir?

Am Fall vum bekannten Éisträicher geet een dovunner aus, datt ee Cyberpirat de valabelen Zertifikat als Beweis erstallt huet. Fir 300 Dollar huet hien enger Persoun versprach, e sanitäre Pass ze fälschen, e sollt awer als éischt säi Kënnen presentéieren. A wéi et am Internet esou ass, ka villes schnell weltwäit verbreet ginn. Déi modern Technik mécht et jo méiglech.

gefälschten Impfzertifikater

Zum enge kéint et sech ëm eng Sécherheetslücke am System handelen. Zum anere kann een awer och dovunner ausgoen, datt de Fälscher mat Persounen zesummeschafft, déi d’Recht hunn en Impfzertifikat auszestellen. Net all Medezinner ass der Covid-19-Impfung positiv entgéint gestëmmt.

Schlussendlech ass Dokumentefälschung och nach e lukratiivt Geschäft – esou laang een net erwëscht gëtt. Wärend d’Reegele fir Ongeimpfter ëmmer méi streng ginn, klëmmt de Reiz sech e gefälschte Pass ze besuergen, fir nach um soziale Liewen deelhuelen ze dierfen.

An dësem Kader sollt ee sech da froen, wéi sécher de Lëtzebuerger System ass a wéi geschützt eis Donnéeë sinn. Am Respekt vum GDPR dierf de sanitäre Pass just noutwenneg perséinlech Donnéeën enthalen an dës Informatiounen net ënnert de Länner hin an hir gereecht ginn. Just mat engem Sécherheetsschlëssel kréit een Zougrëff.

Digitaliséierung: Fluch a Seegen zu gläich

Zënter dem 2. Abrëll 2021 steet de geimpfte Persounen den digitalen Impfpass op MyGuichet zur Verfügung. Zwee Méint drop gouf dunn d’CovidCheck-App presentéiert, déi vun Organisateure vun Evenementer a mëttlerweil och Restaurateure genotzt muss ginn.

Fir vill Geimpfter ass den digitalen Zertifikat en einfacht Mëttel, d’Dokument sécher ëmmer bei sech ze hunn, am Fall wou dëst gebraucht gëtt. Hei stellt sech dann d’Fro, wisou beim Scannen net konsequent no der Carte d’Identité gefrot gëtt? Wéini iwwerschafft Lëtzebuerg säi Sécherheetssystem a wisou ass et verschidden Organisateuren esou egal, wat si do scannen?

Wien e gefälschte sanitäre Pass notzt, ka mat enger Strof vun 300 € rechnen. Stellt sech eraus, datt deejéinegen d’Dokument vun enger anerer Persoun hëlt, läit ee scho bei enger Geldstrof tëscht 251 an 3.000 €, sou wéi 8 Deeg bis 3 Méint Prisong. „Bestellt“ ee sech e gefälschten Impfpass a gëtt dobäi erwëscht ass een bis zu 30.000 € méi aarm an dierf 4 Méint bis 5 Joer am Bing verbréngen. Mee keng Angscht, de Fälscher selwer wäert Iech bis zu 3 Joer Gesellschaft leeschten.

Amplaz eng Geld- an oder Fräiheetsstrof ze riskéieren, „wäiss Marschen“ ze organiséieren a Petitiounen ze lancéieren, esou beispillsweis am Fall vum Théophile Guiche, deen e Referendum zum Verbuet vum sanitäre Pass zu Lëtzebuerg fuerdert well en géint Fräiheeten an Demokratie geet an diskriminéierend ass, wier et jo eigentlech méi einfach sech impfen ze loossen.

Dernières nouvelles