Am Cannabis ass Gëft

De Staatslabo huet an enger Studie erausfonnt, datt Cannabis an Haschisch dacks mat Gëftstoffer versat sinn.

Déi 142 Prouwe goufen an de leschte Jore vun der Police konfiszéiert an elo méi genee ënnert d’Lupp geholl. Dobäi huet sech erausgestallt, datt opmannst een Drëttel mat de Gëftstoffer Mykotoxinne versat waren.

Dës sinn dacks bei Schimmel ze fannen a kënnen de Konsument krank maachen. Héich doséiert kann et den Immunsystem schwächen. Et kann een Allergien entwéckelen – och de Risiko fir Longenentzündungen oder Kriibs ass erhéicht.

Bei de Prouwen aus dem Staatslabo war d’Konzentratioun vun dëse Gëftstoffer ënnert dem maximale Wäert, dee vun der Europäescher Unioun a Liewensmëttel zougelooss ass.

Dernières nouvelles