Search

You may also like

Kanalisatiounsaarbechten an der Eecher Strooss (20. – 21. Juni 2020)
Business Neiegkeeten

Kanalisatiounsaarbechten an der Eecher Strooss (20. – 21. Juni 2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt am Kader vum Reamenagement vun

Zur Situatioun vun de Fraen am Prisong
Business Neiegkeeten

Zur Situatioun vun de Fraen am Prisong

Wie mengt, datt eng Justizministesch als Fra ee bessert Versteesdemech

Halen oder net? Den Tableau de Tri fir d’Archive soll elo hëllefen
Business Neiegkeeten

Halen oder net? Den Tableau de Tri fir d’Archive soll elo hëllefen

Gëschter hunn d’Kulturministesch Sam Tanson an d’Direktesch vun de Lëtzebuerger

Gëfteg Masken aus Lëtzebuerg?

Gëfteg Masken aus Lëtzebuerg?

Am Summer 2020 huet déi Lëtzebuerger Entreprise „Avrox SA“ een zolidd Geschäft mat de Belsch gemaach: 15 Millioune Gesiichtsmaske goufe geliwwert. Dës sinn de Bierger an den Apdikte gratis zur Verfügung gestallt ginn. Elo behaapt Sciensano si wiere „gëfteg“, well se Nanopartikel enthalen, déi d‘Otemweeër schiedege kënnen.

D‘Entreprise Avrox SA ass allerdéngs net den Hiersteller vun de Masken – si ass eigentlech aktiv am Stroossen- a Persounentransport – wousst awer zimlech genee, wat se akaf huet. Dat se awer Gesondheetsschiedlech kéinte sinn, gouf weder vun Avrox, an och net vun der belscher Regierung gepréift. Eng Rei belsch Entreprisen hate sengerzäit och d‘Vergab un d‘Lëtzebuerger ugefecht.

Eigentlech hätten eis belsch Nopere scho missen d‘Ouere spëtzen, wéi Avrox SA als „Intermediaire vun engem asiatesche Fournisseur“ opgetrueden ass, a Gesiichtsmaske geliwwert huet, déi laut der Recommandatioun, nëmme sollte mat 30°C gewäsch ginn. De Laurent Herichord, een vun den Aktionäre vun Avrox SA, hat sengersäits behaapt, datt eng 60°C-Wäsch awer kee Problem wier.

Wéi ee gesäit, dësen Deal huet schlecht ugefaangen, an och wann déi Persounen, déi hannert Avrox SA stinn, éischter keng Lëtzebuerger sinn, et gëtt jo dann awer mam Fanger op d‘Land gewisen. Et heescht dann elo an engem vertrauleche Rapport vum belschen Institut fir Ëffentlech Gesondheet (Sciensano) datt d‘Maske weider Mängel opweisen. An dat kann engem schonn Angscht maachen.

Gesondheetspoker

Am selwechten Ëmfang wéi Banken an Assurancen, mat schiedleche Finanzproduite maximale Profit zu Laaschte vun der Gesellschaft maachen, huet et den Uschäi, wéi wann hei bewosst de Risk a kaf geholl gouf, Mënschen ze schuede fir Geld ze maachen. Unhand vu Prouwen – et ass wuel nach net alles endgülteg ofgeschloss – steet jiddefalls schon emol fest: d‘Maske bierge Geforen.

Dës Gefore stellen sech a Form vun Nanopartikel duer. Et handelt heibäi ëm „Nanosëlwer“ an „Titandioxid“. Laut den Erklärungen, déi eis Kolleege de Verantwortleche bei Sciensano konnten entlackelen, géif den Nanosëlwer als Antibakteriellt-Mëttel agesat. Wat d‘Bleechmëttel Titandioxid bewierke sollt, erkläert sech hinnen net. Béid Stoffer awer géifen d‘Otemweeër ugräifen.

Avrox SA well zu de Virwërf keng Stellung ofginn. Hei schéngt een der Meenung, datt een als Vermëttler just Usproch op d‘Transaktiounsprimm huet, d‘Produkthaftung beim Hiersteller läit. Allerdéngs huet een, wa ee sech de Curriculum vun Avrox SA esou zu Gemitt zitt, schonn eppes den Androck, datt dës „Entreprise“ eigentlech och an de Kontext vun #openlux gehéiere sollt.

mat indymedia/bru/lgg

Related topics Apdikte, Avrox SA, Belsch, Gesiichtsmasken, Gratis, Nanopartikel, Soumissioun
Next post Previous post