Search

You may also like

Lesley Barbosa: Sech akzeptéieren, wéi een ass!
International Neiegkeeten

Lesley Barbosa: Sech akzeptéieren, wéi een ass!

All Mënsch an all Kierper ass anescht – Wisou gëtt

Gebärmutterhalskriibs: Den Dr. Marc Fischer zur Relevanz vun der Preventioun
International Neiegkeeten

Gebärmutterhalskriibs: Den Dr. Marc Fischer zur Relevanz vun der Preventioun

Muer fënnt den internationalen Aktiounsdag fir d’Gesondheet vu Frae statt.

Echterlive: Ofsoen opgrond vun den Iwwerschwemmungen
International Neiegkeeten

Echterlive: Ofsoen opgrond vun den Iwwerschwemmungen

Den éischte Weekend vum Echterlive (16. Juli bis de Méindeg,

D‘Briten demonstréiere géint de Boris

Honnerte Londoner hu gëschter an de Stroossen géint de Boris Johnson a fir de Verbleif an der EU demonstréiert. En Dënschdeg mussen d‘Tories iwwert d‘Nofolleg vum Theresa May befannen an de Protegé vum US-President dierft sech géint säi Kontrahent, Jeremy Hunt, duerchsetzen.

Ënnert dem Motto: „Nee zu Boris, Jo zu Europa“ sinn d‘Demonstranten duerch d‘Stroosse gezunn. Fir Opmierksamkeet huet eng grouss Johnson-Popp um Himmel gesuergt. Organiséiert gouf des Demo vun „March for Change“ (Marsch fir de Wiessel), en Zesummeschloss vun diverse Gruppen, déi sech fir de Verbleif an der EU asetzen. Si fuerderen dann och en zweete Referendum…

Den Tom Brufatto, ee vun de Organisateuren, gouf op déi opblosbar Popp ugeschwat déi de Boris Johnson verkierpere soll. Hien huet agestanen, datt dat Ganzt no onbeschwéiertem Spaass géif ausgesinn, derhannert awer en eeschte Message stécht. D‘Popp déi zäertlech „Baby Blimb“ gedeeft ginn ass, ass eng Uspillung un „Baby Trump“, eng opblosbar Popp déi den US-President duerstellt.

Boris

Beim „Staatsbesuch“ vum Donald Trump (Ufank Juni) war déi och bei enger Demonstratioun zum Asaz komm. Um „Baby Blimb“ war de Schrëftzuch „350 Millioune Pond“ ze liesen. Domatter gëtt op eng Campagne ugespillt, mat där den Johnson d‘Wieler beim Referendum zum Brexit feel geleet huet. De Boris hat sengerzäit behaapt, dat wier de Montant deen all Woch un d‘EU iwwerwise gëtt.

De Kandidat fir d‘Amt vum Premierminister hat deemools de Bierger erkläert, datt dat Geld besser bei der Krankekeess (NHS) opgehuewe wier. Dat huet gewierkt, well d‘NHS päift zanter Jore fir net ze soe Joerzéngten um leschte Lach. Wat de Boris Johnson senger Matbierger allerdéngs net erzielt huet, ass datt d‘Briten dat meescht vun dësem Geld, beispillsweis fir d‘Landwirtschaft erëm kruten.

Boris

Um Dënschdeg also fält d‘Entscheedung, wien vum Hunt oder dem Johnson seng Zelter an der 10 Downing Street dierf opschloen. An och wann d‘Demonstratioun vu gëschter „impressionnant“ war, en Afloss op d‘Entscheedung wäert se net hunn. De Boris Johnson ass deen eenzegen den enttäuscht Brexit-Wieler nees federéiere kann, an déi Konservativ kënnen näischt méi riskéieren.

mat indymedia/lon

Foto: Déi demoKratesch Allianz déi sech ënnert der Bezeechnung „March for Change“ gruppéiert huet ass pro-europäesch a setzt fir de Verbleif vu Groussbritannien an der EU an. © LibDems

Related topics Boris Johnson, Brexit, Groussbritannien, March For Change
Next post Previous post