Search

You may also like

Ob Vëlo oder elektresche Mikrovehikel, Luuchte vir an hanne si Flicht
Neiegkeeten Sport

Ob Vëlo oder elektresche Mikrovehikel, Luuchte vir an hanne si Flicht

Nodeems elektresch Mikrovehikel an d’Maschinne fir de perséinlechen Deplacement am

Festival „On Stéitsch“ 2021: Jonk Artiste kënne sech elo umellen
Neiegkeeten Sport

Festival „On Stéitsch“ 2021: Jonk Artiste kënne sech elo umellen

Déi 14. Editioun vum beléiften nationale Festival „On Stéitsch“ huet

Sécherheet vun de Foussgänger
Neiegkeeten Sport

Sécherheet vun de Foussgänger

Wéi et vu „wort.lu“ elo opgedeckt gouf, disposéiert de Stater

Géint de Broschtkriibs: Den Oktober kleet sech Rosa!

Géint de Broschtkriibs: Den Oktober kleet sech Rosa!

Nom Kampf géint de Klimawandel an d‘Inaktivitéit vun der Politik, heescht et zu Lëtzebuerg sech dem Broschtkriibs entgéintzestellen. Am Kontext vum „Rosa Oktober“ – dem internationale Mount vum Kampf géint de Broschtkriibs, huet sech d‘Asbl „Europa Donna Luxembourg“, déi europäesch Koalitioun géint dës Krankheet, vill Sensibiliséierungsaktivitéite virgeholl.

Esou och den traditionelle „Broschtkriibslaf“ e Samschdeg 5. Oktober am Péitrussdall. Rendez-vous, Depart an Arrivée sinn an der Abtei Neimënster. Laut dem Organisateur kann sech hei ab hallwer néng moies aschreiwen. Den Depart fir déi 4 Kilometer-Distanz ass fir 10 Auer ugesat, d‘Präisverdeelung (fir déi dräi victoriéis Equippen) ass fir d‘Mëttegstonn virgesi ginn.

Wien sech iwwer Internet aschreiwe wëll, sollt bedenken datt eng „Tax“ ze entriichten ass: Kanner bis 12 Joer dierfe gratis matlafen, jonker bis 25 Joer bezuelen 6 Euro an déi Erwuessen 12 Euro. Bedenklech heibäi: et kann een sech nëmme mat senger Kreditkaart aschreiwen, an et muss een zwéngend (eng Alternativ gëtt et net) seng Tax via Paypal bezuelen. Dat wier 100% sécher, soen se.

Broschtkriibs

Als Partner ginn de Stater Geschäftsverband an d‘Stad Lëtzebuerg genannt. An de Servicer vun der Gemeng wéi och an de bedeelegte Geschäfter, kréien d‘Bierger, respektiv d‘Clienten dann och bei all Besuch e „rosa Bändchen“ iwwerreecht. Domatter kënnen d‘Leit sech da solidaresch mat deene Fraen erklären, déi vun dëser schrecklecher Krankheet betraff sinn. Et muss een och net spenden.

Notéiere mir nach, datt déi vun „Europa Donna Luxembourg“ 2016 agesammelt Schong – ee Puer fir all Fra déi zu Lëtzebuerg dat Joer u Broschtkriibs erkrankt war – am Kader vum Broschtkriibslaf ausgestallt ginn. All d‘Participante sinn iwwregens agelueden d‘Kollektioun ze vergréisseren. An da ginn iwwert dee ganze Mount Sensibiliséierungsaktivitéiten an alle Spidäler am Land organiséiert.

Related topics Broschtkriibs, Europa Donna Luxembourg Asbl, Stad Lëtzebuerg, Stater Geschäftsverband
Next post Previous post