Eng „Pëll“ géint de Covid19

US-Pharmakonzern beantraagt Noutfallzouloossung fir Coronavirus-Medikament Paxvloid

Dat vu Pfizer entwéckelt Medikament ass fir d‘Medezin, datt wat d‘Ee sengerzäit fir de Kolumbus war: déi gréissten Entdeckung am pandemeschen Zäitalter. Laut den eegenen Etüden, soll dës Pëll mam prägsame Numm „Paxvloid“, ee schwéiere Krankheetsverlaf ëm 89% verréngeren.

Pfizer USA behaapt, datt unhand den Eüden déi virleien, dës Pëll ganz effizient ass, wann se bannen dräi Deeg no optauche vun den éischte Covid19-Symptomer ageholl gëtt. Esouguer wann se géif bannent de fënnef éischten Deeg vun de Symptomer verofreecht gëtt, wier d‘Wierksamkeet nach ëmmer iwwerwältegend. Wann deem esou ass, wier de Stoff besser, wéi dee vun der Konkurrenz.

Et ass jo bekannt, datt d‘Medikament Molnupiravir vum US-Pharmakonzern Merck & Co. (MSD) an gläichen Tester ëmmerhin de Risk ëm ronn Hallschent reduzéiert huet, mee hei geet et wuel och ëm dat grousst Geld an de versprachene Profit fir d‘Aktionären. Zudeem huet Pfizer de Virdeel de Fiffi vun der EU-Kommissioun an eiser Gesondheetsdirektioun ze sinn. Wéi geet et elo weider?

Laut dem Pfizer Boss Albert Bourla, huet dësen oraalt Medikament d‘Potential, d‘Liewe vun de mam Covid19-Virus infizéierte Patienten ze retten. Jo de Mann ass iwwerzeegt, datt de Paxvloid néng vun zéng Hospitalisatioune verhënnere kann. Dann ass jo alles gutt? Naja, de Paxvloid ass nëmmen dann och wierklech brauchbar, wann een dëse mat anere Medikamenter vermëscht.

De Paxvloid gëtt also a Verbindung/Kombinatioun mat engem eppes eeleren antivirale Medikament (dem Ritonavirgouf an der AIDS-Behandlung agesat, dunn awer nees gestoppt, well et eppes vill onerwënscht Niewewierkungen hat). Et ass also esou, datt de Paxvloid selwer aus dräi Pëlle besteet déi zweemol den Dag fir eng bestëmmten Zäit muss ageholl ginn. Hu mir et dann elo iwwerstanen?

Lëtzebuerg kéint sech et leeschten, brauch awer den Accord vun der EMA

Wéini d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert op der Antenn vu Bertelsmann/RTL wäert erklären, datt dëst Medikament (a vläicht och dat vu Merck, dat eppes anescht funktionéiert – hei gëtt, esou d‘Erklärung ee Feeler an den de Gencode vum Virus ageschleist) och fir Lëtzebuerg disponibel ass, hänkt vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) of, déi jo muss hiren Accord dofir ginn.

D‘EMA iwwerpréift aktuell déi vun den Hiersteller agereechten Etüden zu siwe weidere Produkter géint de Covid19. Dozou gehéiert och Nuvaxovid, vum US-Pharmakonzern a Biotech-Entreprise Novavax. Dat wier, wann en dann zougelooss gëtt, den éischte Proteinbaséierte Vaccin an Europa géint de Covid19. Ass d‘EMA zefridden, ass den OK vun EU-Kommissioun just eng Formsaach.

Op de Philippinnen an an Indonesien huet Nuvaxovid schonn eng Noutzouloossung. D‘EU huet a weiser Viraussiicht och schonn 200 Milliounen Dose reservéiert. (En Zeechen dat datt mir nach vill Impfunge virun eis hunn) Et heescht natierlech och hei, datt de Wierkungsgrad ëm déi 90% läit, an et ass selbstverständlech net gewosst, wéi laang d‘Impfung erfollegräich seng Wierkung entfaalt.

Den Nuvaxovid (NVX-CoV2373) ass awer elo och kee mRNA-Vaccin, deen awer vun der Santé maximal recommandéiert gëtt, datt méiglechst als Cocktail a mat engem Boost all sechs méint – bis ewell nach just fir déi iwwer 65 järeg. Nee d‘Produkt vun Novavax ass ee sougenannten „doudegen Impfstoff“ deen aus butzege Partikel vun am Labo hirgestallte Covid19-Spikeproteinnen besteet.

Streng geholl soll dëse Vaccin, den Immunsystem op eng méiglech Infektioun virbereeden. Dat heescht datt och dëse Vaccin net virun enger Infektioun schützt, a folgerichteg nach ëmmer eng Erkrankung, dann awer mat engem liichte Verlaf, méiglech ass. Datt mir aktuell nëmme Produkter aus den USA Préiwen an zouloossen, huet awer weder politesch nach wirtschaftlech Ursaachen.

mat indymedia/nyc

Illustratioun: © Pfizer

Dernières nouvelles