Search

You may also like

Brexit: Héich Zäit sech e puer Gedanken ze maachen
International Neiegkeeten

Brexit: Héich Zäit sech e puer Gedanken ze maachen

Reesen tëscht dem Kontinent a Groussbritannien, sanitär Kontrollen, perséinlech Daten:

Keng Loscht op Haass, Rassismus a Sexismus? (An eegener Saach)
International Neiegkeeten

Keng Loscht op Haass, Rassismus a Sexismus? (An eegener Saach)

Et muss een sech net mat engem Sticker, T-Shirt oder

What the Fakt – Weltdag vun der Handhygiène: Et läit an Ären Hänn!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Weltdag vun der Handhygiène: Et läit an Ären Hänn!

Der Verbreedung vu Krankheetserreeger soll de Kampf ugesot ginn. Dofir

Géint de Vertrag Verstouss

Beim Gestreits ëm d‘Liwwerunge vum AstraZeneca, geet d‘EU-Kommissioun elo de Rechtswee

Géint de Vertrag Verstouss

Ee Spriecher vun der europäescher Exekutiv huet ee Méindeg matgedeelt, datt d‘EU-Kommissioun am Numm vun de 27 Memberlänner, ee Rechtsverfare géint de britesch-schwedeschen Hiersteller AstraZeneca ustrieft. De Pharmakonzern hätt sech net un de Vertrag gehalen, an nëmmen 30, statt de vereenbaarten 120 Milliounen Dosen Impfstoff am 1. Quartal 2021 geliwwert.

Säitens dem Konzern kann een dëse Schratt nëmme bedaueren, besonnesch d‘Beschëllegungen aller Grondlag entbiere géifen. Säitens dem Hiersteller heescht et weiderhin, datt ee sech strikt un déi am Vertrag vereenbaarte Konditioune gehalen hätt. Dat géif esou och viru geriicht demonstréiert ginn… Elo ass awer net nëmmen den 1. Quartal „ee Problem“ oder fir dat 2. Quartal dreet Ongemaach.

Laut Bréissel, wiere fir dat 2. Quartal 2021 d‘Liwwerung vun 180 Milliounen Dose vereenbaart ginn, d‘Perspektive géifen allerdéngs op grad emol 70 Milliounen Dosen hindeiten. AstraZeneca kann also seng am Kaderaccord vum August 2020 vereenbaarte Liwwerungen net honoréieren. Insgesamt hat d‘EU 300 Milliounen Dose bestallt an eng Optioun op weider 100 Millioune geholl.

D‘Optioun „ass vum Dësch“ d‘Verhältnis zum Pharmakonzern schwéier beschiedegt. Dat huet wuel och domadder ze dinn, datt Groussbritannien keng Liwwerproblemer kannt huet. An dësem Kontext hat d‘EU-Kommissioun en Exportkontrollmechanissem agefouert. Dat huet derzou gefouert, datt eng Liwwerung vun 250.000 AstraZeneca-Dose vun Italien no Australien huet misse gestoppt ginn.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Spencer David / unsplash

Related topics AstraZeneca, Covid19-Pandemie, EU-Kommissioun, Geriicht, Vaxzevria, Vertragsverletzung
Next post Previous post