Jean Asselborn: Staark Suergen zu de reliéise Minoritéiten am Iran a Jemen
Den Aussen-an Europaminister Jean Asselborn huet folgend Deklaratioun zur Situatioun
Den Aussen-an Europaminister Jean Asselborn huet folgend Deklaratioun zur Situatioun
Gutt elo direkt vun enger Iwwerraschung ze schwätze wier dees
Um Sonndeg huet Saudiarabien den Iran gewarnt, datt een net
Um jiddesche Kierfecht zu Westhoffen (Elsass) hu Faschisten eng honnert Griewer geschënnt. Et goufen Hakekräizer an Nazi-Spréch op d‘Grafsteng gesprëtzt. De franséische President Emmanuel Macron huet um Rand vum NATO-Jubiläum zu London, de Virfall schaarf veruerteelt.
An engem Tweet huet den Emmanuel Macron statuéiert: „Antisemitismus ass ee Verbriechen a mir wäerten dëst bekämpfen, zu Westhoffen a wou ëmmer et noutwenneg ass, bis datt eis Verstuerwen a Fridde roue kënnen“. Och den Inneminister Christophe Castaner, huet dësen Akt vu Vandalismus als „Beleidegung vun de republikanesche Wäerter“bezeechent.
Nieft dem Kierfecht vu Westhoffen, soll och dee vu Schaffhouse-sur-Zorn mat ähnleche Graffitie verschandelt gi sinn. Zur Stonn ass d‘Ausmooss vun dëser „Aktioun“ net bekannt. Dofir muss awer festgestallt ginn, datt et grad am Elsass zanter enger Rei Joren ëmmer ëfters zu genee esou Virfäll kënnt. Esou waren am Februar zu Quatzenheim honnerte Griewer verschandelt ginn.
De Präfekt vun der Région du Grand Est et du Bas-Rhin, Jean-Luc Marx huet sech gëschter am Nomëtteg op der Plaz selwer e Bild vun der Zerstéierung gemaach an der jiddescher Communautéit säi Soutien verséchert. © Préfecture du Bas-Rhin
Mee den Antisemitismus am Frankräich beschränkt sech net op d‘Elsass. Et ass ee wiesentlech méi grousse Problem wéi dat unhand de Akte vu Vandalismus op de jiddesche Kierfechter erkenntlech ass. Dat huet et och zu Paräis a gréisserem Ëmfang ginn. Wiesentlech – och wann et do duerchaus Verbindunge gëtt – méi Suerge bereeden d‘Iwwergrëff op Persounen.
Am Frankräich sinn – offiziellen Zuelen no – Attacken, Iwwergrëff an/oder Beleidegunge géint Judden 2018 ëm 74% geklommen a fir 2019 gesäit et net besser aus. Vir deem entgéintzewierken, huet de franséische President ugekënnegt, datt esou Dote méi haart bestrooft musse ginn. Ëmmer méi Fransouse jiddeschem Glawe ginn un aus Angscht auswanderen ze wëllen.
mat indymedia/sxb
Foto: © Préfecture du Bas-Rhin