Search

You may also like

Adieu – Eng musikalesch Erënnerung u S.A.R. de Groussherzog Jean
International Neiegkeeten

Adieu – Eng musikalesch Erënnerung u S.A.R. de Groussherzog Jean

De Groussherzog Jean war an ass nach ëmmer bekannt fir

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass
International Neiegkeeten

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass

Zu Bréissel war d‘Stëmmung um Donneschdeg eppes méi gereizt wéi

Faarwefrout Andalusien: Wann d’Sonn aus dem Häerz kënnt
International Neiegkeeten

Faarwefrout Andalusien: Wann d’Sonn aus dem Häerz kënnt

Andalusien gëllt als zweetgréisst a südlechst vun de 17 autonome

Géint d‘Gewalt u Fraen: Tierkesch Police setzt Tréinegas an

Géint d‘Gewalt u Fraen: Tierkesch Police setzt Tréinegas an

Um internationalen Dag géint d‘Gewalt u Fraen a Meedercher gëtt zu Istanbul eng Demonstratioun mat Tréinegas a Gummiskugelen opgeléist. 2.000 Mënschen – déi meescht dovunner Fraen – haten sech zu Istanbul am Stadzentrum versammelt fir géint d‘Gewalt ze demonstréieren. Den Autoritéite gëtt virgeworf d‘Täter net zur Verantwortung ze zéien.

Bei der Demonstratioun zu Istanbul hu Frae Plakater mat de Nimm vun den Affer héichgehalen. Si géifen op Strooss goe fir géint d‘Feinde vun de Fraen ze demonstréieren. D‘Organisateure bekloen, datt d‘Zuel vun de Fraen déi duerch hire „Partner“ ëmbruecht ginn, erhieflech geklommen ass, mee an der Ëffentlechkeet kaum wann iwwerhaapt iwwert dës „Virfäll“ geschwat gëtt.

Gewalt géint Fraen awer ass an der Tierkei e wäitverbreete Problem. Esou hat am August de Mord um Emine Bulut kuerzzäiteg fir Opmierksamkeet gesuergt. Hiren Ex-Mann hat d‘Fra an engem Restaurant virun den Ae vun der zéngjäreger Duechter ëmbruecht. An dësem Fall konnten awer och d‘Riichter d‘Aen net méi verschléissen an hunn de Täter zu liewenslaanger Haft veruerteelt.

Laut deene vun enger tierkescher Fraerechtsgrupp, sinn zanter Ufank vum Joer, an der Tierkei 378 Fraen ëmbruecht ginn. 2018 waren et der 440. bei mindestens 25% vun dëse Morde sinn d‘Männer vun de Fraen d‘Täter. An der Tierkei gëllt et als „Normal“ seng Fra ze züchtegen, firwat d‘Justiz kaum géint d‘Täter virgeet. A wann se demonstréiere gi se mat Tréinegas gezësst.

mat indymedia/tlv

Foto: Déi Tierkesch Police huet zu Istanbul e Méindeg massiv Tréinegas a Gummiskugele géint d‘Demonstrante agesat. Déi wollten um internationalen Dag géint d‘Gewalt u Frae a Meedercher fir méi Rechter a méi Justiz demonstréieren. © SchnückNetwork

Related topics Gewalt géint Fraen, Gummikugelen, Istanbul-Konventioun, Police, Tierkei, Tréinegas
Next post Previous post