Search

You may also like

Eeler Leit – Loosst eis vun hinne léieren
International Neiegkeeten

Eeler Leit – Loosst eis vun hinne léieren

Den Alter ass e perséinlechen, sozialen a kierperleche Phenomen, deen

Politesch Rentrée… an d‘CGFP setzt schonn direkt Akzenter
International Neiegkeeten

Politesch Rentrée… an d‘CGFP setzt schonn direkt Akzenter

Am Kontext vun der politescher Rentrée huet den Daachverband vun

CGDIS: Komplizéierte Brand an engem Wunnhaus zu Stroossen
International Neiegkeeten

CGDIS: Komplizéierte Brand an engem Wunnhaus zu Stroossen

Gëschter Moien haten d’Lëtzebuerger Pompjeeën un engem komplizéierte Brand ze

Grouss Maniff géint Gewalt u Fraen

Zu Dausenden hunn se a Frankräich an Italien géint d‘Diskriminatioun an d‘Gewalt u Fraen demonstréiert

Grouss Maniff géint Gewalt u Fraen

Zu Paräis an a weideren 30 franséische Stied, mee och zu Roum huet et Protester ginn. Ënner dem Slogan #NousToutes hu Fraerechtlerinnen am Frankräich op déi héich Zuel vu Morden u Fraen opmierksam gemaach. 116 sougenannt Feminiziden als Resultat vun haislecher Gewalt huet et dëst Joer scho ginn, 2018 waren et der 121.

Déi nächst Woch sollen am Frankräich d‘Resultater vum ronnen Dësch zur haislecher Gewalt vun der Regierung virgeluecht ginn. Och d‘Experte vum Europarot haten déi lescht Woch de Fransouse virgeworf, ze vill lax Gesetzer huet an net genuch Schutz ubitt. Mee d‘Gewalt kennt keng Grenzen an och an Italien gouf um Samschdeg am Kader vum jäerlechen Aktiounsdag demonstréiert.

Gewalt

zu Metz hu gutt 800 Persoune géint d‘Gewalt u Fraen a Meedercher protestéiert. © Laura Bannier (via Twitter)

Zu Dausenden haten se sech ze Roum op der Piazza della Repubblica getraff an hunn hir Fändele geschwenkt, d‘Plakater héichgehalen. An Italien si 94 Fraen ëmbruecht ginn. Déi meescht vun hinnen duerch hire Mann oder Liewenspartner. Esou zu Palermo de leschte Freideg, wou eng 30 Joer jonk Fra vun hirem Frënd ëmbruecht gouf. All drëtten Dag stierft esou eng Fra an Italien.

A wann ee bedenkt, datt et dëse Protest zanter 1981 gëtt, geet engem de Verstees-de-mech verluer. All Joer um 25 November organiséieren international Mënscherechtsorganisatiounen Evenementer, bei deenen d‘Anhale vun de Mënscherechter géintiwwer Fraen a Meedercher thematiséiert ginn a fir d‘Stäerkung vun de Fraerechter agestane gëtt. Och bei eis zu Lëtzebuerg ass dat en Thema.

Gewalt

© Kering Foundation

Hei gëtt et am Kader vun der #orangeweek Konferenzen an Debaten zu: Zwangsprostitutioun, sexuellem Mëssbrauch, Vergewaltegung, Fraemorder a weiblech Aarmut. Déi ganz Gewalt léisst sech net doduerch erkläre mat „dat huet et schonn ëmmer ginn“ a sécherlech ass d‘Donkelziffer nach ëmmer immens héich. Déi betraffe ginn awer mëttlerweil besser informéiert a begleet.

Mee d‘Gewalt u Frae muss zu engem gréissere Sujet ginn an et muss een et politesch ugoen. Dat am beschte mat enger nationaler Strategie an entspriechende Mëttel. Bei duerchgeknallte Fussballfans oder politeschen Extremiste gëtt et där Strategien, mee bei haislecher Gewalt huet d‘Politik keen Duerchbléck a kee Plang. Fir vill Fraen awer ass et den Alldag an dat muss verännert ginn.

mat indymedia/par/rom

Foto: © Mauve Fine Line

Related topics #NousToutes, #orangeweek, Fraen, Gewalt, Manifestatioun, Meedercher
Next post Previous post