Géint Homo- an Transphobie

Um haitegen Dënschdeg ass den internationalen Aktiounsdag géint Homophobie, Biphobie, Interphobie an Transphobie. Villäicht kennt dir net all d’Begrëffer, ma dat ass liicht ze erklären.

Homosexuell Mënsche fillen sech zu Mënschen mat dem selwechte Geschlecht higezunn, bisexuell Mënsche kënnen déi zwee Geschlechter gären hunn. Wien intersexuell ass, hat bei der Gebuert keng medezinesch eendeiteg Geschlechtsmierkmoler. Transsexuell Mënschen fillen sech an hirem Kierper a Geschlecht friem a géinge gären een anert Geschlecht hunn. Dat heescht eng Fra wéilt léiwer ee Mann sinn – an ee Mann léiwer eng Fra.

D’Wuert « Phobie » staamt aus dem Griicheschen an heescht esou vill ewéi « Angscht » oder Ofleenung. Eng Homophobie ass soumat d’Angscht virun der Homosexualitéit. Mënschen, déi esou eng Phobie mat sech droen, denken datt eigentlech all Mënschen heterosexuell sollte sinn.

All aner sexuell Orientéierung leenen si of. Zil vun dësem Aktiounsdag ass net nëmmen ze sensibiliséieren, mee och fir Respekt fir Homosexueller anzefuerderen. Dës Mënsche ginn heefeg benodeelegt an diskriminéiert. An ënnerschiddleche Länner ass dës sexuell Orientéierung esouguer verbueden a ka mam Dout bestrooft ginn. Et brauch een nawell vill Courage fir oppen zu senge sexuelle Virléiften ze stoen.

Den Datum vum Aktiounsdag gouf de 17. Mee (virun 32 Joer) gewielt, well dat deen Dag ass, wou d’Weltgesondheetsorganisatioun, d’Homosexualitéit aus hirem Diagnosekatalog gestrach huet.

Dernières nouvelles