Search

You may also like

Italienesch Regierung virum Broch
International Neiegkeeten

Italienesch Regierung virum Broch

Dem Matteo Salvini seng Lega Nord huet Neiwahlen an Italien

5 Grënn, dëse Weekend Blade Runner 2049 kucken ze goen
International Neiegkeeten

5 Grënn, dëse Weekend Blade Runner 2049 kucken ze goen

Nodeems de Kino e relativ rouege Summer hannert sech huet,

Sea-Watch: 3 Froen un d’Vanessa vun der Loftopklärung
International Neiegkeeten

Sea-Watch: 3 Froen un d’Vanessa vun der Loftopklärung

Nodeems d’Vanessa déi lescht 8 Joer an Nepal gelieft huet,

Fransouse protestéiere géint Sécherheetsgesetz

Fransouse protestéiere géint Sécherheetsgesetz

D‘Versammlunge géint de Gesetzprojet „Global Sécherheet“, goufen am November vu Journaliste-Verbänn an Mënscherechtsorganisatiounen organiséiert. E Samschdeg hunn dës Rassemblementer am ganze Land, laut den Autoritéiten, ronn 33.000 Leit op d‘Strooss gedriwwen. D‘Organisateure revendiquéieren hirersäits eng 200.000 Participanten.

Dat sinn der erhieflech manner wéi nach um Héichpunkt vum Mouvement um 28. November 2020, wou d‘Zuele vun 133.000 (Autoritéiten) bis 500.000 (Organisatioun) gemellt goufen. De 16. Januar waren et „offiziell“ 34.000 leit, déi sech dëse Versammlungen ugeschloss haten. „Et ass schwiereg mam Covid19 d‘Leit ze mobiliséieren, nee déi meescht halen d‘Gesetz fir Fräiheetsbeschneidend“, erkläert d‘Dominique Besson-Milord, Generalsekretärin vun der CGT zu Rennes dës Baisse.

Sécherheetsgesetz

An de Paul Garrigues, Copresident vun der Mënscherechtsliga (LDH) zu Dijon stellt fest: „Mir sinn eis scho bewosst, datt no enger gewësser Zäit manner Leit kommen“. Fir de Jean Latasse, Militant vun Amnesty International zu Stroossbuerg, gëllt et ze bedenken, datt: „et ass scho fir d‘zéngt an d‘Leit ginn net op. Dat ass ëmmerhin eppes“. Wann déi reng Zuelen „réckleefeg“ sinn, esou gëtt de Mouvement, deem sech och déi „giel Gileten“ ugeschloss hunn, vun ëmmer neie Verbänn ralliéiert.

Vill Vertrieder vun der Kulturwelt – déi si besonnesch rosen, well déi sanitär Moossnamen hinnen hir Existenzgrondlag entzéien – a sougenannte Gruppementer vun de „fräie Partien“, hunn sech elo och ugeschloss. „Mir erliewen haut eng Konvergenz vum Kampf géint d‘Ongerechtegkeeten: esou dëst Sécherheetsgesetz, d‘Policegewalt, ënnerloossen Hëllef fir déi Kulturschaffend an d‘Studenten, d‘Sanktioune géint Partygänger“, erkläert eis d‘Marion vum Kollektiv „Maskarade“ zu Paräis…

Ouni Geklapps geet et net

Vu Paräis iwwer Dijon a Lille bis erof op Montpellier… Wann d‘Zuel vun de Participante selwer ofhëlt, esou bleift de Mouvement an de grousse Stied present. Zu Montpellier hat et ëm déi 3.000, zu Paräis op der „Place der la République“ bis zu 5.000 Manifestanten. Et ass dann och wéi erwaart zur Konfrontatioun tëscht Police a Manifestante komm. Waasserwerfer koumen an den Asaz…

Sécherheetsgesetz

„Ech sinn haut aus zwee Grënn zur Versammlung komm“, erzielt eis eng jonk Demonstrantin zu Paräis. „Zum enge wéinst dem globale Sécherheetsgesetz, zum anere fir déi Kulturschaffend ze ënnerstëtzen. (…) D‘Geschäfter sinn op, d‘Metro ass voller Leit, mee d‘Kulturhaiser hunn zou“. Tatsächlech si bei eise franséischen Noperen d‘Theater, Kinoen an d‘Muséeë wéinst Covid19 zou.

Zu Perpignan huet sech eng autoriséiert Demonstratioun géint d‘Aschränkungen zu enger grousser Rave-Party ënner fräiem Himmel entwéckelt. Gutt 200 Leit hu bis zur Spärstonn (18 Auer) gedanzt an d‘Police war verstänneg, huet se – och well alles friddlech war – gewäerde gelooss. Zu Nantes en ähnlecht Bild: och hei gouf d‘Demonstratioun vun Elektro-Musek a Danz begleet. Vill Jonker hu fir d‘Recht „Party maachen“ gekämpft, dat wuertwiertlech: d‘Police huet Tréinegas missen asetzen.

Wourëms et geet

Mam Sécherheetsgesetz well déi franséisch Regierung d‘Police besser Schützen. Grondsätzlech geet et drëms d‘Verbreedung vu Biller, op deene Polizisten ze erkenne sinn, ze verbidden. An dat egal op vu Bierger an de sozialen Netzwierker oder Journalisten an hiren ënnerschiddleche Formater. Esou solle Leit déi Biller verbreeden/verëffentleche kënne bestrooft ginn, wann duerch d‘Publikatioun vun dëse Biller, eng kierperlech oder psychesch Bedreeung fir de Beamten entsteet.

SécherheetsgesetzZu Brest (Nordfrankräich) léisst sech kee vun der Meteo aschüchteren. Et ass een determinéiert seng Fräiheeten ze verdeedegen. © Eug.

Den Emmanuel Macron hat sech no villem Gedauschs an opgrond de massive Protester, selwer zu Wuert gemellt an de Gesetzprojet, also villméi dësen ëmstriddenen Artikel aus dem Gesetz, un de Senat verwisen. Dee soll sech dem Wuertlaut vun dësem Artikel unhuelen an nei formuléieren. Et géif, esou den Emmanuel Macron, net am geréngsten drëms d‘Pressefräiheet anzeschränken, an och d‘Bierger solle weider d‘Recht hunn, Exzesser an Iwwergrëff vun der Police ze dokumentéieren.

Mënscherechtsorganisatiounen a Journalisteverbänn fuerderen allerdéngs d‘Sträichung, an dat och ersatzlos. Genee dat wëll d‘Regierung, déi och säitens de Policegewerkschaften, massiv ënner Drock gesat gëtt, fir endlech ee bessere Schutz vun de Beamten an hire Familljen ze assuréieren. An dann ass do och nach déi generaliséiert Videoiwwerwaachung…

mat indymedia/par/

Foto: De Rassemblementer op der „Place de la République“ zu Paräis © Coordination Stop Loi Sécurité Globale

Related topics Covid19-Moossnamen, Demonstratiounen, Emmanuel Macron, Frankräich, Sécherheetsgesetz
Next post Previous post