Gesetzesprojet 7949: Géint sexuelle Mëssbrauch bei Mannerjäregen

Gëschter huet d’Justizministesch Sam Tanson de Gesetzesprojet 7949 presentéiert, deen d’Zil verfollegt, sexuelle Mëssbrauch a sexuell Ausbeutung bei Mannerjäregen ze bekämpfen. Heivir goufe verschidden Definitiounen opgestallt oder ausgeschafft, d’Strofen an och d’Verjärungsfrist erhéicht.

Esou gouf ënnert anerem de Begrëff „attentat à la prudeur“ an „atteinte à l’intégrité sexuelle’ ëmgewandelt. D’Zoustëmmung zum sexuellen Akt kann all Moment entzu ginn, an och wann d’Affer sech net physesch gewiert huet, gëtt d’Dot als Akt ouni Averständnis ugesinn.

Als Vergewaltegung gëtt all Form vu sexueller Penetratioun bei Mannerjäregen ugesinn. Dozou zielen net nëmmen Praktiken, déi den Täter dem Affer undeet, mee och Akten, déi d’Affer sech gezwongenermoossen selwer undoe muss, respektiv wou eng Drëttpersoun an d’Spill kënnt. D’Formuléierung ass dobäi extra breet gehale ginn, sou datt sech d’Definitioun och op déi digital Welt bezitt.

Fir de Schutz vu Mannerjäregen ze erhéijen, gesäit de Gesetzesprojet vir all sexuell Relatioun mat enger Persoun ënnert 16 Joer ze verbidden. Dofir sinn d’Artikelen 372bis an 375bis bäigesat ginn. Zousätzlech sinn d’Strofe fir Handlungen am Beräich vum Inzest erhéicht ginn. En Ugrëff op déi sexuell Integritéit vun engem Mannerjärege gëtt an dësem Kader mat 5-10 Joer Prisong bestrooft, wärend d’Vergewaltegung vun engem Familljemember mat 20-30 Joer Gefängnis ausgoe kann. OchBezuchs- a Vertrauenspersoune vu Mannerjärege kënne sech hei strofbar maachen.

All Form vu sexuellem Mëssbrauch gëllt als Ugrëff op déi physesch a psychologesch Integritéit vum Affer. Wat dem Betraffenen als Kand an/oder Jugendlechen ugedoe gouf, bleift oft als Trauma zeréck a kann och mat jorelaanger psychologescher Ënnerstëtzung e Liewe laang Angschtzoustänn, Depressiounen a Panikattacken ausléisen.

Aus dësem Grond sinn och d’Verjärungsfristen ugehuewe ginn. Schwéier Vergewaltegunge vu Mannerjäregen (och Inzest) verjären net. Iwwergrëffer op déi sexuell Integritéit (krimineller Natur an Inzest), sou wéi déi weiblech Genitalverstümmlung (krimineller Natur) sollen op 30 Joer Verjärungsfrist gesat ginn. Si Jonker ënner 14 Joer geschloen, blesséiert an Honger leide gelooss ginn, läit d’Verjärungsfrist bei 10 Joer.

Am Beräich vun den Delikter ginn Akte wéi Prostitutioun, sexuell Ausbeutung, Zwangsbestietnes, weiblech Genitalverstümmlung, an aner Gewaltdoten, bei deem Mannerjäreger blesséiert ginn vu 5 op 10 Joer erhéicht.

Annexe:

Latest news
Related news