Search

You may also like

Ab haut brauch all nei Wunneng en Dampmelder
Money Neiegkeeten

Ab haut brauch all nei Wunneng en Dampmelder

Um haidege Mëttwoch ass dat sougenannten „Dampmelder-Gesetz“ a Kraaft getrueden.

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?
Money Neiegkeeten

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?

Enn Abrëll hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten) am Uschloss

US-Ausseminister schléisst e Krich mat China aus
Money Neiegkeeten

US-Ausseminister schléisst e Krich mat China aus

Am Interview mat de Kolleege vu CBS, ass den US-Ausseminister

money

Geld fir d‘Landwirtschaft

Geld fir d‘Landwirtschaft

Fir d‘Secteure Landwirtschaft, Wäibau an Agrar-Alimentatioun soll no der Finanzhëllef an Héicht vun zwou Milliounen Euro (am Juni) elo nach emol eng zousätzlech Enveloppe an Héicht vun dräi Milliounen Euro agesat ginn. Geld wat geduecht ass den Impakt vun der sanitärer Kris nach eppes weider ofzeschwächen.

Entspriechend der Ausso vum President vun der Landwirtschaftskummer, Guy Feyder, hu mir bei eis am Land nach ronn 1.650 landwirtschaftlech Betriber. Hie stellt fest, datt wärend dem éischte Confinement, d‘Leit nees ee bessert Bewosstsinn fir déi lokal produzéiert Liewensmëttel entwéckelt hunn. Trotzdeem géif de Secteur weider staark impaktéiert bleiwen, well net genuch ofgesat gëtt.

Fir deem entgéintzewierken, huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider mat der Hand an d‘Staatskeess gegraff, a fënnef Milliounen Euro fir d‘Relance engagéiert. Hien huet dëse Schratt domadder begrënnt, datt d‘Kris eis gewisen hätt, wéi wichteg et wier sech méi onofhängeg am Kontext vun der Liewensmëttelversuergung ze maachen. En Thees déi scho länger am Raum steet.

Mëtt Juni haten déi landwirtschaftlech Betriber wéi och d‘Exploitanten am Wäibau, 2 Milliounen Euro un direkten an indirekten Hëllefen zougestane kritt. Zil vun dëser éischter Hëllef war et, de Secteur finanziell ze consolidéieren. Gläichzäiteg ass eng grouss Campagne gestart ginn. Mat där d‘Promotioun vun de lokale Produkter gemaach gouf. Och aner Mesure goufe sengerzäit ergraff.

Esou ass beispillsweis d‘Ausgab vu Liewensmëttel u sougenannt kollektiv Kiche subventionéiert ginn. Zousätzlech gouf entscheet, aus Wäi vu gerénger Qualitéit, Desinfektiounsmëttel ze maachen. Beim virtuelle Landwirtschaftsdësch „Covid“ vun en Donneschdeg konnt en zweeten Hëllefsplang ausgeschafft ginn. Dëse Plang involvéiert den Asaz vu weideren dräi Milliounen Euro.

Den Export mécht sech an

Well den Horesca-Secteur an och den Evenementiel sech wärend der „roueger Phas“ net wierklech erhuele konnten, an et unhand de neie Mesuren net ausgesäit wéi wann et hei zu enger Reprise komme kann, gesäit de President vun der Landwirtschaftskummer besonnesch d‘Beräicher Wäin- a Fleeschproduktioun an der Bredouille. Méi prezis: et sinn Schwéngsziichter déi elo leiden.

De Grond dofir läit am internationale Wuereverkéier, a grad d‘Produktioun vu Schwéngefleesch ass ganz enk mat däitsche Maart verknäppt. Skandaler (wéi bei Tönnies) hu sech zudeem op d‘Präisser ausgewierkt. Wat elo Lëtzebuerg betrëfft, esou geet déi national Produktioun duer fir der Demande am Land ze entspriechen. De Problem, wat ze vill ass misst ee kënnen Exportéieren, an klemmt et.

Eigentlech misst et dat net, mee do spillt de Konsument eng Schlësselroll. Fir all exportéierte Kilo Fleesch, ginn 2,5 Kilo importéiert. Zudeem, esou de Guy Feyder, dierf een hei d‘Filière vun der Weiderveraarbechtung net ausblennen. Wann déi an d‘Schleidere geréit an et kee méi huet deen eis Grondprodukter verschaffe kann, kéint et séier zu Enkpäss kommen. Nach awer leeft alles.

Bréissel kuckt an d‘Kaarten

Esou wéi et de Minister presentéiert huet, sinn 933 landwirtschaftlech Betriber déi vun dësem 2. Hëllefspak profitéieren. Eng cibléiert Hëllef (e Forfait vun 1.000 bis 5.000 Euro) an Héicht vun annerhallef Millioun Euro soll direkt un de Fleeschsecteur goen. D‘Enveloppe fir d‘Kooperative läit bei 500.000 Euro, a gëllt virrangeg fir Betriber/Kollektiver déi mat Som oder Gromperen handelen.

Beim Wäibau, iwwerhëlt de Ministère d‘Beiträg vun de Wënzer fir de Solidaritéitsfong. Dat sinn hei 150.000 Euro. Méi Allgemeng: fir d‘Digitaliséierung vum gesamte Landwirtschaftssecteur, gëtt et eng Finanzsprëtz an Héicht vun 850.000 Euro. Wann de Guy Feyder de Gest begréisst, esou muss dësen awer drop hiweisen, datt et domadder wuel kaum wäert gedoe sinn, woubäi et Contrainte gëtt.

Déi „Hëllef“ déi Regierungen hirer Landwirtschaft zouweise kënnen, gëtt vu Bréissel schaarf an akribesch iwwerwaacht. D‘Finanzhëllef ass begrenzt a muss doriwwer eraus, och vun der EU-Kommissioun bewëllegt ginn. Dat ass den Ament, ugesiichts dem New Green Deal, dem rezent gestëmmte GAP an méi allgemeng, dem Plang zur wirtschaftlecher Relance, net ganz esou einfach.

Illustratioun: © Jo-Anne McArthur / unsplash

Related topics Finanzhëllef, Fleeschkonsommatioun, Landwirtschaft, Landwirtschaftsministère, Romain Schneider, Wäibau
Next post Previous post