Geldautomat gesprengt! Zeie gesicht

An der Nuecht op ee Samschdeg (3.15 Auer) hu Brigangen zu Käerjeng an de Lëtzebuerger Avenue ee Geldautomat aus der Wand gesprengt.

Esou wéi d‘Police et de Moien an hirem Bericht fir d‘Press erläutert huet, gouf de Bankautomat aus der Mauer vum op der Lëtzebuerger Avenue geleeënen Akafszenter gesprengt. No vollbruechter Dot hunn sech d‘Brigangen a bis ewell nach onbekannter Richtung ofgesat. D‘Plaz ass mëttlerweil vun der Police geséchert an d‘Spuresécherung huet hir Aarbecht opgeholl.

Police
© Police

Wiem eppes Verdächteges beim Cactus an/oder dem géinteniwwer geleeën Autoshändler (kuerz virum Kreesverkéier Ausfaart Käerjeng Richtung Péiteng/Contournement) ëm déi genannten Zäit opgefall, sollt sech w.e.g. mam 113 a Verbindung setzen. Beim Fluchtauto soll et sech ëm ee groen Afla Romeo, Typ Giulietta, handelen.

Dernières nouvelles