Search

You may also like

Englesch Charmoffensiv a Schottland
Neiegkeeten

Englesch Charmoffensiv a Schottland

De Wonsch no Onofhängegkeet war a Schottland seelen esou grouss

What the Fakt – Virun 28 Joer weist Disney fir eng éischt Kéier d’Arielle am Kino
Neiegkeeten

What the Fakt – Virun 28 Joer weist Disney fir eng éischt Kéier d’Arielle am Kino

Eis all ass déi kleng Mierjongfra Arielle vu Walt Disney

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Frankophonie!
Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Frankophonie!

Scho säit 1995 feiert Frankräich seng Sprooch mam internationalen Dag

Vu Korruptioun, Geldwäsch an Aflossnam…

Vu Korruptioun, Geldwäsch an Aflossnam…

Wéi de Parquet informéiert, ass de Chef vum techneschen Déngscht vun der Gemeng Stroossen vun der „Cellule de Renseignement Financier“ (CRF) wéinst Faiten, déi een als „aktiv Korruptioun“ qualifizéiere kéint, denoncéiert ginn. Donieft sti Beschëllegungen am Raum, bei deenen nach vun Aflossnam, Mëssbrauch vu Sozialverméigen a Geldwäsch rieds ass.

Unhand de virleienden Informatiounen huet de Parquet den Untersuchungsriichter ëm d‘Ouverture vun enger „juristescher Informatioun“ gebueden. Heibäi sollen d‘Virwërf vun der Korruptioun an der Aflossnam (Art. 246 an déi folgend vum Code Penal) wéi dem Blanchiment (Art. 506-1 an déi folgend vum Code Penal) wéi och den Abus vu soziale Gidder (Art. 1500-11 vum modifizéierte Gesetz vum 10. August 1915, betreffend kommerziell Societéiten) gepréift ginn.

Kléngt komplizéiert an ass net ganz verständlech? Stëmmt dofir: konkret ass et esou, datt dem kommunale Fonctionnaire virgeworf gëtt, onrechtméisseg Geld ugeholl ze hunn, dat am Kontext vun der Attributioun fir kommunal Bauprojeten. An dësem Zesummenhang hat et schonn den 13. Juli op der Stroossener Gemeng, wei och an zwou Entreprise Perquisitioune ginn. Ob a wat dobäi d‘Liicht vum Dag gesinn huet, gëtt leider net weider vum Parquet preziséiert.

Wat de Fonctionnaire betrëfft, esou erënnert de Parquet dorunner, datt all Mënsch dee vun enger Enquête/Prozedur betraff ass, esou als onschëlleg gëllt, bis déi zoustänneg a kompetent Juridiktioun en definitiivt Urteel geschwat huet.

Illustratioun: © Andrea Ranalletta / unsplash

Related topics Aflossnam, Fonctionnaire, Geldwäsch, gemeng Stroossen, Korruptioun, Techneschen Déngscht
Next post Previous post