Géint d’Mënscherechter: Zwangsaarbecht an onmënschlech Zoustänn fir d’Uiguren
D’Caritas Lëtzebuerg ass besuergt ëm déi uiguresch Minoritéit, déi am
D’Caritas Lëtzebuerg ass besuergt ëm déi uiguresch Minoritéit, déi am
Den Donald Tusk, President vum Europarot, huet Bedenke géintiwwer dem
Nach, esou JLL gëschter bei der Pressekonferenz, géif een an
Wann awer d’Nominatioun vun Ursula von der Leyen a Christine Lagarde d’Zukunft vun europäesche Verhandlunge weisen, däerf ee sech Suerge maachen. Berlin a Paräis plazéieren ongenéiert zwee Politiker, deenen hir Karriären net ëmmer glécklech verlaf sinn. A béid haten an de leschte Joren mat Skandaler a mat der Justiz ze dinn.
Op der Streck bleiwe virun allem méi kleng Länner, deenen hir Meenung an Europa ëmmer manner zielt. Dee selwer ernannte Féierungsduo an Europa baut op seng wirtschaftlech Bedeitung fir ze soen, wat ze geschéien huet. Groussbritannien, dat ëmmer als gesond Géigegewiicht funktionéiert huet, ass nëmmen nach op Sursis an der EU … och well et d’Marschrichtung vun deenen zwee anere Länner net méi wollt matdroen.
D’ADR widderhëllt och hir Oppositioun zu transnationale Lëschten an zu Direktwalen fir europäesch exekutiv Mandater, esou wéi den Här Premierminister Bettel se elo nees an d’Spill bruecht huet. D’Äntwert op déi déif Krisen vun an an der Europäescher Unioun kann net “ëmmer méi Europa” heeschen, mee muss an enger Stabiliséierung a Konsolidéierung vun der europäescher Zesummenaarbecht am Kader vun engem Europa vun den Natiounen bestoen.
Déi Personaldecisiounen, déi elo geholl goufen, sinn net nëmmen e Resultat vun deem déiwe Mësstrauen tëschent den europäesche Staaten, mä riskéieren och nach d’Spannungen an deene nächste Joren weider ze verdéiwen.
Ëmmer méi Europa heescht an Zukunft ëmmer méi Berlin a Paräis. An dat kann net gutt sinn, weder baussen- nach verdeedegungspolitesch nach, wat d’EU-Finanzen ugeet, fir nëmmen déi ze nennen.
Matgedeelt vun der ADR