Search

You may also like

Sang a Klang Pafendall: et gëtt nees e Kanner-Chouer!
International Neiegkeeten

Sang a Klang Pafendall: et gëtt nees e Kanner-Chouer!

1966 gouf ënnert der Chorale Royale Grand-ducale Sang a Klang

Deconfinement: d‘Fransouse ginn et gemälleg un
International Neiegkeeten

Deconfinement: d‘Fransouse ginn et gemälleg un

Ab muer Donneschdeg gëtt bei eis am Land dat modifizéiert

Feier am Schraasseger Prisong
International Neiegkeeten

Feier am Schraasseger Prisong

Wéi d‘Prisongsverwaltung matgedeelt huet, ass et um fréie Freidegmuere géint

Gemeinsam EU-Standarts fir gréng Investitiounen

Fir Transparenz an Nohaltegkeet amplaz Greenwashing am Finanzsecteur

Gemeinsam EU-Standarts fir gréng Investitiounen

An engem neie Communiqué vun der grénger EU-Deputéiert Tilly Metz gi kloer gemeinsam EU-Standarts fir gréng Investitioune gefuerdert, fir esou den europäesche Finanzmaart méi nohalteg ze maachen an d’Finanzsstréim a Richtung Netto-Null-Emissiounen ze leeden.

Déi Deputéiert vum EU-Parlament hunn d’Resultat vun der Verhandlung iwwert d’Ariichtung vun engem Kader zur Erliichterung vun nohaltegen Investitiounen haut mat grousse Majoritéit ugeholl. Eng gréng Lëscht setzt Standarts fir nohalteg Investitioune fest, mëscht gréng Investitiounen transparent a gëtt den Investisseure Sécherheet iwwert gréng Finanzmaartproduiten.

D’Verhandlunge vum EU-Parlament, zesumme mam Rot an der Europäescher Kommissioun („Trilog“) fänke viraussiichtlech an der neier Legislatur un.

Déi gréng EU-Deputéiert Tilly Metz kommentéiert: „Gréng Finanzmäert récken ee Stéck méi no. D’Standarts fir gréng Investitioune schafe Sécherheet fir Pensiounsfongen, Versécherungsgesellschaften a privat Investisseuren. Déi Gréng am Europäesche Parlament kënnen de Virschlaf vun der Europäescher Kommissioun däitlech verbesseren a sécherstellen, datt Milliounen net a Greenwashing investéiert ginn, mee realen Nohaltegkeetskritären entsprieche mussen an datt sozial Mindeststandarts agehale ginn.

Dank gréngem Asaz sinn och d’Investitiounen an Atomenergie explizit ausgeschloss ginn. Domat geet dat Europäescht Parlament dem Beispill vu Lëtzebuerg no, wou säit 2016 ee Labelling fir Klimafinanzproduiten existéiert, déi nuklear Investitiounen ausschléissen. Leider huet eng réckwäertsgewandt Majoritéit u Konservativen a Liberalen d’Aféierung vun enger „bronger Lëscht“ verhënnert, déi den Uleeër däitlech gemaach hätt, wéi eng Projete kloer net nohalteg sinn, d’Produktioun vu méi CO2 ënnerstëtzen an et der EU erschwéiere wäerte, déi Paräisser Klimazieler ze erreechen.“

Related topics brong Lëscht, EU-Kommissioun, EU-Parlament, Europa, Greenwashing, gréng Lëscht, Nohaltegkeet, Tilly Metz
Next post Previous post