Search

You may also like

An Therapie: Kierperbemolung amplaz Selbstverletzung
Neiegkeeten

An Therapie: Kierperbemolung amplaz Selbstverletzung

D’Problemer vun der psychescher Gesondheet si mëttlerweil esou aktuell, wéi

D’Caritas Lëtzebuerg ass houfreg op hire Bilan 2020
Neiegkeeten

D’Caritas Lëtzebuerg ass houfreg op hire Bilan 2020

Och d’Caritas Lëtzebuerg hat am vergaangene Joer duerch d’Pandemie mat

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!
Neiegkeeten

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!

De Ciné-Club zu Esch-Uelzecht luet all Mount op interessant Filmpresentatiounen

Gemeng Biwer – Avis fir de Public: Urbanismus

Gemeng Biwer – Avis fir de Public: Urbanismus

A senger Sëtzung vum 18. Mäerz 2019, huet de Gemengerot enger punktueller Modifikatioun vum PAG „An der Schmëtt“ zougestëmmt. Dee bezitt sech op de Reklassement vun de folgende 66 Parzellen, déi am Kadaster vun der gemeng Biwer, Sektioun D vu Wecker, um genannte Standuert „Am Syrdall“ ënnert de Nummeren:

275/2210, 275/2209, 275/2208, 275/2207, 275/2206, 275/2205, 275/2204, 301/2203, 287/2211, 287/2220, 275/2221, 275/2222, 275/2224, 275/2225, 275/2226, 275/2227, 275/2228, 287/2229, 287/2230, 287/2231, 287/2232, 287/2233, 287/2234, 287/2235, 287/2236, 287/2237, 287/2238, 285/2217, 285/2218, 285/2239, 285/2240, 285/2241, 285/2242, 285/2243, 285/2244, 285/2245, 285/2246, 285/2216, 287/2219, 285/2184, 287/2194, 287/2193, 282/2192, 280/2191, 271/2174, 281/2175, 281/2176, 282/2177, 287/2188, 287/2178, 287/2179, 287/2180, 287/2181, 289/2189, 289/2190, 302/2199, 302/2200, 302/2187, 271/2182, 291/2183, 302/2185, 302/2195, 302/2196, 302/2197, 302/2198, 301/2186; agedroe sinn.

Dës Parzelle leien aktuell am Urbaniséierungsperimeter a sinn agedroen als: Zon mat gerénger Densitéit, Zon vu mëttler Densitéit, Reservéiert Zon a Gréng-Zon.

D‘Demande fir d‘Modifikatioun huet zum Zweck déi genannte Parzellen aus dem grapheschen Deel vum Rapport an der Wunnzon 1, eng Zon déi dem PAP „neie Quartier“, „Zon mat Servituden“, „Urbanisatioun“, („landschaftlech Integratioun“ a „Renaturéierung“), Zon mat Servitude „Couloiren an reservéiert Beräicher“ (Couloir fir Stroosse-Projeten an Projete fir déi douce Mobilitéit), Zon vu Kaméidi, Gréngzon an Iwwerschwemmungszon.

Entspriechend den Dispositioune vun den Artikelen 12, 13 an 108bis (1) vum modifizéierte Gesetz vum 19 Juli 2004, betreffend de kommunalen Amenagement an déi urban Entwécklung, ass de PAG mat alle legalen a begleedende Pièce op der Gemeng deposéiert ginn, wou dem Public Asiicht gewäert gëtt. Dat fir en Delai vun 30 Deeg, also dem 27. Mäerz 2019 bis de 26. Abrëll 2019 (inclus).

A Konformitéit zu des Dispositioune vum Artikel 7 (1) vum modifizéierte Gesetz vum 22. Mee 2008, am Bezuch op d‘Evaluatioun vun der Inzidenz vu verschidde Pläng a Programmer op d‘Ëmwelt, ass den derzougehéierende Rapport mat alle senge Pièce, esou wéi et vum Gesetz virgesinn ass, op der Gemeng hannerluecht ginn, wou de Public an engem Delai vu 45 Deeg, also vum 27. Mäerz 2019 bis den 11. Mee 2019 (inclus) Asiicht huele kann.

E Resumé vum PAG ass um Site www.biwer.lu, am virtuelle Reider, Rubrik „Urbanismus“ verëffentlecht ginn.

De Schäfferot organiséiert den Donneschdeg 4. Abrëll um 17.30 Auer, am Kulturzenter „Fancy“ (8, Schoulstrooss zu Biwer – 1. Stack) eng Informatiounsreunioun zum genannte Projet of.

Observatiounen an Objektioune géint de genannte Projet, mussen dem Schäfferot vun der Gemeng Biwer, bannent dem genannten Delai vun 30 Deeg, schrëftlech agereecht ginn, soss kënnen se net berécksiichtegt ginn.

Observatiounen an Objektioune géint d‘Evaluatioun vun der Inzidenz vu verschidde Pläng a Programmer op d‘Ëmwelt, mussen dem Schäfferot vun der Gemeng Biwer, bannent dem genannten Delai vu 45 Deeg, schrëftlech agereecht ginn, soss kënnen se net berécksiichtegt ginn.

De Kolléisch vu Buergermeeschter a Schäffen

  • Marc Lentz, Buergermeeschter
  • Sylvie Steinmetz, Schäffin
  • Marc Greis, Schäffen
Related topics An der Schmëtt, Avis au Public, Gemeng Biwer, PAG, PAP
Next post Previous post