Search

You may also like

Brasilien betrëtt eng nei Ära
Neiegkeeten

Brasilien betrëtt eng nei Ära

Wa sech Rio de Janeiro zum Joreswiessel vu senger entspaanter

Festival atlântico: Lusophon Diversitéit an der Philharmonie
Neiegkeeten

Festival atlântico: Lusophon Diversitéit an der Philharmonie

De Festival atlântico feiert nees d’Musek vun de lusophone Länner

Bausecteur: d‘Patronat verweigert sech engem Kollektivvertrag
Neiegkeeten

Bausecteur: d‘Patronat verweigert sech engem Kollektivvertrag

Leschte Mëttwoch ass et an de Raimlechkeete vum nationale Conciliatiounsbüro

Gemeng Cliärref: Aktiv géint d’Liichtemissiounen

Gemeng Cliärref: Aktiv géint d’Liichtemissiounen

An, hutt Dir e Samschdeg pünktlech zur Earth Hour och d’Luucht ausgeknipst an d’Stäre gekuckt? D’Gemeng Cliärref huet ënnert anerem d’Beliichtung vu sengem Schlass symbolesch ausgemaach, an zousätzlech en neit Beliichtungskonzept presentéiert, mat deem aktiv der Liichtverschmotzung entgéint gewierkt an de Wäert vun der natierlecher Däischtert an de Fokus geréckelt soll ginn. Heivir hu sech déi Responsabel mam Naturpark Our zesummegesat, a sech international iwwert den INTERREG Europe Projet NIGHT LIGHT ausgetosch.

Op verschidde Plaze war d’Liichttechnik immens al, op anere Plazen konnt d’Gestaltung vun der Beliichtung net iwwerzeegen. Do wou vill Foussgänger ënnerwee sinn, gouf eng inadequat Liichtfaarf gewielt, an och d’Orientéierung am Stadraum duerch funktionell Beliichtung war net grad evident.

Gemeng Cliärref
(uewen lénks) Emile Eicher, President vum Naturpark Our; (uewen riets) Claude Turmes, Energieminister; (ennen lénks) Daniel Gliedner, Liichtberoder – bei der Presentatioun vum neie Liichtkonzept © Liz Hacken

Der Gemeng Cliärref ass de Problem vun der Liichtverschmotzung an der Energieeffizient ëmmer méi bewosst ginn, wouduerch am Oktober 2018 schliisslech ee sougenannte Liichtmasterplang erstallt ginn ass. Dobäi sollten d’Besoinen vun der Ëmwelt, der mënschlecher Perceptioun, der Sécherheet an der Atmosphär bei Nuecht berécksiichtegt ginn.

Ma, gläichzäiteg wollt een d’Identitéit vu Klierf stäerken. A wat präägt d’Gemeng? Richteg, säi Stadzentrum, sou wéi d’Klierfer Schlass. E Konzept konnt ageriicht ginn, bei deem eng konsistent Liichtfamill benotzt gëtt, déi op déi jeeweileg Plaz ofgestëmmt an ugepasst ka ginn. Dës weidere gëtt mat der neier Beliichtung de Stroumverbrauch, d’Maintenance an d’Liichtemissioune reduzéiert. Op de jeeweilege Plaze fillt ee sech wuel a sécher.

Gemeng Cliärref
De Pierre Reitz vum technesche Service an der Gemeng Cliärref © Liz Hacken

Ufank 2020 sollten déi nei Liichtinstallatiounen ëmgesat ginn, wat sech awer duerch d’Pandemie liicht verzögert huet. Vun der Stroossebeliichtung zu Klierf selwer, hin zur Beliichtung vum Schlass an verschidde Kierchen, ass d’Aarbecht gemaach. Un der Kierch zu Munzen gëtt nach gewierkelt, a fir d’Kierchen zu Léiler a Wäicherdang, sou wéi d’Ëmreschte vun de verbleiwende Stroossebeliichtungen ginn nach Pläng ausgeschafft.

Wichteg ass awer och, datt d’Bierger sech animéiert fillen aktiv géint d’Liichtverschmotzung ze kämpfen. D’Gemeng Klierf wëll als Virbild déngen a sech esou positiv op privat Projeten auswierken.

Dir wëllt méi zu dësem Thema gewuer ginn? Da kuckt emol op beim Festival NIGHT, Light & More vun eisen dräi Naturparke laanscht: www.nightlightandmore.lu.

Opmaacherbild: D’Klierfer Schlass – onbeliicht © Liz Hacken

Related topics Beliichtung, Claude Turmes, Däischtert, Daniel Gliedner, Earth Hour, Emile Eicher, Gemeng Cliärref, Klierf, Liichtverschmotzung, Naturpark Our, Pierre Reitz, Stärenhimmel
Next post Previous post