Search

You may also like

Dem Prënz Charel säi Bam
Neiegkeeten

Dem Prënz Charel säi Bam

No der Kanddaf am Klouschter vum Hellege Maurice zu Klierf,

EU-Kommissioun setzt Polen ënner Drock
Neiegkeeten

EU-Kommissioun setzt Polen ënner Drock

Beim Sträit ëm déi polnesch Justizreform, schéngt der Kommissioun zu

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang
Neiegkeeten

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang

Zanter Abrëll hunn déi hannerlëschteg Uschléi an Ugrëff vum Grupp

OPGEPASST! Versichte Bedruch an der Gemeng Käerjeng!

OPGEPASST! Versichte Bedruch an der Gemeng Käerjeng!

De Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng informéiert d‘Affer vum Tornado (9. August 2019), datt zanter ee puer Deeg frauduléis Dokumenter am Ëmlaf sinn. Gitt wann ech gelift net drop an a fëllt se virun allem net aus.

Wéi et heescht, sinn 2 Dammen an der Gemeng ënnerwee, déi e Froebou verdeelen. Si schwätze lëtzebuergesch an mat den Dokumenter déi si den Affer vum Tornado ënnerjubele wëllen, geet et hinnen anscheinend drëms Informatiounen zu de Schied ze erhalen, wéi och drëms gewuer ze ginn, wéi d‘Done benotzt goufen.

An dësem Kontext weist de Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot explizit drop hinn, datt et sech heibäi net ëm offiziell Dokumenter handelt, an d‘Gemeng och esou eng „Ëmfro“ net an Optrag ginn huet. Et sollt een wierklech net op dëse Questionnaire äntweren, an schon guer keng Date mat dëse Persounen deelen.

Käerjeng

Dat ass de Questionnaire, loosst wann ech gelift d‘Fangeren dovunner an informéiert är Noperen, déi et eventuell net sollte matkritt hunn.

D‘Gemeng weist dann och nach drop hinn, datt an den nächsten Deeg, en offiziellt Dokument un d‘Awunner vu Käerjeng verdeelt gëtt, an deem all déi noutwenneg Informatiounen enthale sinn, déi sech op d‘Prozedure bezéien, fir eng eventuell finanziell Hëllef ze kréien. Dës Ënnerlage sinn och entspriechend gekennzeechent.

Also nach emol: et sinn droleg Gesellinnen um Tour, a wat si am Gepäck bedeit näischt Gutts. Wann dir betraff sidd, an déi Dammen (oder wien och ëmmer) un ärer Dier klappen, wann ech gelift net de Questionnaire ausfëllen. Schéckt se fort oder rufft d‘Police, mee behaalt är Informatioune fir iech. Déi hu keng gutt Absichten.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Related topics Bedruch, Käerjeng, Questionnaire, Tornado
Next post Previous post