Search

You may also like

Esch2022: Déifferdeng setzt op Participatioun
Neiegkeeten

Esch2022: Déifferdeng setzt op Participatioun

Esch2022 dat ass zäitlech betruecht quasi scho muer, an natierlech

Ausenanersetzungen um Tempelbierg
Neiegkeeten

Ausenanersetzungen um Tempelbierg

Gëschter ass de moslemesche Faaschtemount op en Enn gaangen, a

Rakéiten um perseschen Himmel
Neiegkeeten

Rakéiten um perseschen Himmel

Während sech d‘Staats- a Regierungscheffe vun den „industrialiséierten Natiounen“ zu

Et muss ee wéi deen anere behandelt ginn

Et muss ee wéi deen anere behandelt ginn

E Méindeg hunn d‘Piraten an der Gemeng Péiteng eng Motioun deponéiert, mat där de Schäfferot opgefuerdert gëtt, datt wa scho Betriber ënnert d‘Äerm gegraff gëtt, datt dat dann och muss fir all Entreprise an der Gemeng valabel sinn, an hei och d‘Zomm vun der Hëllef sollt op engem Niveau gehale ginn.

Fir d‘Piratepartei ass ee et kee gutt Zeechen, wann d‘Koalitioun aus CSV & LSAP eesäiteg festleet, datt gewësse Betriber aus dem Horesca-Secteur sollen eng Finanzsprëtz erhalen, an aner net. Esou soll de Buergermeeschter an de Kolléisch vum Schäfferot dem Restaurant WAX 17.800 Euro an der Firma Munhowen/Brasserie Nationale 12.600 Euro als Hëllef accordéiert hunn.

Dat wier géintiwwer deenen anere Betriber aus dem Horesca-Secteur ongerecht, firwat de‘Piraten hei der Usiicht sinn, datt ee scho bal vun der „Fërderung vun der deloyaler Konkurrenz“ an dësem besonnesche Fall kéint schwätzen. Ganz vun der Hand ze weisen ass dës Ausso net, an esou ass et verständlech, datt sech d‘Piraten deem konstruktiv entgéintstellen. Hir Fuerderung ass Sënnvoll.

Si geséichen et léiwer, wann d‘Stad Péiteng sech um Beispill vun der Stad Lëtzebuerg géif bei hiren Hëllefen orientéieren. Zudeem sollt een, wann een dëse Wee wëll goen, all d‘Geschäftsberäicher an der Gemeng berécksiichtegen, an net eleng den Horesca-Secteur bevirdeelegen. Si géifen et hei als judiciéis a gerecht gesinn, wann all Entreprise an der Gemeng beispillsweis 5.000 Euro géif erhalen.

Hir Motioun wéi och den Awand si gutt argumentéiert, a si bezéien sech an hirem Plaidoyer dann och op eng EU-Direktive a stelle fest:

D‘EU-Bäihëllefsvirschrëfte sinn eng Viraussetzung dofir, datt d‘Entreprisen am gesamten EU-Bannemaart, ënnert gläiche Viraussetzunge matenaner konkurréiere kënnen. Déi ëffentlech Ënnerstëtzung fir eenzel Entreprise verzerrt d‘Konditioune fir d‘Konkurrenz an ass grondsätzlech nom Artikel 107 vum Vertrag zur Aarbechtsweis vun der europäescher Unioun verbueden“.

Ob de Buergermeeschter Pierre Melina a säi Schäfferot, d‘Reklamatioun vun de Piraten ze wierdege wëssen, war net gewuer ze ginn, mee et dierft ee sech sécher sinn, datt d‘Argumentatioun net mir näischt déi näischt kann ënnert den Teppech gekiert ginn. Dat soll net heeschen, datt wann eng vun de „privilegiéierten“ Entreprisen e gréissere Problem huet, een do net méi genau sollt hikucken.

Illustratioun: Datt den Horesca-Secteur vill gelidden huet stellt keen a Fro, an datt et nëmme lues nees uleeft, och dat muss ee bei den Hëllefe fir dëse Secteur berécksiichtegen, iert een Kritik üübt. Am Fall vu Péiteng, schéngen awer dës Kéier d‘Piraten eppes méi Wäitsiicht un den Dag geluecht ze hunn, wéi de Buergermeeschter a säi Schäfferot. (c) Javier Molina / unsplash

Related topics Finanzhëllef, Gläichstellung, HORESCA, Péiteng, Piraten, Piratepartei
Next post Previous post