Search

You may also like

What the Fakt – Virun 156 Joer annoncéiert den Abraham Lincoln: d’Emanzipatiounserklärung
Neiegkeeten

What the Fakt – Virun 156 Joer annoncéiert den Abraham Lincoln: d’Emanzipatiounserklärung

Den 22. September 1863 erschéngt dem 16. President vun Amerika,

Monte-Carlo: Keng Chance fir den Dylan Pereira
Neiegkeeten

Monte-Carlo: Keng Chance fir den Dylan Pereira

De leschte Weekend hat de Lëtzebuerger Pilot vum Momo Megatron

Gratis Stonn um Parking „Fort Neipperg“ a „Fort Wedell“
Neiegkeeten

Gratis Stonn um Parking „Fort Neipperg“ a „Fort Wedell“

D’Stad Lëtzebuerg huet elo annoncéiert, datt vum 29. November bis

Gemengen Zukunftsfit maachen

Déi gemeinschaftlech Erausfuerderung fir Syvicol a Regierung

Gemengen Zukunftsfit maachen

Leschte Méindeg 21. Januar huet d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) d‘Vertrieder vum Syvicol fir eng éischt Entrevue empfaangen. Bei dëser Entrevue huet d‘Inneministesch betount, d‘Reform vum Gemengegesetz géif eng vun hire Prioritéiten an dëser Legislaturperiod.

Ech wëll d’Gemengen zukunftsfit maachen. Mer mussen d’Gesetz un déi nei Missioune vun de Gemengen upassen an hinnen och déi néideg Moyene ginn, fir am Déngscht vun de Bierger schaffen ze kënnen!

Taina Bofferding

D‘Taina Bofferding huet op d‘Wichtegkeet vun dëser Entrevue mam Syvicol insistéiert, deen als privilegiéierten Uspriechpartner vun lokale Kollektivitéiten unzegesinn ass. De Ministère als Uspriechpartner wäert an Zesummenaarbecht mat de Gemengen an am Interessi vun de Gemengen handelen.

D‘Reforme sollen net aus der Beaumontsgaass diktéiert ginn.

Taina Bofferding

An dëser Optik ass sech dann och schonn emol op eng weider Entrevue am Mäerz gëeenegt ginn. Hei sollen dann d‘Gespréicher hisichtlech der Reform vum Gemengegesetz verdéift ginn. Éischt Iddien oder Gedanken dozou, goufen um Méindeg net ausgeschwat.

Foto: (v.l.n.r. 1. Rei) Patricia Villar (Inneministère); Clara Muller (Inneministère); Guy Wester (Vizepresident Syvicol); Louis Oberhag (Vizepresident Syvicol), Emile Eicher (President Syvicol); Taina Bofferding (Inneministesch); Serge Hoffmann (Vizepresident Syvicol); Mireiller Cruchten (Inneministère), Nathalie Schmit (Inneministère) – (v.l.n.r. 2. Rei) Johanne Fallecker (Syvicol); Frank Goeders (Inneministère); Cyrille Goedert (Inneministère); Alain Becker (Inneministère); Lydie Polfer (1. Vizepresidentin Syvicol); Laurent Knauf (Inneministère); Gérard Koob (Sekretär Syvicol); Vanessa Schmit (Syvicol).

Related topics Inneministère, Inneministesch, Reform vum Gemengegesetz, Syvicol, Taina Bofferding
Next post Previous post