Search

You may also like

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut
Neiegkeeten

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet

Sexuell Gesondheet: Am Interview mam CESAS
Neiegkeeten

Sexuell Gesondheet: Am Interview mam CESAS

Um haitegen internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet hu mir

Winterlights 2018 – Gläich geet et erëm lass mat de Chrëschtmäert
Neiegkeeten

Winterlights 2018 – Gläich geet et erëm lass mat de Chrëschtmäert

Vum 23. November bis de 24. Dezember wäert een op

Iechternach: Gemengerot bewëllegt Hëllefen

Iechternach: Gemengerot bewëllegt Hëllefen

Am Kontext vun den Onwieder déi d‘Land den 13. a 14. Juli iwwerrannt hunn an do ee sougenannt „Wanterhéichwaasser am Summer“ ervirgeruff haten, war et Plazeweis zu grousse Schied komm an et kann een, mat Siicht op eis däitsch a belsch Noperen, vu Gléck schwätzen datt et keng Affer bei eis ze bekloen huet.

D‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP), hat dann och den 19. Juli, an der Circulaire 4021, de Stied a Gemengen notifiéiert, datt d‘Onwieder als Naturkatastroph erkläert goufen. Ganz schwéier Folgen hat de Staarkreen an dat begleedent Héichwaasser op der Sauer, méi Prezis an de Gemenge Rouspert-Mompech an Iechternach. D‘Stad Iechternach hat jo och missen deels evakuéiert ginn.

Iechternach

Gëschter goufen an der Abteistad an der Sonnersëtzung vum Gemengerot, eestëmmeg dräi nei Kreditter beschloss. En éischte Montant vun 100.000 Euro soll als Direkthëllef vir eng 500 Awunner agesat ginn, en zweete Montant an Héicht vun 200.000 Euro muss fir d‘Beseitegung vum Knascht, dee d‘Iwwerschwemmung mat sech bruecht huet, opgewannt ginn. An dat ass net alles…

Duerch d‘Héichwaasser hunn net nëmmen d‘Leit an d‘Entreprise zolidd gelidden, nee och déi méi „allgemeng“ Infrastrukture vun der Iechternacher Gemeng sinn béis a Matleedschaft gezu ginn. Dat betrëfft esouwuel d‘Schoul, wéi d‘Sportshal an d‘Schwämm. Mee et sinn och Brécken a Stroosse futti. Fir dat alles ze flécken, ass nach emol 1 Millioun Euro vum Gemengerot bewëllegt ginn.

Notabene: dës Hëllefe ginn zousätzlech zu de staatlechen Hëllefen agesat.

Foto: © Commune d‘Echternach

Related topics Finanzhëllef, Gemengerot, Héichwaasser, Iechternach, Iwwerschwemmung, Staarkreen
Next post Previous post