Search

You may also like

money
D‘Indextranche ass fälleg
Neiegkeeten

D‘Indextranche ass fälleg

Laut dem statisteschem Amt (STATEC) huet d‘Inflatioun vum nationale Jorespräisindex

money
EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst
Neiegkeeten

EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst

En Dënschdeg de 15. Januar huet d‘EU-Kommissioun zu Stroossbuerg den

De Fall John F. Kennedy: entweder et seet een alles oder näischt!
Neiegkeeten

De Fall John F. Kennedy: entweder et seet een alles oder näischt!

E Knuppert mat Zäitzünder oder just eng naass Wick? D’Trump-Administratioun

Gemengerot Esch-Uelzecht: Schwiereg Verhältnisser, den éischten Akt

Gemengerot Esch-Uelzecht: Schwiereg Verhältnisser, den éischten Akt

E Freideg war déi lescht ëffentlech Sëtzung vum Escher Gemengerot (den 13. an 20. Juli gëtt et nach zwou technesch Sëtzungen) an et muss een aktuell vu „schwierege Verhältnisser“ schwätzen.

Well direkt zum Ufank d‘Oppositioun (LSAP, déi lénk, Dan Codello) gefuerdert huet, datt 11 Punkte vun der Dagesuerdnung missten erofgeholl ginn, dat well d‘Dokumenter an Ënnerlagen net Termingerecht virgeleeën hunn, an esou net vun de Conseillere konnte mat der néideger Rou analyséiert ginn, firwat et net méiglech zu dëse Punkte Stellung ze huelen.

De Schäfferot huet d‘Reklamatioun zur Kenntnis geholl an d‘Majoritéit huet un der virgeluechter Dagesuerdnung, deem en zousätzleche Punkt op Ufro vun déi lénk bäigesat ginn ass, ugeholl. Dat ass wuel net am Aklang mam Gesetz, wou virgeschriwwe gëtt, datt d‘Conseilleren d‘Ënnerlage fënnef Deeg virun der Sëtzung mussen erhalen, a sech esou virbereede kënnen.

Mam Versteesdemech war et dunn op der Oppositiounssäit net méi wäit hir, an déi schlecht Stëmmung huet sech dann och duerch déi ganz Sëtzung net méi geluecht. Et dierft esouguer mat e Grond gewiescht sinn, firwat sech ausser dem Marc Baum (déi lénk) kee vu der Oppositioun sech dem Mëttegiessen, dat ëmmer no der leschter Sëtzung organiséiert gëtt, ugeschloss huet.

D‘Brouchschoul a seng Maison Relais

De Schäffe Martin Kox (déi gréng) huet de Projet Brouchschoul mat senger Maison Relais virgestallt, wou d‘Aarbechten am Summer 2019 solle lassgoen. Also fir unzefänke gëtt déi al Struktur ofgerappt (597.000 Euro) an déi éischt Bauphas soll dann direkt nom Kollektivcongé an Ugrëff geholl ginn (14,625 Milliounen Euro). De Projet ass mat 28,3 Milliounen Euro budgetiséiert.

Am Uschloss zu dëser Presentatioun, huet de Martin Kox nach eng Gesamtiwwersiicht iwwert den Ausbau vun de Schoulinfrastrukture ginn. Dofir hat den onofhängege Conseiller Dan Codello kee Versteesdemech, a monéiert, datt dëse Punkt net op der Dagesuerdnung gestanen hätt. Hie verbitt sech dann och all Stellungnam, well dës Presentatioun net an der Kommissioun virgeleeën huet.

Fir de Conseiller Henri Hinterscheid (LSAP) gehéiert d‘Presentatioun zur Schoulorganisatioun, an se wier zudeem net vollstänneg, well hei de Belval ausgelooss ginn ass. Hie wollt da wësse wou d‘Kanner vum Belval scolariséiert ginn, a wou de Projet „Lentilles Terres Rouges“ drun ass? Hie bemierkt: datt et un der Zäit wier sech iwwert d‘Schoulsportinfrastrukture Gedanken ze maachen.

De Marc Baum (déi lénk) begréisst déi Gesamtiwwersiicht, hätt et awer begréisst, wann dozou d‘Ënnerlage virgeleeën hätten, an de Punkt op der Dagesuerdnung gestanen hätt. Esou wier et net méiglech gewiescht sech virzebereeden. Dobäi wollt de Martin Kox nëmmen de Plang virstellen. Den Devis fir déi éischt Bauphas vun der neier Brouchschoul ass eestëmmeg ugeholl ginn.

Nonnewisen: de Lous Nummer 6N

E weidere Bauprojet ass deen an de Nonnewisen a betrëfft de Lous Nummer 6N. De Martin Kox weist hei drop hin, datt de „Programm“ wéi virgestallt erhale bleift: 2 Appartementshaiser mat 19 Logementer, 26 Eefamilljenhaiser an 462 Quadratmeter kommerziell Flächebenotzung. Geparkt gëtt hei ënnerierdesch. Dëse Projet gëtt op 27. 771.339 Euro beziffert.

De Projet gëtt dann och vum Henri Hinterscheid begréisst, well de Konsens mam Auto – op deen d‘Leit nach oft ugewise sinn – méiglech ass, an hei esou enger gudder Liewensqualitéit Rechnung gedroe gëtt.

Hie wollt dann awer wëssen, op et schonn Demande fir d‘Geschäfter gëtt, an hei op de „Commerce de Proximité“ wäert geluecht géif ginn? Zudeem huet hie gefrot, op d‘Diecher als Terrasse genotzt kënne ginn, oder op eventuell hei eng Fotovoltaikanlag kann zum Asaz kommen? An da géif ee gäre wëssen, wéi et mam Hëtzes ausgesäit.

D‘Linn Wies (déi lénk) stellt fest, datt alles vun der Stad Esch gebaut gëtt, a wëll wëssen, op all déi Logementer verkaf ginn? Hei hätt ee jo d‘Méiglechkeet, wann een de politesche Wëllen derzou huet och präiswäert Wunnengen unzebidden an een esou gläichzäiteg zur wënschenswäerter Mixitéit am Quartier kéint bäidroen.

Daachterrasse gëtt et keng an dat mat der Fotovoltaikanlag ass komplizéiert, esou de Schäffen. Fest ass, datt alles verkaf an iwwert den urbane Reseau gehëtzt gëtt. Heizou gëtt et eng Konventioun mat Arcelor (10 Joer) an et géif schonn iwwerluecht wéi et duerno weider soll goen. Déi lénk ass net géint de Projet, enthält sech awer, well déi sozial Dimensioun hei net berécksiichtegt ginn ass.

D‘Gewerbesteier gëtt erofgesat

An der Sëtzung ass och d‘Gewerbesteier fir 2019 festgeluecht ginn. Aktuell kommen esou ronn 14 Milliounen Euro an d‘Kees eran. Mat der Reform vum Gemengegesetz, ginn zukünfteg nach just 35% vun der Gewerbesteier direkt an Gemengekeess, 65% landen an engem gemeinsamen Dëppen. Déi Steier soll vun elo 9,75% (325 Punkten) op 8,25% (275 Punkten) erofgesat ginn.

De Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) an de Schäffe Pim Knaff (DP) begrënnen dës Baisse domatter, nei Entreprisen op Esch unzéien ze wëllen. Et wier och e Beitrag zur Dezentraliséierung, zemools wann een d‘Potential vun der Stad géif berécksiichtegen. D‘Baisse vun der Gewerbesteier géif nei Aarbechtsplaze schafen, an esou och nei Awunner unzéien.

Argumenter déi esou vun der Oppositioun net gedeelt ginn. Wuel stellt den Dan Codello fest, datt gehale gëtt wat am Koalitiounsaccord steet, mee hie bedauert, datt ausser dem Argument mat de Frichen näischt derbäi ass wat ee kéint gutt fannen. A well dat mat de Frichen nach net fir „muer ass“, gesäit den onofhängege Conseiller den Zäitpunkt vun der Entscheedung als verfréit un.

Fir d‘Taina Bofferding (LSAP) wier d‘Entscheedung schlicht an ergräifend e Steierkaddo fir Entreprisen déi dësen net brauchen. Der Conseillère ass dann och net ersiichtlech, firwat esou e Schratt net am Pro-Süd Syndikat diskutéiert ginn ass, sech drop baséierend, datt bis heihinner de kooperative Gedanken ëmmer iwwert dem Konkurrenzdenke gestanen huet.

Iwwerhaapt wier et kontraproduktiv d‘Steieren, déi schonn zu de niddregste gehéieren, ouni Récksiicht op d‘Nopeschgemengen nach weider erofzesetzen. Datt Butteker an der Uelzechtstrooss zoumaache géif net un der Gewerbesteier leien, woubäi hei déi meescht dës Steier souwisou net ze bezuelen hunn. Hei géifen der Gemengekeess Recette verluer, ouni dat e Géigefinanzement besteet.

De Christian Weis (CSV) deelt déi Siicht net. Et hätt zum Zweck gréisser Betriber op Esch ze kréien, a géif gläichzäiteg betounen, datt eng „aner Politik zu Esch ukomm ass“. Et hätten dann och Experte bestätegt, datt d‘Héicht vun der Gewerbesteier Entreprisë motivéiere kann sech unzesidelen a wann Esch sech entwéckelt, och déi aner Gemengen eppes dovunner hätten.

Fir de Marc Baum, deen déi Escher Situatioun um Niveau vun de Finanzen als net esou „roseg“ gesäit, ass d‘Baisse vun der Gewerbesteier eng strikt liberal Moossnam. A kenger Stad am Land géif déi sozial Scheier esouwäit ausenanergoen, an hie freet sech dann, datt wa vun Aarbechtsplaze rieds ass, wéi eng domatter gemengt sinn. Et wéilt jo och Aarbecht fir déi Escher, oder?

Hei géif eendeiteg de Banken (an enger ganz Speziell) e Kaddo gemaach, an am gläichen Otemzuch déi aner Gemenge genéidegt och hire Steiersaz no ënnen ze revidéieren. Et hätt een dat net dierfe maachen ouni sech am Virfeld mat deenen aneren ofgeschwat ze hunn. Wat d‘Friche betrëfft, esou gesäit de Marc Baum nëmme Banken a Versécherungen, wou dach Wunnenge sollte prioritéit hunn.

Déi ganz Argumentatioun géif dann och net op seriéisen Zuele baséieren. Hien erënnert esouguer un 2012, wou Esch den Taux gehuewen hat, mat der Zoustëmmung vun der DP, déi sengerzäit vun enger „antizyklescher Politik“ geschwat haten. D‘Entscheedung d‘Gewerbesteier erofzesetze wier also skandaléis: „hei verléiere mir an déi aner Gemengen direkt mat“, esou de Marc Baum.

„RBC kritt no vill Joren Interventioun dann elo awer Recht“, iergert sech d‘Vera Spautz (LSAP) déi sech als fréier Buergermeeschtesch gutt drun erënnere kann, wat se stänneg gesouert a gejéimert hunn. Si hätte gedreet „ze goen“ bis se gewuer gi sinn, wat en Terrain an der Stad kascht. Et hätt ee Stand gehalen, mat deene Gréngen, déi sech bis haut, ëmmer géint eng Baisse gestallt haten.

Dat war virun der Zäit vum Luc Majerus (déi gréng), dee mat den Argumenter vun der Oppositioun net averstanen ass. Dat et nach kee Plang fir d‘Friche gëtt stéiert hien net, well et bei der Baisse vun der Gewerbesteier ëm eng Investitioun an d‘Zukunft geet. Dat et nach zu enger Baisse kënnt iert déi nei Terrainen ausgewise sinn, géif den Entreprise erméigleche laangfristeg ze plangen.

Et wier dann och net onfair den anere Gemenge géinteniwwer. Solidaritéit tëscht de Gemenge géif sech net un der Gewerbesteier festmaache loossen. Zudeem wier Esch och elo scho konkurrenzfäeg den Zweck also en aneren. An datt Esch manner Recette soll erakréien, dat kéint een esou net behaapten. D‘Gewerbesteier erofzesetze géif de Betriber Sécherheet bidden.

De Pim Knaff erënnert drun, datt Esch no der Reform vun de Gemengefinanzen, vum Staat eppes iwwer 4 Millioune méi zougewise kritt, mat der Baisse vun der Gewerbesteier tëscht 800.000 an 900.000 Euro manner erhuewe ginn. Hei géif et zudeem drëms goen e Signal ze setzen, a nieft groussen Entreprisen och Start-up Betriber unzezéien, net spezifesch Banken oder Assurancen.

Esou wieren d‘Aussoe vum Taina Bofferding net beleeën, an d‘Gewerbesteier wier e politesch a fiskaalt wichtegt Instrument fir sech wirtschaftlech ze positionéieren. Zudeem géif den Taux erofgesat fir insgesamt méi eranzekréien. Preziséiert huet de Pim Knaff dat net, ausser datt een et besser wëll maache wéi d‘Virgänger. Ëmmerhi wier een ugetruede fir de Stëllstand ze briechen.

Bei der Ofstëmmung waren déi lénk an d‘LSAP dergéint, den Dan Codello huet sech enthalen a begrënnt: „dir hutt mech zu Enthalung gezwongen (…) bis d‘Friche genotzt kënne gi wäerten nach 8 bis Joer vergoen, wien garantéiert, datt sech d‘Gewerbesteier bis dohinner net ännert? .“ Mat de Stëmme vun der Majoritéit ass de neie Steiersaz ugeholl ginn.

Eng Kéier kuerz duerchootmen

Beim Punkt zur Gewerbesteier hat vill Tëscheriff an onopgefuerdert Interventioune ginn, datt ee bal frou war, wéi et zur Organisatioun vun der Museksschoul fir 2018/19 komm ass. Hei kommen nach emol Formatiounen derbäi, an de Conseiller Jean Tonnar (LSAP) ass besuergt op et mat der Plaz nach duer geet. De Pim Knaff bestätegt datt d‘Grenzen erreecht sinn, an no Léisunge gekuckt gëtt.

D‘Schäffin Mandy Ragni (déi gréng) huet de Bilan vum Office Social presentéiert. De Punkt ass genotzt gi fir op de Groussbrand vu leschter Woch zréckzekommen, an e Punkt ze maachen. Esou wier de Leit gehollef ginn, an et géif een uecht doen, datt do och keen „ënnerwee verluer geet“. Och géif et grousst soziaalt Engagement iwwer déi Sozialnetzer ginn.

Béid Punkte sinn eestëmmeg ugeholl ginn. Op de weidere Verlaf vun der Gemengerotssëtzung komme mir muer zréck. Hei stinn nieft dem „Zousazpunkt“ vun déi lénk, nach e puer wichteg Informatiounen aus, déi awer de Kader hei ganz sprenge géifen, woubäi et elo och net verkéiert ass eng Kéier gutt duerchzeootmen.

Related topics Brouchschoul, Esch-Uelzecht, Gemengerot, Gewerbesteier, Nonnewisen
Next post Previous post