Search

You may also like

Kloerheet zum Pandemiegesetz: Net iwwert d’Zil hinaus schéissen
Neiegkeeten

Kloerheet zum Pandemiegesetz: Net iwwert d’Zil hinaus schéissen

Säit Mëtt Mäerz gëllt zu Lëtzebuerg den Ausnamezoustand, wouduerch dat

Nëmme wann s du vu Gréiwemaacher bass, kriss de hei eng perfekt Punktzuel!
Neiegkeeten

Nëmme wann s du vu Gréiwemaacher bass, kriss de hei eng perfekt Punktzuel!

[onionbuzz quiz-id=149][/onionbuzz] An eisem leschten Kantonsquiz reese mer op Gréiwemaacher.

Impfstoff: Sträit ëm eppes wat et nach net gëtt
Neiegkeeten

Impfstoff: Sträit ëm eppes wat et nach net gëtt

Honnerte Projeten, dovunner eng gutt Dosen déi villverspriechend sinn. Et

Teletravail an Digitaliséierung: Wat hält de Gemengesecteur dovun?

Teletravail an Digitaliséierung: Wat hält de Gemengesecteur dovun?

Mam Ufank vun der Coronakris ass de Gemengesecteur virun eng Rei Erausfuerderunge gestallt ginn. Den Teletravail huet schnell missen agefouert ginn, d’Digitaliséierung acceleréiert an eng aner Aart vun der Kommunikatioun garantéiert ginn. An dësem Kader hat den Inneministère eng Enquête lancéiert, fir op der enger Säit en Etat des Lieux zur Organisatioun an dem Fonctionnement wärend der sanitärer Kris ze maachen an esou Réckschlëss ze zéien, fir d’Administratiounen an Zukunft ze geréieren.

Am Ganze sinn dobäi 2.420 Questionnairen online ausgefëllt ginn. Dovunner waren 84,3 % bei enger Gemeng ugestallt, 10,5 % bei engem Gemengesyndikat an 5,2 % an engem Etablissement Public (Sozialbüro a.ä.).

Bal d’Halschent (49,1 %) vun de Befroten huet vun de spezielle Moossname vun der Regierung (Congé aus familiäre Grënn, Dispens) profitéiert.

Gemengesecteur

Komme mir eriwwer bei den Teletravail, dann zielt d’Ëmfro 66,4 % u Persounen, déi vun Doheem aus geschafft hunn. Si ënnerdeele sech a 54,5 %, déi wärend dem gesamten Zäitraum Homeoffice haten a 45,6 % just temporär. Ma, nëmmen 9,8 % vun hinnen hat am viraus schonn emol Teletravail misse maachen, wouduerch et fir d’Majoritéit vun de Befroten eng nei Erfarung war.

Et koum een zur Schlussfolgerung, datt sech den Teletravail och dann, wa mir nees an d’Normalitéit zeréckkommen, ubidde géif. Dofir benéidegt een awer zousätzlech technesch, informatesch an organisatoresch Moossnamen, fir datt d’Aarbecht op Distanz och gutt klappt.

Dës weideren koum bei der Enquête eraus, datt just 1,4 % vun de Befroten op Pabeier zeréckgegraff hunn, wärend 98,6 % déi digital Mëttel genotzt hunn. Dobäi krut quasi déi eng Halschent e Computer zur Verfügung gestallt (52,5 %), déi aner hunn de perséinleche Computer genotzt (47,5 %). Iwwert een Drëttel vun de Participanten (35,1 %) sinn der Meenung, datt d’Digitaliséierung hir Aarbecht immens vereinfacht huet, wärend 30,4 % denken, datt et just e bëssen gehollef huet.

Gemengesecteur

Wéi eng Réckschlëss kann een zéien?

Souwuel d’Agenten, wéi och déi Persounen, déi d’Effikassitéit vum Teletravail no der Kris garantéiere sollen, hunn verschidde Propositiounen erausginn.

Esou fuerderen d’Agenten, datt beim Schaffen op Distanz generell ouni Pabeier agéiert gëtt, dofir awer elektronesch Ënnerschrëften, eng elektronesch Gestioun vun den Dokumenter mat zentralem Archiv-System, Prozeduren zum elektroneschen Iwwermëttele vun Dossieren tëscht Gemeng a Staat a Kommunikatiounsplattformen fir d’Ekippen mussen agefouert ginn.

Wien digital schafft, dee muss och den néidegen Equipement zur Verfügung gestallt kréien (Computer, Ecran, Telefon, Drucker, …) an et soll een aus der Distanz op de Server zougräife kënnen. Natierlech mussen d’Agente forméiert a sensibiliséiert ginn, wärend och beim Traitement vun den Donnéeën déi noutwenneg Sécherheet muss garantéiert ginn.

Ënnert anerem fuerderen d’Agenten och, datt e System fir de Monitoring vun der Aarbecht vun all Employé muss agefouert ginn, wéi och eng Aart Guide, wéi ee sech richteg verhale soll am Homeoffice. Ma, fir beispillsweis d’Videokonferenze solle sech Staat a Gemengen op een eenzegen informateschen Outil eenegen.

Deem hat den zweete Grupp dobäi ze fügen, datt e klore Kader definéiert muss ginn. Den Teletravail soll sech just op Posten limitéieren, wou d’Aarbecht aus der Distanz gutt méiglech ass, an dat am beschte Fall just 1 bis 2 Mol d’Woch mat fixen Zäiten. Wärend dem Teletravail soll de selwechte Pensum erleedegt ginn, wéi wann een op der Plaz ass, a genee dat soll duerch e spezielle Kontrollsystem iwwerwaacht ginn. Agente mussen wärend hirem Homeoffice erreechbar sinn an am reegelméissegen Echange mat den aneren Agenten an Ekippe stoen.

Ma, d’Presenz um Büro misst trotzdeem och garantéiert ginn.

D’Inneministesch Taina Bofferding huet an dësem Kader erkläert, datt d’Digitaliséierung e Prozess ass, bei deem ee méi Niveauen ofstëmme muss (Gesetz, Reglementer, Programmatioun an Entwécklung). E klore Kader ass noutwenneg a gëtt an Zukunft mat de Sozialpartner um Sëtz vun der Zentralkommissioun ausgeschafft.

De Rapport zur Ëmfro fannt Dir HEI.

Related topics Digitaliséierung, Ëmfro, Enquête, Equipement, Gemengesecteur, Homeoffice, klore Kader, Kontrollsystem, Limitatiounen, Organisatioun, Propositiounen, Taina Bofferding, Teletravail
Next post Previous post