Search

You may also like

Nei Fréijoersliteratur vun Editions Schortgen
International

Nei Fréijoersliteratur vun Editions Schortgen

Passend zum waarme Fréijoer bréngt Editions Schortgen e Méindeg, den

What the Fakt – de Frank Sinatra kënnt op d’Welt
International

What the Fakt – de Frank Sinatra kënnt op d’Welt

Den US-amerikanesche Sänger, Entertainer a Schauspiller ass och haut nach,

money
Lëtzebuerg huet d‘Kris ënner Kontroll
International

Lëtzebuerg huet d‘Kris ënner Kontroll

Nodeems de Pierre Gramegna ee Méindeg an der Finanzkommissioun déi

Déi Hollännesch Gemengewahlen fanne sech am Schied vum Geheimdéngschtreferendum erëm

Déi Hollännesch Gemengewahlen fanne sech am Schied vum Geheimdéngschtreferendum erëm

12 Millioune Wieler wielen hir Vertrieder an 380 Gemengen. Dem Geert Wilders seng extrem-riets Partei kéint sech bei de Gemengewahlen um Mëttwoch op lokalem Niveau stäerken. Dat während den hollännesche Wieler och opgefuerdert ass, sech zu engem Gesetz ze äusseren, mat deem d‘Muecht vum Geheimdéngscht soll erweidert ginn

D‘Gemengewahlen si besonnesch fir déi extrem-riets an d‘Populiste wichteg, well si sech als eenzeg Oppositioun zur liberaler Regierung vum Mark Rutte gesinn. Mee de politeschen Debat an de leschte Wochen, huet sech op de consultative Referendum konzentréiert. Mam Gesetz, dat den 1 Mee soll a Kraaft trieden, kritt den hollännesche Geheimdéngscht zousätzlech Mëttel a Rechter.

Rechter, virun allem wat den Zougrëff op d‘Date vun de Leit am Internet ugeet. En Zougang, deen am Zesummenhang mat Enquêten zu dschihadisteschen Aktivitéite gefuerdert gouf. Während déi d‘Gesetz als noutwenneg betruechten, gesinn et anerer als eng Beschneidung vun der Fräiheet an de Grondrechter. En Text also, dee d‘Gesellschaft spléckt a vill Plaz an de Medie kritt huet.

Et kéint e knappe Referendum ginn

Ugesicht de leschte Sondagen, géifen 53% vun de Wieler d‘Gesetz zur Stäerkung vum Geheimdéngscht gutt fannen. De Referendum war beschloss ginn, nodeem fënnef Amsterdamer Studenten en Opstand gemaach a sech géint d‘Gesetz positionéiert haten. Si goufen heibäi vu Perséinlechkeeten aus der Medielandschaft ënnerstëtzt gi.

Och Organisatiounen, déi sech fir Rechtssécherheet asetzen, hu sech ëffentlech géint de Gesetzestext ausgeschwat. Si fäerten, datt hei virun allem Date gesammelt ginn, déi a kengem Zesummenhang mat lafenden Enquêten stinn. D‘Ënnerstëtzer vum Gesetz gesinn eng Verbesserung a sinn iwwerzeegt, datt op dës Manéier Verbrieche kënne verhënnert ginn.

Mam Referendum awer, sinn d‘Gemengewahlen eppes an den Hannergrond geroden. Déi gëllen awer och als „Test“ fir déi extrem-riets Bewegung. De staarke Mann vun der hollännescher Oppositioun, den islamfeindleche Geert Wilders, gesäit an dëse Walen eng grouss Chance, sech op lokalem Niveau ze befestegen an esou méi politeschen Afloss ze erhalen.

Fräiheetspartei versus Forum fir d‘Demokratie

Am Ament ass dem Geert Wilders seng Fräiheetspartei (PVV) an de Gemengeréit vun den Haag an Almere vertrueden. PVV-Kandidaten trieden dëst Joer awer an 30 Gemengen un. Se si gutt motivéiert, wat net zu lescht um Fait festzemaachen ass, datt d‘Partei bei de Chamberwahle virun engem Joer, 20 Mandater fir sech konnt verbuchen.

„Déi riets Parteien hu bei de Nationalwahlen 2017 virun allem gewonnen, well déi lénks Parteie kaum attraktiv sinn. Wat iwwregens nach ëmmer esou ass, och op lokalem Niveau“, erkläert de Ruud Koole, Professer a politesche Wëssenschaften op der Universitéit zu Leiden.

Et muss een vollstännegkeetshalber awer drop hiweisen, datt een och bei deene „Rietsen“ – vun extrem bis „just“ populistesch – net méi vun Zoulaf schwätze kann. Schold dorunner sinn d‘Militante vum Forum fir d‘Demokratie. En Partei déi sech ronderëm de charismateschen Thierry Baudet opgebaut huet, an besonnesch déi jonk, déi konservativ a gutt gebilte Wieler unzitt.

Dem Thierry Baudet seng Formatioun ass wuel „attraktiv“ mee nach zimlech nei. Si huet bei de Nationalwahlen 2017 zwee Mandater erhalen, an stellt fir d‘Gemengewahlen nëmme Kandidaten zu Amsterdam a Rotterdam op.

Ganz kuriéis awer onheemlech interessant, d‘Feststellung datt et och zwee ganz jonk Kandidaten op de Wahllëschte gëtt. Zu Tilburg an zu Someren hunn sech jee ee 14 järegen opgestallt. De Fall gesat si hätten tatsächlech d‘Wieler iwwerzeegt, a géife genuch Stëmmen erhalen, esou missten se awer op den 18. Gebuertsdag waarde vir am Gemengerot ze siegéieren.

mam Jan Hennop/AFP

Related topics Geert Wilders, Geheimdéngschtreferendum, Gemengewahlen, Holland
Next post Previous post