Search

You may also like

Viru 40 Joer: wat et aus der Rock-Geschicht ze ziele gëtt
Neiegkeeten

Viru 40 Joer: wat et aus der Rock-Geschicht ze ziele gëtt

1978 war en zimlecht gutt Joer, zumindest fir all déi

D’Europawahlen zu Lëtzebuerg de 26. Mee
Neiegkeeten

D’Europawahlen zu Lëtzebuerg de 26. Mee

De 26. Mee 2019 sinn d’Europawahlen an den Zentrale Regierungsbüro

Laschet & Söder: „Et kann nëmmen ee ginn“
Neiegkeeten

Laschet & Söder: „Et kann nëmmen ee ginn“

De CDU- an de CSU-Chef versichen sech als politesch Alphadéier

Gendersensibel Schreifweis an offiziellen Texter

Gendersensibel Schreifweis an offiziellen Texter

De Ministère fir d‘Gläichstellung vu Fra a Mann (MEGA) ass Virbildlech, wann et ëm Gläichheet geet, firwat an all seng Publikatioune grousse Wäert op eng „gendergerecht Schreifweis“ geluecht gëtt. Zu Lëtzebuerg, mat sengen zwou an de Ministère benotzte Sproochen: Franséisch an Däitsch, ee ganz wichtege Sujet. Gendergerecht Schreiwen ass wichteg fir déi sozial Kohäsioun.

Gendergerecht schreiwen also ëmmer all Geschlechter gläichermoossen ernimmen, entsprécht der Iddi, déi sech d‘Ministesch Taina Bofferding vu Gläichheet mécht. Fir d‘Auteure vun de genannte Publikatiounen, heest am Franséischen déi weiblech Form anzebauen, dat ënner Verwendung vu Bindestrécher (Bsp. Travailleu-r-euse, oder Etudiant-e). Am Däitsche gëtt de Problem mam Notze vu Groussbuschstawe geléist (Bsp. ArbeiterIn, oder StudentIn).

Aktuell gëtt dës Genderkonform Schreifweis just am Ministère vun der Gläichheet tëscht Fra a Mann, esou wéi och um Inneministère ugewannt. Béid Ministère ënnerstinn dem Taina Bofferding. Firwat awer gëtt dat net generell vun de Ministèren ugewannt? Laut dem Direkter vum SCRIPT – ee Service dee sech ëm déi pedagogesch an technologesch Innovatioun këmmert – läit dat dorunner, datt et keng staatlech Uweisung an dësem Sënn géif ginn.

Firwat dann och einfach, wa „Komplizéiert“ esouvill Spaass bereet

De Luc Weis schéngt allerdéngs elo net de grousse „Verdeedeger“ vun der gendergerechter – also der „Inklusiver“ – Schreifweis ze sinn a kann dat och erklären. Eigentlech géif jo hien sech fir eng inklusiv Schreifweis asetzen, mee et sollt an de Formuléierungen „Studenten a Studentinne“ notzen. Mat Bindestrécher a Groussbuschstawen, jee no Sprooch, riskéieren Texter, déi elo schonn de meeschte Leit onverständlech sinn, onlieserlech ze ginn.

Fir den Direkter vun Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), Luc Marteling, ass eng gendergerecht Schreifweis en Trend, deen sech och am lëtzebuergesche wäert duerchsetzen. Et géif an dësem Kontext ganz enk mam Kommissär fir déi Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, kooperéiert. Besonnesch fir Beruffsbezeechnunge wier dat jo och essentiell, leider wier dat mat der Form nach net gekläert. De Luc Marteling gëtt sengersäits och net vun Zwang aus.

Vum Educatiounsminister Claude Meisch (DP) heescht an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro säitens der ADR, dat déi vill ënnerschiddlech Schreifweise keng Feeler, mee Variatioune sinn. Eng gendergerecht Schreifweis géif d‘Beméie widderspigelen, Diskriminéierung duerch Sprooch ze vermeiden. Kuerz a knapp: jiddereen dierf a soll esou schreiwe wéi et him passt, muss awer a kaf huelen, dofir entspriechend kritiséiert ze ginn. An dat egal wéi geschriwwe gëtt…

Annex:

D‘Sproochereeglement vun der Stad Zürech

Leitfaden gendergerechte Sprache“ (Universitéit München)

Gendergrecht Sprooch, firwat a wéi? (Kinder& Jugend Marketing Kontor)

Illustratioun: © Hannah Grace / unsplash

Related topics Educatiounsministère, gendergerecht Schreifweis, MEGA, SCRIPT, ZLS
Next post Previous post