Search

You may also like

EU-Kommissioun empfeelt nei Bäitrëttskandidaten
International Neiegkeeten

EU-Kommissioun empfeelt nei Bäitrëttskandidaten

Grad eréischt ass en neit EU-Parlament gewielt ginn an d‘Volleksvertrieder

Zuchstreck Beetebuerg-Diddenuewen bleift zou
International Neiegkeeten

Zuchstreck Beetebuerg-Diddenuewen bleift zou

Nodeems d‘Eisebunnsstreck tëscht Beetebuerg an Diddenuewen schonn déi lescht Woch

Vu Maskeflicht a medezineschen Attester (Kommentar)
International Neiegkeeten

Vu Maskeflicht a medezineschen Attester (Kommentar)

Wat bei eisen däitschen Nopere schonn zanter leschtem Summer als

Doudeger bei Policegewalt am Myanmar

Doudeger bei Policegewalt am Myanmar

Nodeems d‘Generäl am Myanmar nees d‘Muecht u sech gerappt, d‘Bierger sech pazifistesch mam zivillem Ongehorsam (civil disobedience) zur wier gesat hunn an déi politesch Féierung sech elo viru geriicht veräntwerte muss, steigt den Asaz vu Gewalt. Et gëllt als erwisen, datt hei „gewëssen“ Elementer geziilt Mënschen erschéissen…

Déi UN-Sonnerbeoptraagt Christine Schraner Burgener stellt um Mëttwoch fest: „Mir hunn haut 38 Affer ze bekloen“. Domadder si bannent engem Mount iwwer 50 Mënsche vun der Militärjunta ëmbruecht ginn. D‘Police setzt, esou d‘UNO, nieft Tréinegas a Gummiskugele, schaarf Munitioun an. Besonnesch aggressiv géifen sech d‘Autoritéiten zu Yangon a Mandalay verhalen, esou d‘UN.

Wou d‘Arméi eng Regierung (an där si selwer matgemëscht huet) stierzt, kann et weder Meenungs- nach Pressefräiheet ginn. All Form vu Widderstand muss däitlech a fir d‘Vollek „verständlech“ néiergeschloe ginn. Mënsche gi massiv ugegraff, et ass däitlech de Wëllen ze Schueden a Schued zouzefügen ze erkennen. Poliziste wéi Zaldoten, féieren hir Missioun wéi ugeuerdent prezis duerch.

Myanmar

Et ass dann och egal, ob do en Dokter, eng Fra oder ee jugendleche virun hinne steet: wann dee wou de Klabes an der Hand hält et fir opportun hält, dréckt en einfach of. Vill nogeduecht gëtt dobäi net an d‘Uerder bidde bekanntlech och keng Diskussiounsgrondlag. Iwwer 1.200 „Aktivisten“ wieren elo an Haft, ënnert hinnen och eng Rei Journalisten. Déi si besonnesch „gäre“ vun der Junta gesinn.

Laut der Organisatioun zur Ënnerstëtzung vu Politesche Prisonéier (AAPP), si 34 Journaliste vun der Junta verhaft ginn. Sechs Mediemataarbechter si wéinst „Berichterstattung“ elo ugeklot ginn. De Fotograf vun Associated Press (AP), Thein Zaw, war ee Samschdeg zu Yangon verhaft ginn. Si gi vun de Generäl beschëllegt „falsch Noriichten“ ze verbreeden an d‘Gewalt ze verherrlechen.

UN-Sécherheetsrot siegéiert

Well d‘Gewalt zanter dem Putsch bestänneg zouhëlt, a villes den Androck vermëttelt, wéi wann d‘Generäl dëst „Spill“ och géife genéissen, muss sech den UN-Sécherheetsrot nach emol dësem Dossier unhuelen. Wéi Myanmar nach Burma genannt gouf, an den Empire d‘Muecht am Land verkierpert hat, goufen d‘Jalone fir déi haiteg Situatioun geluecht. Et heescht aslo Faarf bekennen.

Dat géif dann och erklären, firwat déi brittesch Regierung fir muer eng Sëtzung vum Sécherheetsrot um Sëtz vun de Vereenten Natiounen zu New York ugefrot huet. Och an de sougenannte sozialen Netzwierker heefen sech d‘Appeller un d‘UNO, endlech eppes ze ënnerhuelen. Dat awer kann hei nëmme Friichten droen, wann d‘Veto-Muechten sech géifen eens ginn. Dat ass aktuell net de Fall.

Myanmar

Och aus der europäescher Unioun ginn Appeller un d‘Generäl geriicht. Dem Vollek vu Myanmar gëtt Solidaritéit verséchert, déi awer beschtefalls „virtuell“ ass, well d‘EU huet kaum ekonomesch Interessen op der Plaz. De Protest vun der EU a ganz besonnesch vu „gewësse“ Memberen, kann een nëmmen als „normalen diplomatesche Virgank“ bezeechnen. Eescht gemengt ass do näischt.

Net wesentlech méi glafwierdeg: de Virstouss vun der réimesch-kathoulescher Kierch. E Veräin, deen op seng ganz eegen Aart mindestens esou Kriminell, wann och eventuell net esou déidlech, wéi eng Militärdiktatur ass, muss och intervenéieren. De Poopst Francis op Twitter „Ech wëll déi wou d‘Verantwortung hunn dorunner erënneren, datt den Dialog besser wéi d‘Ënnerdréckung ass“.

mat indymedia/nyc/lon & The Irrawaddy/bkk

Foto: All Mëttel déi derzou bäidroe friddlech ze protestéieren, oder wei et a Myanmar heescht „civil disobedience movement“ (CDM) ze bedreiwe ginn agesat. Esou beseet en Awerglawen, datt ënnert engem Sarong vun enger Fra duerchzelafen, Ongléck a Verdierwe bréngt. D‘Hausfraen zu Yangon hunn dat opgegraff an „hir Wäschléngten“ iwwert d‘Stroosse gespaant… © The Irrawaddy

Related topics Burma, Militärjunta, Myanmar, Policegewalt, Poopst, Schosswaffegebrauch, UN-Sécherheetsrot
Next post Previous post