Search

You may also like

Vulkanausbroch op Java
International Neiegkeeten

Vulkanausbroch op Java

Op der indonesescher Insel Java ass de Merapi ausgebrach –

Lëtzebuerg impft d‘Frontalieren net
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg impft d‘Frontalieren net

Ausgeholl all déi Frontalieren déi zu Lëtzebuerg als Fleegepersonal schaffen,

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht
International Neiegkeeten

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht

Déi ganz Nuecht mat waarde verbruecht, verschanzt a voller Suerg,

Washington verhänkt Sanktioune géint d‘Genereel am Myanmar

Washington verhänkt Sanktioune géint d‘Genereel am Myanmar

Nom Militärputsch am Myanmar, hunn d‘USA sech fir Sanktioune géint d‘Militärjunta entscheet. Dat huet den US-President Joe Biden viru wéinege Stonnen annoncéiert. D‘Sanktioune sollen sech och géint d‘Familljenugehéiereg vun de Genereel wennen, wéi och all d‘Geschäftspartner vun der Arméi. A China dierft een dës Annonce opmierksam verfollegt hunn.

Ganz onerwaart kënnt dës Mesure net. Schonn a senger aussepolitescher Grondsazried, huet de 46. President vun de Vereenegte Staaten duerchblécke gelooss, datt Amerika net gewëllt ass de Genereel fräi Hand ze loossen. Et ass zudeem och ee Signal un d‘Partner sech „unzeschléissen“ an et dierft wuel och beim EU-Ausseministersommet, ausser de Sanktioune géint Russland, vill Gespréicher betreffend de Militärputsch am Myanmar ginn.

Myanmar

Wéi eng Sanktiounen d‘Amerikaner elo ergräifen? Dat soll an den nächsten Deeg ausféierlech der Welt matgedeelt ginn, heescht aus dem Wäissen Haus. Et wéilt ee geziilt virgoen, firwat an enger éischter Phas Exportkontrollen agefouert a weider Strofe virbereet ginn. Zudeem soll de Genereel den Zougrëff zum „Verméigen“ an den USA (rieds ass vun 1 Milliard US-Dollar) verspaart ginn.

Den US-President huet nach emol en Appell un d‘Genereel geriicht, déi verhafte Politiker – hei emol virrangeg d‘Regierungscheffin Aung San Suu Kyi an de Staatspresident Win Myint – an esou och d‘Aktivisten, ouni weideren Delai fräizeloossen. De Joe Biden verlaangt d‘Anhale vun den demokratesche Grondrechter a weist d‘Militärjunta drop hin, datt „déi ganz Welt kuckt no!“. An de Joe Biden huet kloergestallt:

Mir wäerte bereet sinn zousätzlech Mesuren ze ergräifen a wäerten och mat eisen internationale Partner zesummeschaffen, fir weider Länner ze ‚iwwerzeegen‘ eis bei dësen Ustrengungen ze follegen. (Joe Biden)

Vun der Bildfläch verschwonnen

Zanter d‘Junta d‘Aung San Suu Kyi an der Nuecht zum 1. Februar verhaft huet, gëtt et keng Spur méi vun de Regierungscheffin. Aus dem US-Ausseministère heescht, datt een esouwuel formell wéi informell Weeër genotzt hätt, fir Kontakt mam Aung San Suu Kyi opzehuelen. Dat hätten déi nei Dirigenten am Myanmar allerdéngs verhënnert. Et ass an der tëscht och gewosst, datt d‘Autoritéiten d‘Zentral vun der National Liga fir Demokratie (NLD) en Dënschdeg perquisitionnéiert hunn.

Myanmar

Säit dem Putsch gëtt et Protester am Myanmar. Ënnert dem Motto: „civil disobedience“ (zivillen Ongehorsam) versichen d‘Bierger am Myanmar der Militärjunta Widderstand e leeschten. Esou och gëschter, wou se nees zu Dausende géint d‘Muechtiwwernam protestéiert hunn. Schonn um Dënschdeg haten d‘Autoritéiten haart duerchgegraff an honnerte Manifestante verhaft. E Mëttwoch ass et zu Mandalay a Rangun zu weideren Iwwergrëff a Verhaftunge vun Aktiviste komm.

Zanter dem Méindegowend gëllt eng Ausgangsspär vun 20 bis 4 Auer an ee Versammlungsverbuet. D‘Militärjunta, déi hir „Muecht“ ni wierklech ofginn hat, leet d‘Geschécker vun der fréierer brittescher Krounkolonie Burma, quasi zanter der Onofhängegkeet vum Land. Si geet gewinnt haart an erbaarmungslos géint all Form vu Widderstand a Widdersproch fir. 2011 hat et eng sougenannt „demokratesch Ouverture“ ginn, an d‘USA haten dunn 2012 d‘Sanktiounen opgehuewen.

mat indymedia/was

Foto: D‘Generatioun „Z“ schéngt net gewëllt déi demokratesch Transitioun hei ofzebriechen a vereenegt sech zum Widderstand © OoMatrix (via Twitter)

Related topics Aung San Suu Kyi, Burma, Joe Biden, Militärjunta, Militärputsch, Min Aung Hlaing, Myanmar, Sanktiounen
Next post Previous post