Search

You may also like

Eng Ekotax fir all d‘Territoiren
Neiegkeeten

Eng Ekotax fir all d‘Territoiren

Vill Stëmmen erhiewen sech, well et der zukünfteger europäesch Kollektivitéit

Et ginn nees Donnerwieder fir de Weekend gemellt
Neiegkeeten

Et ginn nees Donnerwieder fir de Weekend gemellt

No der Staarkreen-Episod vu leschter Woch an de bekannte Folgen,

Dat grousst Lous fir de gudden Zweck: Bilan Oeuvre & Loterie Nationale
Neiegkeeten

Dat grousst Lous fir de gudden Zweck: Bilan Oeuvre & Loterie Nationale

Haut scho gewonn? D’Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an

ALEBA Generalsekretär werft d‘Handduch

ALEBA Generalsekretär werft d‘Handduch

Et war déi leschte Méint net einfach fir Laurent Mertz, Generalsekretär vun der ALEBA, déi duerch d‘Interventioun vun de Gewerkschaften OGBL a LCGB hir national Representativitéit entzu kruten an esou net méi eesäiteg Kollektivverträg fir déi 2 Secteuren, Finanz an Assurancen, virleeë kann.

De Laurent Merz, Member vum Exekutivcomité an dem Verwaltungsrot, soll schonn den 18. Mäerz bekannt ginn hunn, all seng Mandater bannent der Gewerkschaft néierleeën ze wëllen. Mandater déi de Gewerkschaftler zanter 2013 bekleet huet. Offiziell heescht et dann, datt de Generalsekretär aus perséinlechen a familiäre Grënn, dës Decisioun ganz a Rou an aus fräie Stécker geholl huet.

Säitens dem Interesséierte gëtt virginn, datt hie sech elo wéilt verstäerkt op seng Aarbecht bannent dem Comité vun der Salariatskummer (CSL) konzentréieren. Et wier wichteg d‘ALEBA – déi jo och politesch onofhängeg wier – an hir Wäerter entspriechend an dëser Institutioun ze promouvéieren. De President Roberto Mendolia wëll sech dann elo och zäitno mat der Reorganisatioun befaassen.

Illustratioun: © Mareko Tamaleaa / unsplash

Related topics ALEBA, Generalsekretär, Laurent Mertz, Salariatskummer, Zukunft
Next post Previous post