De SYVICOL huet Fuerderungen
Bei senger Sëtzung vun e Méindeg, huet de Syndikat vun
Wann der esouguer de Sportminister zum 50 Gebuertsdag gratuléiert, dann
E Méindeg huet den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils
Op enger 200 Säiten leet een de Wee fest a féiert een neit Instrument an, fir d’Klimapolitik besser ze plangen an ze verfollegen. Zil ass et déi energetesch Transitioun an Effikassitéit ze verbesseren an ze beschleunegen, erneierbar Energien ze fërderen an eng nohalteg Mobilitéit ze ënnerstëtzen. Vum 12. Februar bis den 29. Mäerz 2020 ënnerläit de Projet der ëffentlecher Consultatioun.
Fir d’Klimakris op nationalem Niveau unzegoen wëll Lëtzebuerg an alle Secteuren d’Zäregasemissioune bis 2030 ëm 55 % reduzéieren. D’Joer 2005 soll dobäi als Referenz déngen. Erneierbar Energie sollen vun 11 % am Joer 2020 op 25 % bis 2030 gesteigert ginn. Ma mat dësen ambitiéisen Ziler, déi als „onëmgänglech“ zur totaler Klimaneutralitéit bis 2050 beschriwwe ginn, positionéiert Lëtzebuerg sech um europäeschen Niveau ganz vir.
D’Moossname vun der Regierung goufe vun Experten op hiert Potential an hiren Impakt analyséiert, concernéieren all Acteuren vun der Gesellschaft a sollen den zukünftege Generatiounen eng besser Liewensqualitéit garantéieren. All Bierger kann a soll aktiv un der Transitioun deelhuelen:
Industrie, Handel a Service
Transport
Menagen
Energie
Landwirtschaft a Bëscher
Offall
Wien d’Ëmwelt verknascht, soll an Zukunft och deementspriechend bezuelen mussen. Fir d’Joer 2021 gëtt de Karbonpräis soumat op 20 € pro Tonn CO2 gehuewen. Beim Diesel bedeit dat eng Hausse vu 5 Cent pro Liter. Fir d’Joren 2022 an 2023 ass dann eng weider Steigerung vu 5 € pro Tonn CO2 geplangt, wat weideren 1,5 Cent pro Liter Diesel entsprécht.
D’Recette ginn uschléissend gläichméisseg op déi verschidde Moossnamen am Kampf géint de Klimawandel opgedeelt.