Search

You may also like

D’Kanner vum Foyer Kiem iwwerzeege mam „Ophiotholia cthulhu“
International Neiegkeeten

D’Kanner vum Foyer Kiem iwwerzeege mam „Ophiotholia cthulhu“

Um leschten Dënschden kruten d’Kanner vum Grupp Créa aus dem

Op Mallorca feiert de Stéierkampf säi Comeback
International Neiegkeeten

Op Mallorca feiert de Stéierkampf säi Comeback

Um Freidegowend huet op Mallorca de Stéierkampf säi Comeback gefeiert,

Zoff op der Gewerkschaftsfront
International Neiegkeeten

Zoff op der Gewerkschaftsfront

Nodeems den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) Ufank Mäerz entscheet hat

Genf: Vum Respekt an der Ausféierung vun de Mënscherechter

Genf: Vum Respekt an der Ausféierung vun de Mënscherechter

Den Ausseminister Jean Asselborn huet un der 43. Sitzung vum Rot vun de Mënscherechter vun de Vereenten Natiounen zu Genf deelgeholl. Thema war – elo net aus de Wolleke falen – de Respekt an d’Ëmsetzung vun de Mënscherechter um weltwäiten Niveau.

Am Palais vun de Vëlker huet de Minister un déi multilateral Approche erënnert, där een mat de Vereenten Natiounen nogoe muss, fir de Fridden, de Respekt vun de Mënscherechter an déi nohalteg Entwécklung am Kader vum Agenda 2030 ze garantéieren. Uschléissend huet hien d’Situatioun a Libyen, Syrien, dem Jemen, Venezuela, Myanmar an dem Sahel ervir gehuewen, woubäi hie virun allem op de Konflikt tëscht Israel a Palestina agaangen ass. „Mir kënnen net akzeptéieren, datt besat Deeler vum palestinenseschen Territoire annexéiert ginn, sou wéi de Jordangruef am Westjordanland. Dat wier eng nei flagrant Verletzung vum internationale Recht“, sou den Asselborn.

Et sollt ee bedenken, datt an zuelräiche Länner déi Persounen, déi versichen d’Mënscherechter ze schützen an duerchzesetzen, oft zeréckgehale ginn, dat virun allem a Konfliktgebidder. De Lëtzebuerger Ausseminister veruerteelt dëst Verhalen an huet betount, datt et grad elo wichteg wir, de biergerleche Raum an d’Undeelnam un der ziviller Gesellschaft nees ze stäerken. An all Land misst zudeem d’Garantie op Meenungsfräiheet bestoen.

Bei dëser Geleeënheet huet de Jean Asselborn de Fall vum Osmam Kavala aus der Tierkei genannt. Duerch seng vermeintlech Roll bei regierungskritesche Protester koum hien an Ënnersichungshaft, ass viru kuerzem fräigesprach ginn a gouf erneit verhaft. Genau dëst Handele géif déi feindlech Stëmmung an der Zivilgesellschaft vun allen Verfechter vun de Mënscherechter an der Tierkei gutt illustréieren. Den Ament huet de Minister dunn genotzt, fir déi tierkesch Autoritéiten zum Respekt vun de Rechter, deenen si duerch déi europäesch Konventioun vun de Mënscherechter zougestëmmt hunn, opzeruffen.

Mënscherechter

De Jean Asselborn, Lëtzebuerger Ausseminister, bei der 43. Sitzung vum Rot vun de Mënscherechter © Ausseministère

Klengt Land ganz grouss?

Elo wou Lëtzebuerg schonn seng zweet Editioun vum nationalen Aktiounsplang zu de Mënscherechter fir d’Period 2020-2022 lancéiert, sollten och aner Staaten, déi nach kee Plang hunn, ermuddegt ginn. Ma, engagéiert wéi mir sinn, huet de Groussherzogtum elo och seng Kandidatur zum Mandat 2022-2024 beim Rot vun de Mënscherechter presentéiert.

De Minister Asselborn ass allerdéngs net nëmmen eleng fir Lëtzebuerg, mee och am Numm vu Benelux opgetrueden. Bei dem Debat goung et ëm de 25. Gebuertsdag vun der Deklaratioun vum Aktiounsplang zu Peking, deen d’Gläichheet tëscht Fra a Mann stäerken, wéi och dem weibleche Geschlecht méi Autonomie zoudeele soll.

Fortschrëtt dauert, an esou steet een zu Peking nach ëmmer viru groussen Erausfuerderungen. Aus dësem Grond huet den Ausseminister ugekënnegt, datt Lëtzebuerg säin Aktiounsplang ausbreeden, an d’Gesondheet an sexuell Rechter investéiere wéilt, an esou zu engem nohaltege Changement vun de Mentalitéite bäidroe géif.

Opmaacherbild: De Jean Asselborn, Lëtzebuerger Ausseminister, bei der 43. Sitzung vum Rot vun de Mënscherechter © Ausseministère

Related topics 43. Sitzung vum Rot vun de Mënscherechter vun de Vereenten Natiounen, Ausseministère, China, Genf, Jean Asselborn, Jordan, Mënscherechter, Respekt, Westjordanland
Next post Previous post