Search

You may also like

Brexit: „de nordiresche Patient“
Meenung Neiegkeeten

Brexit: „de nordiresche Patient“

Gëschter huet déi britesch Regierung d‘Menace vun der klenger nordirescher

Bréissel: no Ausenanersetzunge mat der Police si 400 giel Gilete verhaft ginn
Meenung Neiegkeeten

Bréissel: no Ausenanersetzunge mat der Police si 400 giel Gilete verhaft ginn

Net nëmmen am Frankräich ass sech e Samschdeg nees zolidd

money
Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“
Meenung Neiegkeeten

Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“

En éischt Affer vum Donald Trump sengem Handelskrich, den emblemateschen

Nom „Genozid“ an de Seniorenariichtungen (Analys)

COPAS-President hält eng Etüd fir machbar, bezweiwelt awer de Wäert vun enger externer Analys

Nom „Genozid“ an de Seniorenariichtungen (Analys)

De Marc Fischbach ass allen Hues aus der Politik an huet als éischten Ombudsmann an als Riichter um EuGH eppes Erfarung mat „Evaluatiounen“ an „Ënnersichungen“. Den 80 järegen Affekot ass am Kontext vun de ville Stierffäll, wéi de Covid19-Cluster, an den Haiser déi senger Juridiktioun ënnerstinn, zwar gewëllt Transparenz walten ze loossen, awer mat Mooss.

Interessanterweis schéngt hien dann och den eenzege bannent der CSV ze sinn, deen d‘Ministesch Corinne Cahen (DP), déi jo déi politesch Verantwortung vir dem Marc Fischbach seng Haiser muss droen, entlaascht. Dat soll elo net bedeiten, datt den aläerte Senior mat der Regierungspolitik oder der Familljeministesch zefridde wier, mee de Covid19 géif d‘Reegelen allgemeng a Fro stellen.

Hien ass – ëmmerhi mécht hie sech all Dag Gedanken zur Verbesserung vum Schutz vun den Leit – elo, am Kontext vun der exzellenter Impfstrategie, awer iwwerzeegt, datt déi rezent Virfäll just een trauregt Kapitel am Covid19-Geschichtsbuch wäerten ausmaachen. De Marc Fischbach weess, datt d‘Impfung net zwéngend géint eng Neiinfektioun wierkt, et géif een awer net méi stierwen…

Wat d‘Impfbereetschaft vum Personal ugeet, esou huet de fréiere CSV-Politiker erhieflech Zweiwel un der Veracitéit vun de genannten Zuelen. Datt sech nëmme knapp 50 vum Personal bereet erkläert hunn den Aarm duerzehalen, fir sech Impfen ze loossen, kann sech den 80 järegen einfach net virstellen. Hie verlaangt hei eng detailléiert Opstellung fir all Struktur, zumindest fir d‘COPAS.

Alles eng Fro vun der Motivatioun?

De COPAS-President mengt dann och, datt wann een detailléiert Zuelen hätt, d‘Direktioune vun den Haiser eng besser Informatioun- a Sensibiliséierungscampagne lancéiere kënnen. Dat wier u sech eng gutt Saach, wuel eppes spéit, mee ëmmerhin. Den Hoken: mat allem wat zu den Impfstoffer an d‘Welt gesat gëtt, der Diskreditéierung vum AstraZeneca an de Rumeuren datt Pfizer/Biontech grad emol sechs méint „wierkt“, dierften och Dokteren a Virologen et schwéier hunn ze iwwerzeegen.

Dat ass dann nees dem Fait geschëlt, datt zanter d‘Doktere manner Medezinner wéi Geschäftsleit, also quasi „Déngschtleeschter“ sinn, an och deene meeschten d‘Kaddoen an d‘Enveloppe vun de Pharmakonzerner wesentlech méi wichteg sinn wéi d‘Patienten, net emol méi d‘Infirmieren an/oder d’Aide-Soignante vertrauen. Zudeem soll et och Medeziner ginn, déi d‘Vaccinen a Fro stellen. Esou einfach wéi ee Plaidoyer viru Geriicht, ass dat mat der Sensibiliséierung jo dann elo wuel net.

Hei steet dann elo och d‘Optioun am Raum, d‘Personal ze „zwéngen“ wat juristesch wuel eppes komplex dierft sinn. Et kéint een d‘Leit och entloossen oder zumindest onbezuelt suspendéieren, esou wéi dat an Italien beschloss gouf, wann se d‘Impfung net wëllen. D‘Aarbechtsrecht allerdéngs verbitt dat, an et wier eng Atteinte betreffend déi physesch Integritéit. An esouguer wann et vum Gesetz gedeckt wier… wie well d‘Hallschent vun den essentiellste Salariéeën Heemschécken?

Wien interesséiert d‘Gebraddels an d der Chamber?

Natierlech ass et déi lescht Woch um Donneschdeg an der Chamber, nodeems de Volet „Terrass“ a Covid19-Gesetz ofgehandelt war, nach emol héich hir gaangen. De Michel Wolter (CSV) hat déi gesamt Oppositioun hannert sech versammelt a net manner wéi de Récktrëtt vum Corinne Cahen gefuerdert. Dat si als Familljeministesch moralesch vill Verantwortung huet, ass onbestridden.

Mee d‘Verantwortung vun de salarial maximal privilegiéierte „Manager“ am COPAS-System, also d‘Direkter vun den Haiser selwer, de Verwaltungsrot vun de Wirtschaftsacteuren déi de Profit an d‘Täsch stiechen an net zu gudder Lescht och de Marc Fischbach selwer, soll ignoréiert ginn? Also wann d‘Corinne Cahen sollt demissionéieren, musse vill Männer dëse Schratt och duerchzéien.

Just op d‘Proximitéit zu de Betraffene bezunn, deelen sech d‘Ministesch an den Affekot de gläiche Kompetenzniveau. Zudeem hunn d‘Virfäll bewisen, datt de Marc Fischbach sech ëmmer déi falsch Gedanke gemaach huet, soss wier et jo guer net esouwäit komm. Widdersprécht een deem, wat wuel richteg wier, da muss een och ophalen der Ministesch ze ënnerstellen, si géif d‘Leit ëmbréngen.

Et bréicht eng onofhängeg Enquête

Wann et sécher Sënnvoll wier, eng Enquête ze maachen, fir iwwert d‘Kontaminatiounsweeër an de betraffenen Haiser méi gewuer ze ginn, esou dierf een nach emol op den Direkter vun der Santé, Dr. Jean-Claude Schmit verweisen, deen den an der Pressekonferenz den 23. Februar gesot huet, datt et kaum nodréiglech méiglech dierft sinn erauszefannen, wéi de Virus an d‘Haiser agedrongen ass. Hien hat zudeem däitlech ënnerstrach, datt et ee stännege Kontakt mat den Haiser hat an huet.

An da stellt sech do och d‘Fro, wien dann dës Enquête maache soll? Wien huet d‘Vertraue vun der Oppositioun, déi des Enquête fuerdert? Sënnvoll wier et, wann d‘Enquêteure mat der „Matière“ vertraut wieren, et kann een esou eppes also net den übleche Profiteuren aus dem Audit-Secteur uvertrauen. Eng „intern“ Enquête kann et awer och net sinn, woubäi de COPAS-President notéiert: Wat an enger Struktur geschitt, ënnerläit der Verantwortung vun der Direktioun, si muss et klären.

Wéi ee gesäit, wann et drëms geet haart ze billen a allgemeng Scholdzouweisungen an de Raum ze stellen, herrscht Gedrécks… wann dann awer soll eng vernënfteg a virun allem, eng fir d‘Bierger novollzéibar a verständlech Enquête gemaach ginn, geet de politeschen Hick-hack riicht weider. Et ass enger Opschlësselung vu méigleche Feeler net zweckdénglech. Eventuell kann et dorunner geleeë sinn, datt et jiddereen arrangéiert, dat et Zweiwel huet. Et ass jo och politesch „Munitioun“.

Illustratioun: © Pratek Gautam / unsplash

Related topics Altersheem, Betreit Wunnen, Copas, Covid19, Enquête, Fleegeheem, Marc Fischbach
Next post Previous post