Search

You may also like

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad
International Neiegkeeten

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad

Den allgemenge Bebauungsplang vun der Eko-liberaler Majoritéit daacht näischt. Dëser

Méi Hëllef fir den Horesca-Secteur
International Neiegkeeten

Méi Hëllef fir den Horesca-Secteur

No der Maniff vum Kollektiv „Don‘t forget us“ (Vergiesst eis

Diesel-Sommet: Esou laang wéi ee sech eens ass
International Neiegkeeten

Diesel-Sommet: Esou laang wéi ee sech eens ass

Ma do hunn sech déi richteg zu Berlin zesummegedoe. D‘Vetrieder

AfD-Politiker Georg Pazderski ass viru Gericht

Sea-Eye mécht hie fir Verbreedung vun Hetz an Haass verantwortlech

AfD-Politiker Georg Pazderski ass viru Gericht

Haut den, 18. Mäerz 2021 verhandelt d‘Landesgeriicht zu Berlin iwwert eng Verfügung vun der Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Eye. Si hunn géint den ADR-Politiker Georg Pazderski geklot. Dësen hat behaapt, datt d’Rettungsschëff ALAN KURDI “den Nizza-Attentäter an Europa bruecht huet” an datt de Veräi spéitstens elo Blutt un den Hänn huet.

D‘Organisatioun hat géint dës „Ausso“ geklot an huet doropshi krut hie vum Landesgeriicht Berlin ënnersot dës Aussoen ze widderhuelen, soss wär eng Strof bis zu 250.000 Euro fälleg. Natierlech huet de Politiker géint dës Entscheedung Widdersproch ageluecht. Hie gëtt vertruede vun der Kanzlei Höcker vu Köln.

Dës Affekotekanzlei begrënnt sech dobäi op d’Biographie vum Berliner Politiker – hien hätt selwer e Migratiounshannergrond an als Beruffszaldot kee journalisteschen Hannergrond. D’Affekote féieren nach aus, datt dem Politiker d’Kommentaren, déi näischt fir schwaach Nerve sinn, net egal wieren an datt dofir net vun “Hetz” geschwat kéint ginn. A scho guer net dovunner, datt hie bewosst a Kaf hëlt, datt Sea-Eye Memberen a Gefor geroden.

Den Affekot Jeremias Mameghani, dee Sea-Eye e.V. vertrëtt, hält dës Ausso fir „gespillt“: „Wär et dem Här Pazderski tatsächlech net egal, wéi eng Folgen seng Wierder fir d’Membere vu mengem Mandat haten, esou hätt hien sech – och iwwert seng Affekoten – dofir entschëllegt. Mee esou e Geste huet hie bis haut an aller Form ënnerlooss“.

Och de Gordon Isler, Virsëtzende vu Sea-Eye ass där Meenung: “D’Berliner Landesgeriicht wäert elo an éischter Instanz entscheeden, op d’Verfügung géint de Georg Pazderski oprecht erhale bleift oder ob hie weider léien dierf, fir Haass géint eis ze schüren an sech esou politesch ze profiléieren.”

Related topics AfD, Faschist, Georg Pazderski, Sea Eye e.V., Séinoutrettung, Terror, Volleksverhetzung
Next post Previous post