Search

You may also like

Télétravail: Vill oppe Froen
International Neiegkeeten

Télétravail: Vill oppe Froen

Mëtt Mee hatt d‘CGFP de Minister vum Ëffentlechen Déngscht, Marc

Pont Viaduc – Adaptatiounen am Verkéier an am ëffentlechen Transport
International Neiegkeeten

Pont Viaduc – Adaptatiounen am Verkéier an am ëffentlechen Transport

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch Aarbechte vun der Stroossebauverwaltung

Nee zur Juegd op d‘Muffelen!
International Neiegkeeten

Nee zur Juegd op d‘Muffelen!

D‘Piratepartei ass géint d‘Ofschéisse vun de Muffelen am Iechternacher Bësch

De fréieren US-President George Bush ass dout

De fréieren US-President George Bush ass dout

Um spéide Freidegowend huet den Fils vum George Bush informéiert, datt de fréieren US-President am Alter vu 94 Joer verstuerwen ass.

„De Jeb, Neil, Marvin, d‘Doro an ech selwer hunn déi traureg Flicht matzedeelen, datt no 94 remarkabele Joren, eise Papp gestuerwen ass“, heescht am Communiqué vum George W. Bush, deen op Twitter verëffentlecht ginn ass. „De George H.W. Bush war e Mann dee mat engem nobele Charakter ausgezeechent, an de beschte Papp war, deen sech Kanner wënsche kënnen“.

Dem fréieren US-President seng Fra Barbara war Mëtt Abrëll am Alter vun 92 Joer verstuerwen. D‘Koppel war 73 Joer matenaner bestuet, an huet sechs Kanner op d‘Welt gesat, a konnt sech iwwer 17 Enkelkanner freeën. Nodeems de George Bush aacht Joer laang de Vizepresident vum Ronald Reagan war, ass hien 1989 als 41. President vun Amerika an d‘Wäisst Haus agezunn.

Et ass natierlech den Donald Trump deen sech als éischt zu Wuert gemellt huet. Hien huet e Samschdeg de „Leadership“ vum George Bush gewierdegt. „Duerch seng Authentizitéit, säi Geescht an säi ferventen Asaz fir de Glawen an d‘Famill, an dem Respekt fir säi Land, huet de George Bush Generatioune vun Amerikaner inspiréiert“, esou den US-President aus Buenos Aires.

En Iwwerbléck

Ëmmer wann en „historesche“ Personnage de Jordan iwwerschreit, steet de „Luef“ am Virgrond, an et gëtt sech un déi „gutt Momenter“ erënnert. De George Bush mécht do keng Ausnam, a mir hunn eis e puer besonnesch memorabel Joren erausgesicht:

  • 12. Juni 1924: den 41. US-President huet zu Milton am Massachusetts ënnert dem Numm George Herbert Walker Bush, d‘Liicht vun der Welt erbléckt;
  • 1942: de George Bush engagéiert sech an der US-Navy, wou hien de jéngste Pilot gëtt. 1944 verléisst hien d‘US-Navy;
  • 1945: den zukünftegen US-President gëtt mam Barbara Pierce bestuet. Seng Fra schenkt him sechs Kanner. de George Walker (deen och President gëtt), de Robin (am Alter vun 3 Joer verstuerwen), de John, genannt Jeb a spéidere Gouverneur vu Florida, den Neil, de Marvin an d‘Doro;
  • 1953: de George Bush grënnt d‘Zapata Petroleum Company am Texas, déi hie räich mécht;
  • 1967-71: de Republikaner gëtt an déi texanesch Representantekummer gewielt;
  • 1971-73: de George Bush gëtt US-Ambassadeur op de Vereenten Natiounen;
  • 1976-79: de George Bush gëtt zum Direkter vum Auslandsgeheimdéngscht (CIA) ernannt ginn;
  • 1981-89: hien ass US-Vizepresident ënnert dem Ronald Reagan;
  • 1989-93: hien ass den 41. President vun Amerika. Am August 1990 iwwerhëlt hien d‘Leedung vun der internationaler Koalitioun, fir de Kuwait vum Aggressor Saddam Hussein ze befreien. Am Februar 1991 verkënnt hien d‘Operatioun „Wüstestuerm“ als erfollegräich ofgeschloss;
  • 1992: de George Bush verléiert de Wahlkampf fir en zweet Mandat, géint den Demokrat Bill Clinton.

mat AFP

Foto: (Archivbild aus dem August 2008) den 41. President vun Amerika ass e Freideg 30. November verstuerwen. © Mandel Ngan/AFP

Related topics 41. US-President, Donald Trump, George Bush, USA
Next post Previous post