Search

You may also like

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst
International Neiegkeeten

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst

D‘Netz vum CFL FLEX-Carsharing gëtt wieder ausgebaut. Mat zwou neie

money
Ass de Konsum réckleefeg, bleift de Goss um Kont
International Neiegkeeten

Ass de Konsum réckleefeg, bleift de Goss um Kont

Aus der Publikatioun „Regards 05/2021“ vum STATEC: „Wéi kritt een

Loscht op Däitschland? Da mellt iech un!
International Neiegkeeten

Loscht op Däitschland? Da mellt iech un!

Dat d‘Joer 2020 sech net an de Geschichtsbicher als ee

USA: Prozessoptakt am Fall George Floyd

USA: Prozessoptakt am Fall George Floyd

Bal ee Joer nom Doud vum George Floyd – den Afroamerikaner war bei engem iwwergrëffege Policeasaz vum Offizéier Derek Chauvin ëmbruecht ginn – huet elo de Prozess géint de wäissen Haaptugekloten ugefaangen. Dee muss sech als Polizist allerdéngs „nëmme“ fir Doudschlag veräntwerten, wat am US-Bundesstaat Minnesota maximal 40 Joer Prisong bedeite kéint.

Et ass dat natierlech ee Prozess an deem d‘Gemidder sech séier erhëtze kënnen, firwat d‘Verfaren zu Minneapolis ënnert maximale Sécherheetsmoossname lancéiert gouf. Dobäi geet et dës Woch emol drëms, déi Geschwueren auszewielen. Et wäert ee laangen a komplizéierte Prozess ginn. D‘Ëffentlechkeet huet – jee no Hautfaarf – an dësem Fall längst statuéiert, elo ass et un der Justiz.

Wéi eng realistesch Aussiichten den Derek Chauvin op ee faire Prozess huet? Streng geholl keng, an no engem Joer dierft et besonnesch der „black community“ egal sinn, op de Polizist seng Dot mat Absicht vollbruecht huet. Schonn de Fakt, datt dem Polizist seng Kolleegen den Dout gesinn, mee virun allem zougelooss hunn, wat alles gutt dokumentéiert ass, wäert en zolidd Gewiicht hunn.

Réckbléck

De 46 järegen Afroamerikaner George Floyd war de 25. Mee 2020 bei enger brutaler Festnahm vun der Police ëmbruecht ginn. Hie sollt festgeholl ginn, well de Verdacht bestanen huet, dat de Mann mat engem gefälschten 20-Dollar Schäin an engem Geschäft bezuelt hätt. Bis haut konnt dëse Virworf net bestätegt ginn.

Resultat: 8 Minutte laang huet den Derek Chauvin, mat der voller Absicht ze schueden, dem Verdächtegen de Knéi an den Hals gedréckt, a bewosst säi ganzt Gewiicht agesat. Dat ass am Bild Dokumentéiert an esou och vun der Autopsie festgehale ginn. Obwuel den George Floyd däitlech ze verstoe war, wéi hie konnt gemaach huet keng Loft ze kréien, hunn d‘Poliziste weider gemaach.

Dës Polizisten, déi sech wuel bewosst waren, datt si bei hirer „Operatioun Falschgeld“ gefilmt goufen, wousste ganz genee wat si géife maachen. Si hunn eemol méi drop vertraut, dat si – an dat besonnesch ënnert dem charismatesche 45. US-President – näischt ausser enger schlechter Press ze befierchten hunn. Et koum wéi mir wëssen anescht, an et hunn weider Mënsche misse stierwen.

Wéi et weider geet

Interessant sinn hei nees déi kleng Detailer, déi Zweiwel opkomme loossen, op den Justizapparat sech bewosst ass, wourëms et nieft dem Mord eigentlech geet. De Procureur Matthew Frank wollt de Prozessoptakt verzögeren, well nach eng „Entscheedung“ vun enger héijer Instanz aussteet. Et geet ëm d‘Zouloossung vun engem weider Uklopunkt, deen de Riichter Peter Cahill verworf hat.

En Appellsgeriicht hat leschte Freideg erkläert, datt de Riichter dës Uklo zouloosse sollt. Et wäert sech awer wuel esou ausgoen, datt dat eng Aufgab fir den ieweschte Geriichtshaff vum Bundesstaat ass. Et kann also lassgoen, an de Peter Cahill huet bestëmmt, datt een schonn emol domadder kann ufänken, déi Geschwueren auszewielen.

Dat ass generell, mee an dësem Kontext wuel ee besonnesch opwännege Prozess. Et brauch zwielef Geschwueren a véier Remplaçanten – déi all als „onbeaflosst“ an „neutral“ sollte bezeechent ginn – fir dëst Verfaren, dat den 29. Mäerz ëffentlech soll behandelt ginn. De Peter Cahill ass allerdéngs iwwerzeegt, datt alles bannent véier Woche sollt zum Ofschloss bruecht ginn.

Dem Derek Chauvin seng „Corps-Bridder“, déi bewosst a bëllegend de Mord um Afroamerikaner materlieft hunn, sollen an engem separate Prozess op hiert Feelverhalen higewise ginn. Dëse Prozess ass op den 23. August terminéiert ginn. Et gëllt als geséchert, datt den prozeduralen Inhalt am Chauvin-Verfaren, ee wichtegen a wuel och prozessbestëmmenden Afloss wäert hunn.

Bleift nach drop hinzeweisen, datt wéinst Covid19, d‘Uwiesenheet vun nëmmen deene Leit erlaabt ass, déi de Riichter zouléisst. An de Peter Cahill huet bestëmmt, datt nëmmen ee Familljemember pro „Partei“ zougelooss ass. Et gouf och decidéiert datt nëmmen zwee Journalisten dierfe live um Prozess deelhuelen. Fir Opstänn ze verhënneren, gëtt de Prozess awer op der Tëlee iwwerdroen.

mat indymedia/min

Illustratioun: © Mike Von / unsplash

Related topics BLM, Derek Chauvin, George Floyd, I can‘t breathe, Matthew Frank, Minnesota, Mord, Peter Cahill
Next post Previous post