Search

You may also like

Gutt Laun – Gutt Wieder – Gutt Mënschen
Neiegkeeten

Gutt Laun – Gutt Wieder – Gutt Mënschen

Eigentlech war den 10. Mäerz als Datum fir d‘Schëfflenger Kavalkad

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!
Neiegkeeten

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!

Reggae-Fans opgepasst! D’Lëtzebuerger Band The Disliked invitéiert ganz houfreg op

Greenpeace nëmme partiell begeeschtert
Neiegkeeten

Greenpeace nëmme partiell begeeschtert

Wéi Greenpeace Lëtzebuerg et haut erkläert huet, géif déi Europäesch

Geosite-Hopping am Natur- & Geopark Mëllerdall

Geosite-Hopping am Natur- & Geopark Mëllerdall

Geologesch gesi kann een an eiser Regioun wonnerschéi Plazen entdecken. Den Natur- & Geopark Mëllerdall bitt an dësem Kader eng Competitioun – de Geosite-Hopping un. Dës bitt net nëmmen d’Méiglechkeet nei Plaze kennenzeléieren, et kann een och eppes gewannen.

An den 11 Membergemenge gouf e Bushaische mat enger Geotop-Zeechnung verschéinert, déi vum Kënschtler Alan Johnston realiséiert goufen. Op der Websäit vum Naturpark Mëllerdall ass eng Kaart mat de jeeweilege Standplazen sou wéi de Geotoppen ze fannen. (www.naturpark-mellerdall.lu)

Ënnert folgende Viraussetzunge kann ee beim Geosite-Hopping matmaachen:

Maacht eng Foto vun engem Bushaischen sou wéi dem passende Geotop an der Regioun.

Et ass nach bis de 15. September 2021 Zäit dës ënnert dem #mellerdallgoesunesco an de soziale Medien ze posten, d’Méiglechkeet d’Fotoe via Email op d’Adress contest@naturpark.lu ze verschécken, besteet och. An dann heescht et ofwaarden an Daumen drécken …

Mat e bësse Gléck kann ee mat explore.lu een interessanten Entdeckungstour fir 8 Leit duerch den Natur- & Geopark Mëllerdall gewannen.

Aktuelle Stand vun der UNESCO Global Geopark-Kandidatur

Den Natur- & Geopark Mëllerdall erwaart d’Experte vun den UNESCO Global Geoparken, déi sech fir Enn September ugekënnegt hunn. Dobäi blécken si zouversiichtlech an d’Zukunft.

Déi éischt Demande am Joer 2018 gouf zeréckgehalen, allerdéngs huet d’UNESCO d’Schéinheet vun der Regioun registréiert an e grousst Potential erkannt. Et ass en bemierkenswäert geologescht Ierwen. Den Natur- & Geopark Mëllerdall huet sech un d’Empfeelunge gehalen an d’Siichtbarkeet vun der Regioun verbessert. Dës weideren hunn si sech aktiv an d’internationaalt Netzwierk vun den UNESCO Global Geoparks abruecht.

Fir d’Siichtbarkeet vum Naturpark ze verstäerken, ass eng weider Persoun am Beräich vun der Kommunikatioun agestallt ginn. Esou war et méiglech d’Präsens an de Printmedien sou wéi op de soziale Medie wéi Facebook, Instagram a YouTube ze steigeren. Och d’Websäit vum Naturpark ass an dësem Kader iwwerschafft ginn.

D’Awunner vun der Regioun goufen duerch Informatiounen a Gemengeblieder op d’Demande bei der UNESCO opmierksam gemaach, och ënnerschiddlech Informatiounspanneaue weisen op dat geologescht Ierwen hin.

Et hunn reegelméisseg Treffe mat den UNESCO Global Geoparke Famenne-Ardenne aus der Belsch an Vulkaneifel aus Däitschland stattfonnt, Mataarbechter vum Natur- & Geopark Mëllerdall hunn un Netzwierktreffen sou wéi um „International Intensive Course on UNESCO Global Geoparks“ zu Lesbos a Griicheland deelgeholl. Kontakter sinn entstanen, Froe konnte beäntwert ginn an éischt gemeinsam Projete mat aneren UNESCO Global Geoparke sinn entstanen.

Illustratioun: Champinon Carmen Weisgerber

Related topics Concours, Entdecken, Geosite-Hopping, Natur, Natur- & Geopark Mëllerdall, Wanderen
Next post Previous post