Search

You may also like

Hollywood-Mogul am Mëssbrauchsskandal schëlleg geschwat
International Neiegkeeten

Hollywood-Mogul am Mëssbrauchsskandal schëlleg geschwat

Den Harvey Weinstein ass zu New York vum ieweschte Geriicht

Aus dem Escher Gemengerot: „En ambitiéise Budget 2019“
International Neiegkeeten

Aus dem Escher Gemengerot: „En ambitiéise Budget 2019“

Déi nach jonk Koalitioun zu Esch-Uelzecht setzt sech laangfristeg Ziler.

Explosiounen am Libanon: Caritas Lëtzebuerg rifft zum Spendenopruff op
International Neiegkeeten

Explosiounen am Libanon: Caritas Lëtzebuerg rifft zum Spendenopruff op

Den Dënschden 4 August, hunn zwou Explosiounen d’Stad Beirut, Haaptstad vum

U Bord vun der ALAN KURDI: Onbeschreiflech Berichter vu gerettete Flüchtlingen

U Bord vun der ALAN KURDI: Onbeschreiflech Berichter vu gerettete Flüchtlingen

D’Mënscherechtsbeobachterin vun der Rettungsorganisatioun Sea-Eye huet zwee Iwwerliewender interviewt, déi am November 2019 vun der ALAN KURDI aus engem Schlauchboot gerett goufen. Dobäi goufen hir grujeleg Zeene beschriwwen, déi an der Zäit am libesche Lager virgefall sinn.

Et geet ëm ellen Erfarunge mat brutaalster Gewalt. Beschriwwe gëtt am dozou gehéierege Video beispillsweis, wéi ee Libyer enger Fra hie Puppelchen ewech hëlt a bei ee „rosenen Hond“ bréngt. Een anere jonke Mann erzielt, datt hie mat senger Famill telefonéiere misst wärend eng zerschlo ginn ass a vu lauter Péng just nach kräische konnt.

Sea-Eye huet sech dozou entscheet, de Bericht ze verëffentlechen an op déi desastréis Situatioun am libesche Lager opmierksam ze maachen an esou och d’Realitéit vun der europäescher Grenzsécherung ze presentéieren. Vu Sklavenhandel, iwwer schwéier Folter, Mësshandlungen, sexuell Gewalt, an Ënnerversuergung reit sech ee Misär un den Aneren. Onzouräichend medezinesch Versuergung an onmënschlech onhygienesch Zoustänn gehéieren zum Alldag vun engem Flüchtling op der Rees dozou.

Wéi d’Rettungsorganisatioun ugëtt lueden d’EU-Memberstaaten eng schwéier Schold op sech. „Et sinn eis Bridder, Schwësteren an hir Kanner, déi a Libyen gefoltert, vergewaltegt an ermort ginn. Datt dobäi déif Ofgrënn opgerappt ginn, gëtt bewosst a Kaf geholl“, sou d’Organisatioun.

Dofir fuerderen si d’Bundesregierung, d’Europäesch Unioun an d’Memberstaaten nach emol op, der onmënschlecher Politik vun der Réckféierung vun op Séi gerette Persounen een Enn ze setzen. Elo kënnt et op eng mënscherechtsorientéiert, humanitär Politik un. Besonnesch vulnerabel Persoune, wéi beispillsweis schwanger Fraen a Kanner mussen evakuéiert a viru weidere Verbrieche geschützt ginn.

Zu Sea-Eye

De Veräi Sea-Eye e.V. gouf 2015 zu Regensburg gegrënnt. Mat hirem ëmgebaute Fëschkutter „Sea-Eye“ a „Seefuchs“ hu sech méi wéi 800 fräiwëlleg Rettungskräft, an iwwer 60 Missiounen, ënnert hollänneschem Pavillon, un der Rettung vu 14.796 Mënsche bedeelegt.

Am Summer 2018 huet d’Veräinsféierung een neit Schëff ënner däitschem Pavillon an den Asaz geschéckt. Dat éischt Schëff vun enger Rettungsorganisatioun mam Numm „ALAN KURDI“ steet och ënnert dem däitsche Pavillon.Hiren Asaz konnt bis haut 428 Mënschen d’Liewe retten.

Opmaacherfoto © Fabian Heinz/sea-eye.org 

Related topics Alan Kurdi, Flüchtling, Folter, Libyen, Mësshandlung, Rettungsorganisatioun, Sea-Eye, Sklavenhandel
Next post Previous post