Search

You may also like

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!
International Neiegkeeten

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!

Et war dat éischt Treffen tëscht dem russesche President, Vladimir

Zu New York hunn se aus der Gay Pride, d‘World Pride gemaach…
International Neiegkeeten

Zu New York hunn se aus der Gay Pride, d‘World Pride gemaach…

Zu New York, wou d‘Gay Pride hiren Ursprong huet, hat

Legal – Illegal – Schäissegal: Knupperten a Freedefeier zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Legal – Illegal – Schäissegal: Knupperten a Freedefeier zu Lëtzebuerg

Jiddereen dierf esou domm si wéi e wëll (oder kann)

Geriicht zu Washington veruerteelt Islamesch Republik Iran

Teheran sol 180 Milliounen US-Dollar Schuedenersatz un amerikanesche Journalist bezuelen

Geriicht zu Washington veruerteelt Islamesch Republik Iran

Zu Washington huet e Geriicht den Iran zu engem Schuedenersatz vun 180 Milliounen US-Dollar veruerteelt. Dat well den Journalist Jason Rezaian, deen déi duebel Staatsbiergerschaft (US / Iran) huet, zu Teheran 544 Deeg am Prisong gesiess ass. Hie war 2016 zesumme mat dräi weideren US-Staatsbierger fräigelooss ginn, nodeems Washington siwen Iraner „begnodegt a fräigelooss“ hat.

GeriichtDatt déi vum Journalist ugestriefte „Klo“ e politeschen Hannergrond hätt, weist d‘US-Justiz zréck. Woubäi dëse Prozess beschtefalls e symboleschen Akt an net ze vollstrecken ass. An der Uerteelsbegrënnung vum US-Bundesriichter Richard Leon heescht et: „Ee Mann als Geisel ze halen an hien ze folteren, vir bei Verhandlunge mat den USA e Virdeel ze hunn ass verwerflech“.

Bezunn op d‘Ënnerlagen déi d‘Geriicht virgeluecht huet, wier dem US-Iraner ënnert anerem mat „Hiriichtung“ gedreet ginn. Dat verstéisst géint US-Prinzipien a Wäerter, firwat en Uerteel zugonschte vum Journalist och en däitleche Message un d‘Ajatollahen zu Teheran soll sinn. Et ass allerdéngs net dovunner auszegoen, datt de Jason Rezaian elo vun den Iraner dat Geld och kritt.

GeriichtBleift nach ervirzehiewen, datt op den Dag wou de Journalist fräigelooss gouf, dat internationaalt Atomofkommes a Kraaft getrueden ass an d‘USA wéi d‘EU e puer vun de Sanktioune géint den Iran opgehuewen hunn. D‘Atomofkommes huet den Donald Trump dann am Mee 2018 eesäiteg gekënnegt an d‘Sanktiounen net nëmmen nees agefouert mee och nach verschäerft.

mat indymedia/was

Foto: De Jason Rezaian huet an sengem Buch „Prisoner“ (Ecco Books Verlag) iwwert seng Erfarunge mam iranesche Justizsystem an wéi et do am Prisong ausgesäit, geschriwwen. © Jason Rezaian (promo)

Related topics Geisel, Haft, Iran, Jason Rezaian, Uerteel, US-Aussepolitik, Washington Post
Next post Previous post