Search

You may also like

Chantier op der A3 tëscht dem Gaasperecher an dem Beetebuerger Kräiz (21.-24.05.2021)
International Neiegkeeten

Chantier op der A3 tëscht dem Gaasperecher an dem Beetebuerger Kräiz (21.-24.05.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt am Kader vum Chantier a Bezuch

Sexuellen Abus vun US-Athleten
International Neiegkeeten

Sexuellen Abus vun US-Athleten

Fir den Evan Cooper, deen zu Miami mam „American-Football“ opgewuess

E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
International Neiegkeeten

E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg

Wat viru 25 Joer als klenge Bicheroccasiounsmaart ugefaangen huet, ass

Geriichtsmedeziner bestätege Suizid

Nei Erkenntnisser zum Dout vum Jeffrey Epstein

Geriichtsmedeziner bestätege Suizid

Virun enger Woch war den Investmentbanker a presuméierte Sexualstrooftäter Jeffrey Epstein an senger Zell erhaangen opfonnt ginn. Well de Mann an engem „Héichsécherheetsprisong“ zu Manhattan (New York) festgehale gouf, war Thees vum Suizid kontradiktoresch zu de Prozeduren déi an esou enger Institutioun d‘Regel sinn.

E Mëttwoch dann, de Versuch vun enger Erklärung. Esou sollen déi zwee Giischtercher, déi all hallef Stonn nom Milliardär ze kucken haten, einfach gepennt hunn. Dat kléngt esou onwahrscheinlech datt et schonn nees kéint wouer sinn. Woubäi sech natierlech bei esou engem prominente Prisonéier d‘Fro stellt: Wie profitéiert am meeschte vun dësem „Dout“.

SuizidIwwert d‘Profiteuren dierf nach spekuléiert ginn, iwwert d‘Doudesursaach net méi. Déi ass elo amtlech: de Jeffrey Epstein huet sech d‘Liewe geholl! An dësem Punkt ass de Geriichtsmedeziner zumindest eendeiteg, och wann dat naturgeméiss de ville Verschwierungstheorien de Buedem entzitt, op deem si gewuess sinn. An et bleiwen nach Froen onbeäntwert.

Hunn déi zwee Giischtercher tatsächlech gepennt oder carrement „véier Aen“ zougedréckt? Huet et bei engem suizidgefäerdetem Prisonéier keng Videoiwwerwaachung an der Zell? Hunn déi „aner“ Mataarbechter vum Prisong d‘Inaktivitéit vun de Kollegen net matkritt? Mat dësen an nach weidere Froe muss sech de Justizminister William Barr beschäftegen.

Suizid

Bild dat Froen opwerft: Et soll dokumentéiere wéi de Jeffrey Epstein vum Prisong an d‘Spidol ofgefouert gëtt… Wien huet d‘Bild gemaach? War de Mann zu dësem Ament tatsächlech Dout? Alles Froen déi de Verschwierungstheorie vill Usätz liwweren. Mat der amtlecher Bescheinegung vum Suizid, sollten d‘Zweiwel opgehuewe sinn… oder?

Béid „virbildlech“ Beamte goufe suspendéiert an och de Prisongsdirekter ass – zumindest bis alles gekläert ass – versat ginn. Aus dem Justizministère kënnt d‘Verspriechen, datt d‘Affär Epstein grëndlech géif ënnersicht ginn. Den US-President huet an der tëscht Uspillunge gemaach, datt de fréiere President Bill Clinton eppes mat dësem „Suizid“ ze dinn hätt.

Et gëtt dann och nach all déi, deenen et guer net gefält, datt de Mann deem virgeworf gëtt, am grousse Stil jonk Meedercher fir déi eegen an déi vun de „Frënn“ sexuell Gefällegkeete mëssbraucht ze hunn, sech net méi viru Geriicht ze veräntwerten huet. Esou beispillsweis de New Yorker Buergermeeschter Bill de Blasio, deen Opklärung fuerdert

Suizidmat indymedia/nyc

Related topics Jeffrey Epstein, Pedophilie, Prostitutioun, Sexuelle Mëssbrauch, Suizid, William Barr
Next post Previous post