Search

You may also like

Hip Hop/Reggae: Kommt och dir op dem „Don gio“ seng release Party
International Neiegkeeten

Hip Hop/Reggae: Kommt och dir op dem „Don gio“ seng release Party

Um Programm: Den Don gio dee sech eng Freed wäert

Salvini gewënnt: déi italienesch Regierung léisst sech op
International Neiegkeeten

Salvini gewënnt: déi italienesch Regierung léisst sech op

Um véier Auer gëschter Nomëtteg huet den italienesche Regierungschef Giuseppe

Brittesch Covid19-Mutatioun: Sechs Fäll a Lëtzebuerg entdeckt
International Neiegkeeten

Brittesch Covid19-Mutatioun: Sechs Fäll a Lëtzebuerg entdeckt

De Staatslabo (LNS) ënnersicht de Moment mat Stéchprouwen 10% vun

TV-Highlight: Germany‘s nächst Kanzler(in)

Si ware beim éischten „Triell“ éischter schlecht… konnten hir Leeschtung awer gëschter bestätegen

TV-Highlight: Germany‘s nächst Kanzler(in)

A 14 Deeg mussen sech eis däitsch Noperen eng nei Regierung, also streng geholl just en neie Bundestag wielen, mee natierlech dréit sech elo déi aner Säit der Musel alles ëm d‘Nofolleg vum Angela „Mutti“ Merkel. Dräi Kandidaten: de Kuelelobbyist Armin Laschet (CDU), den Affekot vum Grousskapital Olaf Scholz (SPD) an eng Fra, D‘Annalena Baerbock (die Grünen).

Mam éischten tëleeviséierte Sommet op der Antenn vum Privatsender RTL, hunn si sech nach missen op en ongewinnte Public astellen, firwat d‘Show éischter peinlech wéi erfollegräich war. Ob et beim Treffen op der Antenn vun ëffentlech-rechtleche Sender ARD besser gouf, hei huet et jo angeblech ee ganz differenzéierte Public, zumindest bezunn op d‘Clientèle vum Privatsender.

Beim éischten Zesummentreffen, gouf zum Schluss den Olaf Scholz als Gewënner presentéiert, an dësem „gréisste Sozialist zanter Marx & Engels“ gëtt dann och d‘Victoire vum zweeten Triell zougestanen. Interessant an ervirzehiewen ass an dësem Kontext, datt et méi Duell wéi Triell war, wëll sech d‘Annalena Baerbock duerch Zeréckhaltung ausgezeechent huet. Et war de verbale Schlagaustausch vun zwee richtege Männer, déi allebéid iwwerzeegt sinn, d‘Kompetenz ze hunn.

Vu Programmer a Richtungsweisenden Aussoe war dës Show net gepräägt, inhaltlech huet kee vun de Kandidaten eppes wierklech Interessantes vu sech ginn, firwat alles bleift wéi et ass. Et sinn also nees d‘Sondagen déi et riichte mussen. Déi ginn ëmmer no esou engem Meeting gemaach, a sinn natierlech Representativ a folgerichteg Walentscheedent. (1.500 Leit goufen no der Sendung befrot)

Am iwwerzeegendendsten soll sech den Olaf Scholz presentéiert hunn (41%), hie wier zudeem och dee kompetentsten (49%). Fir en Affekot mat erhiefleche Gedächtnislücken (Cum-ex / Wire card) an enger interessanter finanzpolitescher Ausriichtung (Sozialofbau) eng exzellent Leeschtung. Just bei der Sympathie huet et Ofstrécher. Hei huet den Olaf Scholz (34%) knapp hannert dem Annalena Baerbock (39%) just den zweete Präis kritt. Si gëllt och mat 41% als déi tatkräftegst Kandidatin.

Scho bal egal oder war do nach eppes?

Interessant un dëser wierklech historescher Wal bei eisen däitschen Noperen: et geet dës Kéier just drëms dee schlechtste Kandidat ze verhënneren. 2021 gëtt an Däitschland weder ee Programm nach ee Kanzler vun den Häerzer gewielt, mee versicht eng politesch Katastroph ze verhënneren. Gutt wier dann awer elo, datt keen et „eleng“ maache kann, an et vill Koalitiounsspillraum huet…

Trotzdeem kënnt een net derlaanscht, sech kuerz op de Fazit vun de Kandidaten ze bezéien. Si hate fir hiert lescht Wuert eng Minutt Zäit. Den Olaf Scholz huet eppes vun der „Entscheedung iwwert d‘Zukunft vun Däitschland“ gebraddelt, déi viraussetzt, datt et bannent der Gesellschaft Respekt a Solidaritéit huet. An den Enquêtëkommissiounen huet den Olaf Scholz genee dat demonstréiert.

Kanzler

De Lobbyist vun der Kuelindustrie, Armin Laschet, wëll „de Kanzler vum Vertraue“ sinn. Hien huet versprach d‘Bürokratie ofzeschafen a wëll och kengem virschreiwe wei en ze liewen huet… Fir déi engagéiert Annalena Baerbock, geet et an éischter Linn ëm den „echte sozialen Zesummenhalt“ wat den Ament, aus villen ënnerschiddleche Grënn net ganz realistesch schéngt. Wouhinner geet et?

Et gëllt aktuell als zimmlech sécher, datt mindestens zwee vun den dräi Kontrahente mussen an enger Koalitioun mat engem Drëtten d‘Regierung stellen. Eng grouss Koalitioun gëtt vun allen Experten a vun CDU an SPD „ausgeschloss“, woubäi déi Diskussioun ass elo och net nei, an huet sech ëmmer nees als „Iwwerzunn“ erwisen. Dee Punkt bleift méi Interessant wéi d‘Wal selwer.

Bild (Screenshot)

Related topics Bertelsmann/RTL, Bundestagswal, CDU/CSU, die Grünen, Propaganda, SPD, Triell
Next post Previous post