Search

You may also like

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli
Meenung

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

D’Protester vun de Jonken weisen hir éischt Wierkung
Meenung

D’Protester vun de Jonken weisen hir éischt Wierkung

Eisen Energieminister Claude Turmes huet gëschter zu Bréissel um Energierot

Trifolion: Fues-Karaoke an CD-Release vu Kammerata Luxembourg
Meenung

Trifolion: Fues-Karaoke an CD-Release vu Kammerata Luxembourg

Den Iechternacher Trifolion mécht op zwee nei musikalesch Evenementer opmierksam,

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen

Sou Chrëschtdag hu mer hannert eis, d‘Famill war do an et war een och bei der Famill, et ass gefriess a gesoff gi wéi wann et muer näischt méi géif ginn an et huet ee sech géigesäiteg och deen een oder anere Kaddo gemaach. An hei gëtt et interessant, well et ass längst net méi nëmmen de Geste deen zielt.

Deen ee weess net wat e soll schenken, deen aneren net wat e mam Geschenk soll ufänken. An esou fënnt ee villes vun deem, wat do wou et gelant ass a net „gebraucht“ gëtt, am Internet erëm. Eng Tendenz déi zanter Jore weider zouhëlt an iergendwéi „ganz normal“ ginn ass. Mee et ass eng Normalitéit déi Froen opwërft.

Gutt eppes ëmtauschen, well et net déi richteg Mooss, Faarf oder wat och ëmmer huet, dat kann ech novollzéien. Datt ee sech och bei verschiddene Kaddoe d‘Fro dierf stellen, wat sech de „Gratulant“ dobäi geduecht huet, kloer, dat huet et ginn a wäert et ëmmer ginn. An esou laang wéi een nach der Meenung war, datt et de Geste ass deen Zielt, war dat jo och an der Rei.

Hautdesdaags kriss de fir de „Geste“ eng Bees op d‘Stir an wann de Kaddo „net dat richtegt“ war, kanns de der dee schonn um aner Moien op iergendenger Plattform zréckkafen. Gutt ganz esou schlëmm wäert et nach net sinn, mee et soll jo just d‘Situatioun beschriwwe ginn. Et wier awer gutt sech emol Gedanken ze maachen.

Gedanken engersäits, op de Konsumwahn nach Zäitgerecht ass; Gedanken anersäits, op et Sënn mécht oniwwerluecht enger Persoun e Kaddo ze kafen, mat deem se näischt ufänke kann. Dat wat een engem Mënsch keeft, just well ee sech genéidegt fillt et ze maachen, trëfft seelen de Punkt. Hei ass ee gescheit, och wann et onperséinlech ausgesäit, en Akafsbong ze wielen.

Laut Etüden an eisen Nopeschlänner – an dat wier dach och bestëmmt eppes fir UNI.lu – ginn esou Joer fir Joer ronn 40% vun alle Kaddoen entweder ëmgetosch, weiderverkaf an heiansdo och einfach entsuergt. Gutt de Geschäftsleit an der „Industrie“ kann dat egal sinn, an et kann ee vläicht laachen, mee och der Konjunktur kënnt dat zerguttst.

Dobäi wier ee gutt beroden, de Kapp ze gebrauchen. An op een et elo huet an net muss ëmkucken, oder een éischter de Euro zweemol an der Täsch muss ëmdréinen, gutt iwwerluecht an d‘Freed um Fest ass duebel esou grouss. Eigentlech huet ee jo och ee ganzt Joer Zäit erauszefanne wat déi, wou e Geschenk solle kréien, och brauchen oder wëllen.

Sou dat gesot muss ech iech loossen. Mir hunn esou därmoosse vill Saachen déi mer nach mussen an den Internet stellen, meng Madamm mengt dann och datt ech misst matgoe fir ëmzetauschen, an meng Knetzele brauchen de Computer fir erauszefannen, wie vu eise Frënn eis Kaddoe verkeeft. Mir hunn do esou eng schwaarz Lëscht musst der wëssen…

Related topics Chrëschtdag, Internet, Kaddoe
Next post Previous post