D’MS Aquarius gezwongen seng Missioun anzestellen
Während Refugiéeë, Migranten an Asyl-Demandeure weider am Mëttelmier erdrénken, ass
Während Refugiéeë, Migranten an Asyl-Demandeure weider am Mëttelmier erdrénken, ass
Wat ee Weekend um Iechternacher Séi! Och an dësem Joer
Mat dësem Motto huet déi gréisste Gewerkschaft am Land, den OGBL, eng Campagne lancéiert, fir esouwuel den Eenzelhandel ze stäerken, wéi och d‘Aarbechtsplazen an dësem Secteur nohalteg ze sécheren. An dësem Kontext gouf et dann och eng Entrevue mam Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP), deem d‘Gewerkschaft déi sechs Proposen erläutert huet.
Säitens dem OGBL gouf betount, datt den Aarbechtsministère hei eng wichteg Roll ze spillen huet, a besonnesch am Bezuch op d‘Aarbechtszäiten, wéi och der Aféierung vun engem sektorielle Kollektivvertrag, de Pouvoir huet op d‘Patronen Afloss ze huelen. Esou ass da bei dëser Entrevue och grousse Wäert drop geluecht ginn, de Wee fir eng Reform vum Gesetz zu de Kollektivverträg anzeschloen. Vum sektorielle Kollektivvertrag profitéiere jo all déi concernéiert Acteuren.
Am Gespréich mam Dan Kersch hunn sech d‘Vertrieder vum OGBL nach eppes méi déifgräifend mat der Fro betreffend d‘Kuerzaarbecht beschäftegt. En Instrument, dat vu gewësse Patronen no eegenem Gusto ausgeluecht gëtt, an derzou féiert, datt vill Salariéeë ganz „flexibel“ hirer Aarbecht nokomme mussen. Wat hei gemengt war huet de Minister gutt verstanen, an de Gewerkschaftler verséchert, datt dat seng Leit an d‘Aarbechtsinspektioun (ITM) entspriechend uecht dinn.
Fir de Recht, soll de Minister Dan Kersch, nach säi groussen Interessi fir d‘Campagne vum OGBL zum Ausdrock bruecht hunn, an dann och eng Rei vun de Proposen als valabel bezeechent hunn. Ob dat schonn duergeet fir dës Ëmzesetzen, a wat de Patronatsverband vun dëse Virschléi hält, muss d‘Zukunft weisen. Mat Géigewier sollt den OGBL allerdéngs rechnen…
Foto: © OGBL – Syndikat Handel