Search

You may also like

De Sproochecafé – Eng Decouverte vun der linguistescher Diversitéit
Kultur Neiegkeeten

De Sproochecafé – Eng Decouverte vun der linguistescher Diversitéit

Ab Enn Februar 2020 gëtt am Drescherhaus zu Dummeldeng nees

money
D‘Industrie stellen sech nees op Produktivitéit an
Kultur Neiegkeeten

D‘Industrie stellen sech nees op Produktivitéit an

Den indesche Stolmagnat wëll d‘ArcelorMittal Standuerter Belval, Déifferdeng a Rodange

Präiserhéijungen a Moossen wann ech gelift!
Kultur Neiegkeeten

Präiserhéijungen a Moossen wann ech gelift!

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) muss feststellen, datt ëmmer méi Verbraucher

Geschichterees am Biodiversum Rëmerschen

Geschichterees am Biodiversum Rëmerschen

Wa Sätz danze léieren, da ginn héchstwahrscheinlech spannend Geschichte geschriwwen oder erzielt. Genau dat ass och um 21. Mäerz am Biodiversum Rëmerschen de Fall. D’Zaubernoss Asbl invitéiert häerzlech op seng Geschichterees, déi Iech d’Konscht vum mëndlechen Erzielen nees méi no brénge soll.

Den ale schwedeschen Erzieldag bilt d’Basis fir den Aktiounsdag, deen zënter 2004 weltwäit ëm den 20. Mäerz organiséiert gëtt. Zil ass et, Geschichten ze deelen, sech um Räichtem vu Biller, Sprooch a Motiver ze erfreeën an een gemitterlecht Zesummesinn ze feieren.

Geschichterees

  • Nature Writing – Samschdes, den 21. Mäerz vun 10:00 bis 13:00 Auer
    Et ass net nei, an awer héichaktuell. Wat eigentlech bedeit, d’Liewen ze schreiwen, léisst sech natierlech am Beschte Moies mat engem Kaffi ausféieren. Esou kritt Dir ee richtegen Energiekick fir Kierper a Geescht. Kleng Schneekegkeeten, Bicker, an fantastesch Iddien erméiglechen et, d’Kreativitéit erausspruddelen ze loossen.
    D’Umeldung ass obligatoresch bis den 12. Mäerz ze maachen (zaubernoss@gmail.com)
    De Workshop kascht 10 €.


  • Owendprogramm – Samschdes, den 21. Mäerz ab 19:00 Auer
    Zesumme mam Muriel Nossem, Frauke Freise, Fahem Abes, Rena Rogge, dem Naceur Charles Aceval, Aurélie de Jonghe, Selle de Vos, Robert Schofield, Sylvie Beythan-Ory an Mara – Dagmar Konermann. Musikalesch begleet gëtt den Owend vum Valérie (Klarinett) a Véronique Klein (Fagott).
    Aus organisatoresche Grënn gëtt ëm eng Umeldung gebieden (zaubernoss@gmail.com).
    D’Entrée ass gratis.


  • Wann Erzieler wanderen – Sonndes, den 22. Mäerz vun 10:30 bis 12:30 Auer
    Kommt mat op eng Rees an d’Natur, begleet vun internationalen Erzielen. Dobäi lauschtere mir hire Geschichten no an erliewen d’Naturschutzgebitt an engem ganz neien, anere Liicht.
    Aus organisatoresche Grënn gëtt ëm eng Umeldung gebieden (zaubernoss@gmail.com).
    D’Participatioun ass gratis.

De komplette Programm, mat weideren Detailer zu de verschidden Erzieler kënnt Dir HEI eroflueden. Mir wënsche vill Spaass!

Opmaacherbild: © Caleb Angel / Unsplash

Related topics Biodiversum Rëmerschen, Erzielen, Geschichterees, Nature Writing, Naturschutzgebitt, Zaubernoss Asbl
Next post Previous post